Mir brauchen dech!

De MADI Magazine gëtt et elo 4 Joer an ouni iech géif en nik méi existéieren. De Magazin liewt vu Publicitéit an de Verkaf vu Memberskaarten…

“Géifs du et nach eng Kéier maachen, de Magazin ze grënnen”  ginn ech dacks gefrot? A meng Äntwert ass ëmmer „Jo“.

Mee ech wëll éierlech mat dir sinn. Et ass nik ëmmer einfach. Zemools d’Phase vu Corona huet de Magazin an existenziell Problemer geheit wou en sech lues a lues erëm erhëlt. De Magazin huet nach kee Joer existéiert wéi Corona komm ass an ech hat nach keng Récklagen. Ech hunn ¾ vu menge Werbe-Partnerschafte wärend där Zäit verluer a wosst nik ob et iwwerhaapt géing weidergoen. Dee Moment huet de Verkaf vun de Memberskaarten de MADI Magazine gerett.

Zu Lëtzebuerg kritt een als Medie Pressehëllef, ech hunn eng Pressekaart, leider kann ech déi nik ufroe well mir mindestens zu 2 Journaliste misste fest agestallt sinn. Viru Corona war dat de Plang, ma elo geet et drëm de Magazine als éischt mol erëm ze stabiliséieren an dofir schaffen ech just mat Freelancejournalisten…

Ech wëll sou mann wéi méiglech Publicitéit maachen, well et fir mech wichteg ass, dass de Magazin authentesch ass. Dofir ass et ëmsou méi wichteg dass vill Memberskaarte kaaft gi fir dass MADI nik méi sou op Publicitéit ugewisen ass.

Ech wëll ewer och dass madi.lu accessibel fir all  Mënsch ass, dofir schaffen ech nik mat Abonnementer wou een all Mount muss bezuele fir d’Artikele kënnen ze liesen.

 

 

MADI wäert 2023 méi kleng Eventer a Workshopen ubidden an ewer och Self Love Retreats, wat ech nach méi wäert ausbauen, well eng grouss Demande do ass a well ech och lo eng Formatioun als Life Coach maachen an dat Wëssen nik nëmmen an Artikele mee och am „real Life“ wëll weiderginn.

Firwat maachen ech dat? Ech fillen, dass mir all no Rezepter siche fir dass et eis besser geet, fir dass mir eis besser fillen an ech sinn op der Sich no deene Rezepter a ginn se gär un iech weider well et mech frou mécht wann ech gesinn, dass se och anere Fraen hëllefen an dat op Lëtzebuergesch well dat d’Sproch ass déi mäin Häerz schwätzt.

Wanns Du MADI gutt fënns, mol een Artikel gelies hues dees Du interessant fonnt hues oder een Event dann huel wgl  Memberskaart. Éischtens fir MADI ze ënnerstëtzen an ewer och fir Reduktiounen op de MADI Events ze kréien, bei de Workshops ewer och bei de Retreats sinn et ëmmer Reduktioune vu 25, 50 bis zu 100 Euro. Et lount sech op alle Fall.

 

Bis zum Enn vum Joer hunn mir eng special Christmas Offer:

25 Euro fir eng normal Memberskaart am Plaz vu 50 Euro

A 50 Euro fir eng VIP Memberskaart am Plaz vun 90 Euro.

 

Maach mir ganz einfach en Digicash op de 691958301 mat denger E-mailadress oder iwwerweis d’Suen op de Konto MADTRUST S.àr.l, BCEE IBAN LU 950019535559255000 mat dengem Numm a mat denger E-mailadress.

 

Ech schécken dir am Januar en Link op deng Emailadress woumats Du dir d’Memberskaart op den Handy kanns installéieren.

 

Ech soen Dir villmools Merci fir deng Ënnerstëtzung a wënschen Dir ganz schéin Feierdeeg.

Däi Mady


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply