Séiss Verféierung

Wat wier Chrëschtdag ouni d‘Bûche? Mir weisen iech wéi dir de Klassiker doheem kënnt backen. Mir hunn fir iech d’Geheimrezept vum Anne senger Bomi Jacqueline kritt.

Biscuitrull:

-4 Eegiel

– 4 Iessläffel waarmt Waasser

– 100 gr Zocker

– 1 Pack Vanillszocker

– 4 Eewäiss

– 25 gr Zocker

– 75 gr Miel

– 50 gr Maizena

– 1 klengen Läffel (glaat gestrach) Bakpolver

4 Eegiel mat 4 waarm Iessläffel Waasser schaumeg réieren mam Mixer. Lo déi 100 gr Zocker mam Vanillszocker lues derbäi gi an stänneg weider mixen. (ongeféier 10 Minutten)

An der Tëschenzäit 4 Eewäiss mat 25 gr Zocker zu engem Schnéi klappen. Den Schnéi zu der Zocker-Eeermass derbäi gi an d’Miel drop sieben. Alles mat engem Schnéibiesem drënner hiewen.

En Bakblech anuelegen an Pergamentpabeier drop leen. Do drop eisen Biscuitsdeeg schëdden an glat verreiwen mat engem Messer sou datt se gläichméisseg ass. Bei 180 °C Ober-und Unterhitze fir 10-15 Minutten baken. Den Biscuit soll just liicht brong sinn, dat geet duer, well soss gëtt se ze haart an léisst sech net gutt rulle.

Dono den Biscuit aus dem Bakblech tippen, an op eent mat Zocker bestëbst Kichenduch leeën.

Dann op den Biscuit eent fiicht Duch leeën an mam ënneschten Duch (zesummen) rullen. Mat Lastiker op den Ecker zou strecken an d’Rull Biscuit kal (Zëmmertemperatur) gi loossen.

 

 

 

Bottercrème:

-375 gr Botter (gutt mëll, Zëmmertemperatur)

-3 Eeër (net kal)

-150 gr Zocker

De Botter mam Mixer réieren fir eng hallef Minutt. D’Eeër mam Zocker um Bain-marie fir 10 Minutten klappen mam Mixer bis déi Mass bal wäiss ass. Erof huelen an kal (Zëmmertemperatur) gi loossen.

Lues an lues d’Eeër-Zocker Mass bei den Botter derbäi gi an mat engem Schnéibiesem glat réieren.

Elo ass d’Bottercrème “wäiss”.  Mir hunn en bëssen dovun erausgeholl (2 Iessläffelen) fir herno als Dekoratioun ze benotzen. Dat Meescht hunn mir mat Kaffi gemëscht. Dofir einfach 2 Iessläffel Nespresso Gold mat Waasser opléisen an ënnert Bottercrème mëschen.

En plus wann een wëll gréng Blieder formen, kann een en bëssen d’Bottercrème mat Liewensmëttelfaarf fierwen.

Garnitur:

D’Biscuitrull erëm aus dem Duch huelen an ausrullen sou datt se platt do läit. Elo ongeféier en halwen Zentimeter déck mat der Kaffi-Bottercrème besträichen. Nees zesummen rullen. Déi zwee Ecker (Enner) schif ofschneiden. Op den Enner hunn mir déi wäiss Bottercrème benotzt, an mir hunn eng Tranche benotzt fir op Bûche ze leeën fir eng Aart Bamstamm ze kreéieren. Do kënnt dir awer machen wéi dir wëllt. Déi ganz Bûche mat Bottercrème besträichen an lo kënnt dir ärer Fantasie fräien Laf loossen fir d’Dekoratioun.

Et kann een op den Enner vun der Bûche och sou eng Aart vun Bamstamm drop molen. An zwar huelt dir dofir verschidden Gréissten vun Glieser an zappt déi an Kakaospudder. Dat gi sou “Rondelen” op der Bottercrème.

Bei der Bûche proposéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Gewürztraminer 2018 vun Domaine Thill, deen dir ganz einfach am online Shop vu Bernard-Massard bestellen kënnt a heemgeliwwert kritt. MADI Memberen kreien iwwrigens 10 Prozent Reduktioun op hirer Bestellung.

Fotoen an Text: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply