500 Km- Léift

An wien en sech verléift sicht ee selwer net raus, an sou hunn ech mech enges Samschdes Owes zack an en Mann verléift dee 500km weit wech wunnt. Am Ufank hunn ech mir bei mengem klenge grousse Coup de foudre absolut näischt dobäi geduecht, well ech jo wousst, dass een sech net alldeeglech ka gesinn an hie keng Zukunft a Lëtzebuerg uviséiere géif. Ech wollt der Saach trotz allem eng Chance gi well de Knall zimmlech grouss war a mäin Häerz mech staark gedriwwen huet… an eng Fernbezéiung! Meng Weekender hunn ech ab dësem Moment um Findel am Zuch oder um Schëff verbruecht.

Dat Schéinst un enger Fernbezéiung ass, ze gesinn, dass Léift grenzelos ass an een sou an nei Länner oder Kulturen antauche kann. Et ass eng aner Form vu Bezéiung bei der net d‘Unzuel un den Dates entscheedend ass, mee einfach d’Qualitéit vun der Zäit a gemeinsam Momenter. Ech hunn mech dësem Mënsch verbonne gespuert an hat ni d‘Gefill, dass mir zwee verschidde Liewe féieren a 500 km vun enee getrennt sinn.

 

 

Nodeems ech aus der „Valise liewen“ fir mech perfektionéiert hat, ass d‘Sehnsucht Owes zesummen anzeschlofen ëmmer méi grouss ginn. Niewent dem Wonsch méi schnell, méi no ze sinn, hunn ech d‘Erausfuerderungen déi sou eng Fernbezéiung mat sech bréngt kennegeléiert. Et wär schwéier Frënn a Famillen nach reegelméisseg ze treffen, net jidderee wär dëser Aart un Bezéiung offe géigeniwwer an déi eegen Angscht vun de Leit sou ee Schrëtt ze woe gouf mir ëmmer rëm ongefrot matgedeelt. Och Virurteeler, gekoppelt mat Froen a Form vu „Wéini gitt dir zesumme wunnen“, „Wei geet datt lo weider mat iech?“, si mir als negativ Erënnerung bliwwen. Iergendwann hunn ech dëst Froen-Äntwert-Spill zum Schutz vun eiser Bezéiung beendegt an einfach just meng schéi Bezéiung genoss. Mee wéi kann eng Fernbezéiung iwwerhaapt funktionéieren?

Hei en puer Tipps:

  • Profitéier vun der medialer Technik. Wat fréier per Bréifdauw an endlose romantesche Bréiwer hin an hier geschriwwe gi ass, vereinfacht haut den Handy mat Facetime, Whatsapp a Weideres fir reegelméisseg a Kontakt ze bleiwen.
  • Eng Partie Organisatiounstalent hëlleft dir fir zesummen ee Planning ze erstellen a Familljefester oder Gebuertsdeeg mateneen ze verbréngen.
  • Däin Frëndeskrees wäert aus Zäitgrënn méi kleng ginn, mee trei Frënn bleiwe weiderhin an dengem Liewe present a bréngen Toleranz fir verschidde Liewensmodeller mat.
  • Et ass d‘Vue an d‘Astellung déi ee perséinlech huet, wat fir déi eng een No-Go ass, ass fir een aneren een Abenteuer. Et bléift eng individuell Häerzensungelegenheet déi een net pauschaliséiere kann.
  • Denk ëmmer drun et ass just eng raimlech Trennung fir de Moment, déi net een Dauerzoustand muss bleiwen.
  • Bei all Iwwerleeung fir eng gemeinsam Zukunft opzebauen oder zesumme wunnen ze goen, solls de dir bei denger Entscheedung sécher sinn. Och wann et keng Garantie fir Léift gëtt, deem anere Scholdgefiller ze maachen, ass een No-Go.

 

 

Déi grouss Fro déi ech mir natierlech gestallt hunn, huet eis Fernbezéiung ee Verfallsdatum a wat sinn eis Zukunftsprognosen?

No 5 Joer hin an hier ass bei eis iergendwann den Dag komm fir nozedenken, wei mir zesummen ee Liewe kënne gestalten. Ech hunn mir ëmmer rëm gesot, dass ech Léift net un engem Standpunkt géing festmaachen, an sou ware mir Allenzwee beméit eng Léisung ze fannen.

Haut si mir bestuet, hunn ee Kand an ee gemeinsame Liewensmëttelpunkt fonnt. Mir sinn de Beweis dofir, dass aus enger Fernbezéiung eng Libesgeschicht mat Happy End kann entsoen. Falls Du och an deem Fall solls sinn: „Du brauchs just en bësse Mutt a Vertrauen an da loossen sech Kilometere verréngeren. Mee wann d’Léift echt ass, wäert sech dono all Kilometer Entfernung bezuelt maachen.“

 

 

Nathalie Goerens


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply