The Place to be

Ween kann sech nik méi un de fréieren Didj zu Hollerech um Bouillon erënneren? Wat waren dat schéin Zäiten ! Ma d’Pauline an d’Manon loossen dës Raimlechkeeten elo erëm operstoen an zwar als eng Eventlocation…

 

 

Fir mäin 40. Gebuertsdag war ech op der Sich no enger ganz spezieller Location. Et sollt grouss sinn an zentral mat vill Parkméiglechkeeten. Fir esou eng Location ze fannen ass bal onméiglech…bis ech op de Chouchou gestouss sinn. De Chouchou ass riseg a besteet aus engem Deel Bar a grousse Raum fir ze danzen oder ziessen. Bei der Dekoratioun trëfft d’Natur op Kitsch, dat alt mat dem Neie verbonne wierkt super modern. Uewen ass dann nach en weidere groussen Deel am Chaletstyle fir wann ee wierklech wëll en risegen Event organiséieren oder zum Beispill en Firmeniessen oder Hochzäit plangt. Op 500 Meter Carré sinn den Organisateure keng Grenze gesat. Praktesch ass och, dass eng grouss Kiche sur Place ass. An fir de Summer fënnt ee keng méi flott Terrasse. Ma och punkto Sound and Light ass de Chouchou perfekt ausgestatt an och en DJ Pult dierf natirlech nik feelen.

 

 

Thema vun der Soirée war “Welcome to the Jungle” an si hunn d’Luuchten esou agestallt, dass ee vun de Faarwe wierklech gemengt huet am Dschungel ze sinn. Wann dir zu Honnerte Leit feiere wëllt oder just d’Bar wëllt lounen, alles ass méiglech. Et kann een och just de Bar lounen fir méi ee klengen Event. D’Pauline an d’Manon schaffe mat verschiddene Partner zesummen, sou dass dir iech och ëm d‘Dekoratioun, d’Iessen an d’Drénke keng Gedanke braucht ze maachen, dorëms këmmere si sech wann dir dat wëllt. Parke kann ee fir 24 Stonne gratis, direkt dobäi um Bouillon a wann een nik méi wëllt heemfuere fënnt een en puer Meter ewech schonn déi bekanntst Hoteler.

 

Loscht op een Event? Dann mellt iech ganz einfach beim Pauline a Manon, si freeën sech op iech: hello@chouchou.lu!


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply