Happy Places

Eleng ze reesen ass eng nei Passioun fir mech ginn. Ech hunn dëst Joer trotz Corona en puer aussergewéinlech Plaze fonnt. Am In- an Ausland, meng Happy Oasen déi ech mat Iech deele wëll…

Eng vu menge Liblingsplazen ass de “chalet du lac”, www.leschaletsdulac.be zu Bütgenbach an der Belscht. Virun zwee Joer hunn ech dës Plaz duerch Recherchë fonnt an zanter hier fueren ech sou dacks et geet dohin. Bütgenbach ass eng gutt annerhallef Stonn vun der Stad ewech. “Les chalets du lac” leien direkt um Bütgenbacher Séi. Et si kleng Holzhaisercher wou een zu véier ka schlofen, mat Kanner och zu sechs. An den Holzhütte fënnt een och eng Sauna oder an nach eng Whirlpool. D’Hütte léien ausserhalb vum Duerf fir sech ganz eleng a banne kann een de Chalet mat engem Uewen hëtzen. Wann een seng Rou sicht, ass dës Plaz einfach just immens. Et kann een en Rondgang ronderëm de wonnerschéine Séi maachen, dat sinn 10 Kilometer, dat heescht fir all déi di gär trëppele ginn ass dës Happy Place derwäert, dono kann een sech et an der Sauna sou richteg gutt goe loossen a beim Uewe chillen, wat wëll ee méi? An den Hütte sinn och Hënn erlaabt.

 

 

 

 

Eng aner vu mengen Happy Places ass de “Marissa Ferienpark” um Dümmerséi, www.marissa-ferienpark.de. Den Dümmerséi an Däitschland ass gutt véier Stonne vun der Stad fort. Dëse ganz neie Ferienpark ass e Paradäis fir Familljen. Am Park kann een Haiser mat Sauna an oder och Whirlpool lounen. D’Hënn sinn deelweis och erlaabt. Dann huet een awer och nach d’Méiglechkeet sech en Appartement ze huelen, do huet een eng enorm Vue op de Séi. Dës Appartementer kënne souguer fir eng länger Zäit gelount ginn, fir Businessleit ass dat eng interessant Saach. Ausserdeem kann ee wonnerbar och hei ronderëm de Séi spadséiere goen, mam Vëlo fueren oder Wasseraktivitéiten ausüben. Den Dümmerséi ass nämlech bekannt fir seng super Konditioune fir ze seegelen. Den Marissa Ferienpark ass en bëssi wéi ee klengt Duerf mat Restauranten, engem Shop an den absolutten Highlight ass d’Sauna um Séi. Hei kann een seng Wellnessvakanz perfekt mat Aktivitéiten a Familljenzäit kombinéieren.

 

  

     

 

Hei am Land hunn ech och eng genial Plaz entdeckt, fir Vakanz heiheem ze maachen. A Clausen läit “The Twin Cottage”, www.twincottage.lu. En aalt Haische wat mat ganz vill Léift zum Detail renovéiert an dekoréiert gouf. Den absolutten Hinkucker ass déi wonnerschéin Terrasse mat Vue op Clausen. De Cottage ass perfekt fir sech mol en Weekend mat sengem Schnucki eng Auszäit ze gënnen oder fir mat Frëndinne mol en Weekend ënner sech ze verbréngen. Hei fillt een sech wéi an der Vakanz an dat matzen am Zentrum, wou een d’Stad ganz nei entdecke kann.

 

 

 

An der Provence a Frankräich hunn ech dëse Summer dann eng weider Happy Place fonnt. La Providence, www.laprovidence-luberon.com, bei Apt. Wien dat ganz Besonnescht sicht ass hei richteg. Ech wollt Rou fannen an hunn mech wéi am Himmel gefillt. La Providence si puer Haiser déi wéi en Duerf ausserhalb leie mat enger immenser Vue op de Luberon. Et héiert ee soss näischt wéi d’Grillen an et richt een de Lavendel. Hei kann een Deeler vun Haiser, en ganzt Haus oder Zëmmere lounen. Déi ganz Anlag ass frësch renovéiert gi mat ganz vill Goût. De Charme vun der Provence ass erhale ginn, an den Zëmmer wéi och ronderëm. An dann déi Schwemm mat där Vue. Et ass déi schéinste Schwemm déi ech bis elo gesinn hunn mat esouvill Charisma. D’Propriétairë sinn immens léif, si hunn déi lescht Méint mat ganz vill Léift alles renovéiert a sinn nach nik fäerdeg. Si zerwéieren engem Moies de Kaffi, bei dësem kann een nik nëmmen déi herrlech Vue genéisse mee och nach déi bescht Croissanten. Ech sinn total verléift an dëst klengt Paradäis.

 

 

 

All dës Plaze sinn eenzegaarteg op hir Aart a Weis an alleguerte wäerten se dech verzauberen. Versprach.

 

Mady Lutgen

 

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply