Let’s fall in Love

Single ze sinn, maach fir vereenzelt Leit zwar Spaass a Fräiheet bedeiten, fir déi meescht ass eleng sinn awer net de wënschenswäerte Bezéiungsstatus. Virun allem am méi héijen Alter, wann de laangjärege Partner vläicht scho verstuerwen ass oder et einfach ni mat enger Persoun klappe wollt, dinn sech vill Singele schwéier, nei Kontakter ze knüpfen a vläicht de Mann oder d’Fra fir d’Liewen ze fannen. Dobäi kënnt, dass een iergendwann och vläicht manner kompromëssbereet gëtt oder einfach genee weess, wat ee wëll a virun allem net wëll – e Facteur, deen d’Sich no der “besserer” Hallschent natierlech net vereinfacht.

“Bei Bezéiungen tëscht Mënschen aus enger gewëssener Alterskategorie spillt natierlech och de ganze Volet Naupe mat, oder et kommen Aussoe wéi: ‘Ah nee, ech wäschen net méi engem anere säi Kalzong!’”, verréit och d’Carole Van der Zande déi Ticken, déi oft beim Thema Single am Pensiounsalter matspillen. D’Chargée de direction vum Club Senior an der Loupescht huet zanter e puer Méint relativ vill mat eeleren Elengstehenden ze dinn, well säit September gi vun de Club Seniore vun der Croix Rouge aus speziell Events fir Singelen organiséiert. “2020 hu mir wärend der Pandemie gemierkt, datt mir Méi haten eis Clients ze erreechen a fir si do ze sinn”, erkläert d’Carole den Hannergrond vun dësen Events.

Virun allem d’sozial Isolatioun, an der sech elengstehend eeler Persoune souwisou oft befannen, ass fir vill Leit duerch de Confinement nach méi grouss ginn, esou dass den Ekippe vun de Club Senioren d’Iddi komm ass, speziell op des Bevëlkerungsgrupp zougeschnidden Aktivitéiten ze organiséieren. Dobäi ginn et dräi grouss Objektiver, déi och déi aner Programmer vum Service 50+ zum Zil hunn: d’Vereinfache vum Iwwergang vu Beruffsliewen an d’Pensioun, de Volet Life-Long-Learning an déi uewe genannte Präventioun vum sozialen Isolement. “De Prinzip, dee mir mat de Single Events verfollegen, ass a ganz villfältege Beräicher Input ze bidden, sief et bei Visitten, Trëppeltouren oder Quiz-Nomëtteger. Dobäi gëtt et natierlech och genuch Fräizäit, déi et de

Participanten erlaabt, einfach zesummen ze sinn an sech ze ënnerhalen an dat Ganzt kënnt relativ gutt u bis elo”, esou d’Carole.

 

 

Beim éischten Treffe goung et fir déi 20 ugemellte Pensionären op eng Marche Gourmande, bei der sech direkt awer en éischte Problem gewisen huet: “Et gëtt generell eng immens Disbalance tëscht Männer a Fraen, dat heescht beim éischte Single Event hu 15 Frae matgemaach a just 5 Männer.” Och bei der zweeter Aktivitéit, enger Besichtegung vun enger Brennerei, waren et en Total vun 8 Fraen a just 2 Männer. “Mir encouragéieren d’Leit dofir, anerer matzebréngen a maachen och fir all Event en Appell iwwer Facebook”, verréit déi Responsabel. D’Konditioune fir matzemaache sinn dobäi zimmlech easy: et muss ee 50+ sinn, nach e Minimum mobil (mat Rollstull si vill Aktivitéite leider schwiereg, ma mam Bengel oder Rollator ass et awer kee Problem) a natierlech Single – soss mécht dat Ganzt jo kee Sënn.

“Fir Singelen ass et oft ustrengend mat Koppelen ënnerwee ze sinn, well se dann dauernd virun A gehale kréien, dass se eleng sinn. Hei kréie mir vu villen d’Ausso, dass se sech wuel fillen, einfach well se all de selwechte Bezéiungsstatus hunn”, seet d’Carole. Dobäi ass den Alter vun deenen, déi matmaache relativ variabel – e schwankt oft vun Enn 50 bis déck an déi 70 – an d’Grënn fir d’Deelnam interessanterweis och. “Net jiddereen ass wierklech op Partnersich. Et ass jo och e gewësse Spaassfaktor dobäi a vill Leit siche vläicht zwar eng Partnerschaft, mee net forcement am klassesche Sënn”, esou d’Carole. Mol géif uerdentlech geflirt ginn, mol missten déi wéineg Männer sech fir e puer Minutte virum Fraenundrang retten, mol wier direkt am Ufank fir vereenzelter ofzegesinn, dass haut kee fir si dobäi ass, a mol géifen sech och einfach gutt Frëndschafte bilden.

“Et sinn zum Beispill bei deenen Events, wou ech mat dobäi war, zwou Dammen erëmkomm, déi sech hei kennegeléiert haten a sech immens gutt verstanen hunn”, verréit déi Responsabel. Zu hinne gehéiert d’Irmgard, wat mat 60 ouni Mann a Kanner familiär gesinn eleng do steet an op der Sich no neie Bekanntschafte war. “Ech si säit 2020 an der Pensioun a säit 3 Joer elo Single. Et gi leider net esou vill Méiglechkeeten zu Lëtzebuerg, fir nei Leit a mengem Alter kennen ze léieren, zemools wann ee wéi ech an engem klengen Duerf um Land wunnt”, verréit d’Pensionärin. Si wéilt dofir bei de Single Events Leit kenneléieren, déi vläicht och ausserhalb emol eppes wéilten ënnerhuelen oder aus der Géigend wieren, well och wann d’Irmgard net méi un d’Fanne vum Mann fir d’Liewe gleeft, ass si nawell net gär eleng.

“Ech ka mir net méi virstellen, 24 op 7 nach eng Kéier e Mann ronderëm mech hänken ze hunn, dofir sinn ech ze festgefuer a menge Reegelen a Gewunnechten, ma ech entdecken awer ëmmer nees Momenter, déi zu zwee einfach méi Spaass maachen”, esou déi 60-Järeg. E gutt Owesiessen am Restaurant, eng Rees an e neit Land oder e gemittleche Weekend am Wellness wieren an der Koppel oder zu zwou Frëndinnen dach méi flott, wéi eleng, dofir géif si eng Partnerschaft oder Frëndschaft op Aenhéischt sichen, mat deem néidege Fräiraum. Genau heifir sinn d’Aktivitéite vun de jeeweilege Club Senioren, déi queesch duerch d’ganzt Land ugebuede ginn, eng flott Geleeënheet. “Ech war bis elo bei zwee Events dobäi a béid Kéiere war eng immens flott Ambiance tëscht de Leit. Bei der Wanderung koum een dauernd mat engem aneren an d’Gespréich an ech hunn esouguer en gudde Bekannte vu mir dobäi erëmgesinn”, verréit d’Irmgard.

Dass manner Männer ewéi Fraen un den Events deelhuelen, erkläert si sech esou: “Ech mengen, dass Männer sech generell manner trauen, sech als Single ze oute, well se domat géife Schwächt weisen. Fir eis Fraen ass dat denken ech méi einfach. An da muss ee jo och soen, dass reng demografesch gesi wat ee méi al gëtt, et och manner Männer gëtt, dat spillt natierlech och mat.” Ma d’Pensionärin hofft, dass an Zukunft méi männlech Kandidaten de Wee op d’Events fannen, schonn eleng wéinst der Diversitéit a well een awer – op Mann oder Fra – direkt Uschloss fënnt, wann een dann e Minimum oppen ass. “Déi Madamm, déi ech hei kennegeléiert hunn, reest vill a mat hir konnt ech direkt vill Informatiounen austauschen. Et war och eng Kéier een Här dobäi, deen ech interessant fonnt hunn, mee vu dass ee keng Donnéeën hannerléisst an dat am Eifer des Gefechtes och oft einfach vergësst, hunn ech seng Adress missen um Internet erausfanne fir em da ganz almoudesch eng Kaart ze schécken”, esou d’Irmgard.

 

Aus dem spontane Flirt ass zwar net méi ginn, ma esou Bekanntschafte wiere nawell eng gutt Ofwiesslung zum gewinnten Alldag an och einfach flott, wann een eleng ass. D’Zil vun den Aktivitéiten ass et dobäi jo och net, Vermëttlung mat Profilangaben ze maachen, mee einfach de Kader ze stellen, an deem jidderee kommen dierf, wéi en ass an d’Ekipp dofir suergt, dass en och Uschloss fënnt – op mat oder ouni Romantik. Eleng bleiwe mécht zumindest wärend den Aktivitéiten deemno keen, well genee dat soll jo vun de Club Seniore virgebeugt ginn. “De Mënsch ass e Ruddeldéier wat sozial Kontakter brauch, egal ënner wéi enger Form”, bestätegt d’Carole. Fir déi, déi awer effektiv op Partnersich sinn, sinn déi organiséiert Single Events dann och definitiv eng besser a virun allem méi sécher Alternativ, wéi Online-Plattformen oder Dating-Apps.

“Mir jugéiere Saache wéi Facebook Dating oder Tinder als relativ geféierlech fir Senioren. Éischtens setze béid jo scho mol viraus, dass ee gewësse Social Media Kommunikatiounskompetenzen huet, wat bei ville Leit an engem bestëmmten Alter einfach net méi de Fall ass, an et ginn och vill Fake Profiller oder Fäll vun immateriellem Chantage oder Belästegung. Dat ass bei eent-zu-eent Kontakt natierlech anescht”, esou d’Carole. Bei den Events vun de Club Seniore wiere gestanen, reflektéiert a virun allem vill interessant Leit dobäi, déi duerch de Kontakt zu aneren och nees nei Energie a Liewenskraaft fannen. “De Problem ass jo, dass wann een amgaangen ass an en Isolement ofzerutschen, een sech oft scho vun aneren ofkapselt, dofir si mir och op d’Famill, Frënn oder Noperen ugewisen, déi déi Betraffen oder eis drop opmierksam maachen, fir dass de Schratt zréck an d’Gesellschaft kann ënnerholl ginn.”

Well och am Pensiounsalter ass e neit Kribbele mat Päiperleken am Bauch keng Raritéit an eppes, wat een nach erliewe kann, och wann een et heiansdo vläicht guer net méi sou erwaart. A wann net, da bleiwen d’Single Events nawell eng gutt Chance fir nei Kontakter ze knüpfen a vläicht aner Relatiounen opzebauen, esou d’Carole. “Déi meescht Fraen, mat deenen ech bei den Events geschwat hunn, haten sech einfach ugemellt fir e bëssen erauszekommen a mat Leit ze schwätzen. Ech fannen d’Iddi wierklech flott, well wann ech doheem hocken, da léieren ech kee kennen a bevir ech am heulenden Elend versenken, maachen ech da léiwer bei organiséierten Events mat”, fënnt och d’Irmgard.

Hatt wéisst déi vill ugebueden Aktivitéite fir Senioren am Land ze schätzen, well nach laang net iwwerall géif esou vill fir seng Generatioun gemaach ginn, ewéi hei. “Säit ech bei de Single Events ugemellt war, kréien ech d’Kataloge vun de Club Senioren a wann ech de Programm do dra kucken, kéint ech de ganzen Dag beschäftegt sinn.” Eppes huet d’Pensionärin dann awer ze bemängelen, an dat ass de Numm vun den Events: “De Begrëff Senior verbannen déi meescht mat Leit am Greisenalter, déi mam Rollator ginn. Ech hu schonn e puer Bekannte vun den Aktivitéiten erzielt a krut oft d’Reaktioun: ‘Esou al fillen ech mech dann awer nach net!’ an dat ass wierklech schued. Vläicht kéint een et 50+-Veranstaltung nennen, da géifen och vläicht méi Leit sech ugesprach fillen.” Och de Begrëff Single fënnt d’Irmgard semi-optimal, well et jo awer finalement net eng Partnerbörse wéi bei de bekannten Apps ass, mee éischter einfach en Treffpunkt fir all déi, déi eleng sinn – ebe Leit wéi hatt, déi trotz Pensiounsalter nach mat béide Féiss am Liewe stinn, an dat och gär mat aneren deele wëllen.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply