Jo oder Nee?

Global gekuckt, gesi mir e kloren Trend, datt ëmmer manner Koppelen sech bestueden, An de leschte Joerzéngte sinn d’Hochzäiten wesentlech gefall. An den 1960er Joren hu sech vill méi Verléiwten bestuet, während haut méi Leit zesumme wunnen ouni bestued ze sinn. Vläicht sinn mir zevill geprägt vun schlechten Bestiednisser vun eisen Virfahren, dass mir manner den Schratt woen…

Fir vill Leit ass trotzallem d’Bestiedniss en schéinen a wichtegen Akt, deen d’Léift, d’Famill, a rechtlech a sozial Bindungen feiert. Obwuel net jidderee sech fir d’Bond vum Liewen entscheed, gesinn déi, déi et maachen, dacks en immaterielle Wäert, deen iwwer all Pabeierwäert erausgeet…

A wann ee sech bestued, dann awer sou richteg mat allem drum und dran, dann gëtt op d´Tromm geschloen. Zwee Joer brauchen Kopplen an der Moyenne fir hir Hochzäit ze plangen. Normal dass dowéinst Hochzäitsfoiren boomen…

Dës sinn net nëmmen eng Geleeënheet, fir déi neisten Trends a Saache Bestueden ze entdecken. Si bidden zukünftege Brautkoppelen eng wäertvoll Erfarung, déi bei der Planung vun hirem groussen Dag hëllefe kann.

 

 

  1. Inspiratioun fir de grousse Moment

Eng Hochzäitsfoire gëtt de Koppelen eng Vielfalt vun Iddien a Kreatiounen fir hire speziellen Dag. Vum Brautkleed iwwer Dekoratioun bis hin zum perfekte Sall – eng Hochzäitsfoire bréngt alles op eng Plaz. Hei kënnen d’Koppelen verschidde Stiler an Trends entdecken a gesinn, wat am Beschten zu hirer Visioun passt.

 

  1. Perséinleche Kontakt mat Déngschtleeschter

Op enger Hochzäitsfoire kann een direkt Kontakt mat verschiddenen Déngschtleeschter ophuelen. Egal ob Floristen, Fotografen, Caterer oder Weddingplaner – D´Koppelen kënnen op der Plaz mat hinnen schwätzen, Offeren vergläichen a besser aschätzen, mat wiem si wëlle kollaboréieren. De perséinleche Kontakt erliichtert et, Vertrauen opzebauen a sécherzestellen, datt d’Déngschtleeschter d’Wënsch vun der Koppel verstinn, et ass wichteg op enger Wellenlängt ze sinn.

 

  1. Käschten- a Zäitspueren

Amplaz vill eenzel Rendez-vousen ze organiséieren, bidd eng Hochzäitsfoire eng zentral Plattform, fir vill Déngschtleeschter op engem Dag kennenzeléieren. Dat spuert net nëmmen Zäit, mee och Opwand. Vill Déngschtleeschter bidden och op der Foire speziell Remisen oder Offeren un, déi de Koppelen hëllefen, an hirem Budget ze bleiwen.

 

  1. D’Famill a Frënn abannen

Fir vill Koppelen ass et wichteg, hir Famill a Frënn an d’Hochzäitsplanung anzebannen. Eng Hochzäitsfoire ass eng super Geleeënheet, fir zesumme Iddien ze sammelen an Inspiratioun ze fannen. Familljememberen, besonnesch d’Elteren a bescht Frënn , si frou, um Prozess deelzehuelen a kënnen op der Foire hir Meenungen an Rotschléi deelen.

 

  1. Erliefnes a Virfreed

Eng Hochzäitsfoire ass net nëmmen informativ, mee och en Erliefnes. Modeschauen, Live-Musek, Snacks vum Catering a Virstellunge vu Fotografen droen zur Virfreed op de groussen Dag bäi. Et ass eng Méiglechkeet, zesumme mam Partner,  der Famill an den Frënn vum Hochzäitsdag ze dreemen an konkret Pläng ze maachen.

 

  1. Planungssécherheet

Vill Koppelen, déi eng Hochzäit plangen, sti virun enger riseger Zuel vun Entscheedungen. Op enger Hochzäitsfoire kënne si sech grëndlech berode loossen a konkret Pläng ausschaffen. De perséinleche Kontakt mat den Déngschtleeschter an Experten gëtt Sécherheet a hëlleft, Onsécherheeten a Froen direkt ze klären.

 

  1. Trends a Neiheeten entdecken

Op Hochzäitsfoiren presentéiere vill Aussteller hir neiste Produkter a Servicer. Koppelen kënnen hei déi aktuell Trends kenneléieren, déi si vläicht soss net matkréichen. Vun innovativen Dekoratiounen iwwer nohalteg Hochzäitskonzepter bis hin zu individuellen Kaddoe fir d’Gäscht – eng Hochzäitsfoire bidd en iwwergräifenden Iwwerbléck iwwer dat, wat grad am Trend ass.

 

Sou en Salon ass also eng onersetzlech Quell vun Inspiratioun a Planungssécherheet. Si bidd net nëmme praktesch Virdeeler wéi Zäitspueren a perséinlech Berodung, mee dréit och zur Virfreed op dëse speziellen Dag bäi. Di Léif kënnen aktiv an de Planungsprozess agebonnen ginn, wat den Hochzäitsdag nach méi emotional a bedeitend mécht.

 

 

Ob een sech elo bestied oder net bleiwt eng individuell Entscheedung an déi Fro kann just dat eegent Bauchgefill décidéieren. Ma wann een „Jo“ seet dann lount et sech op alle Fall op eng Hochzäitsfoire laanscht ze goen…

 

Eisen Tipp:

De Salon „Letzmarry“ deen den 26. an 27.10 am Chouchou an der Stad stattfënnt.

Méi Infos fannt dir op www.letzmarry.lu!

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply