A gudden Hänn

Zanter Jore fueren ech en klengen Auto, fir an der Stad ze fuere goung dat duer, ma et ass elo un der Zäit fir mir en neien Auto zouzeleeën. Ech sinn éierlech mat dir, ech verstinn näischt vun Autoen, mir ass et just wichteg, dass en gutt ausgesäit an dass ech en gutt Gefill hunn beim Fueren…

Mir war den neie VW T-Roc opgefall well et en méi groussen Auto ass an ewer nik ze grouss. En ass méi héisch a gesäit sportlech aus. Den T-Roc gëtt et och als Cabriolet, och eng Optioun déi mir gefällt, well ech schonn ëmmer eng Kéier en Cabrio wollt. Ech hunn schonn dovun héieren, dass ee via bereldange.losch.lu säin Auto och online kafe kann. Mol kucke wéi dat funktionéiert.

Fir d’éischt mol brauch ech eng Berodung, dofir klicken ech op https://marketing.losch.lu/onlinebooking/volkswagen/index-fr.html an huele mir en virtuelle Rv an der Garage Losch zu Bäreldeng bei engem vun hire Verkeefer, ech siche mir d’Vanessa Dos Santos eraus.

Ech brauch eng Fra déi mech beréit, well ech mir domm virkomme vis-à-vis vun engem Mann, déi dach meeschtens méi Anung vun Autoen hunn wéi Fraen. A Fraen dach éischter Frae verstinn.

Ganz einfach kréien ech ugewise wéini d’Vanessa disponibel ass an zack ass de virtuelle RV gebucht. Via d’App Teams telefonéieren ech mat him, ech froe wat d’Vir an Nodeeler vum T-Roc normal a Cabrio sinn. D’Vanessa weist mir d’Autoe virtuell sur Place a ka meng Froen all beäntwerten. Meng Tendenz geet a Richtung Cabriolet. Hatt konfiguréiert mir um PC den Auto sou wéi ech en gären hätt. Geet mat mir Punkt fir Punkt duerch, och sou Froe wéi : “Wéi en Moto soll et sinn”, beäntwert hatt mir ouni dass ech mech schlecht fillen, well dat Froe sinn, mat deenen ech mech nach ni ausernee gesat hunn.

 

Och spillen d’Felge fir mech keng grouss Roll an d’Vanessa erkläert mir, dass deene meeschte Fraen d’Felgen egal sinn. -Ech muss laachen. UFF, ech sinn also nik dat eenzegt wat esou denkt!

Ech fille mech gutt opgehuewen an ech mierken, dass d’Vanessa mäi Bescht wëll a mir nik einfach nëmmen en Auto wëll undréinen. Hatt erkläert mir och nach wéi ech de Cabrio kinnt kafen oder iwwert si kinnt leasen, dës Methode kënnt ëmmer méi an den Trend. Dat heescht, dass een den Auto sou ze soe lount an all Mount dann eng Mensualitéit bezuelt. Dat huet de Virdeel, dass een ëmmer erëm en neien Auto fuere kann. Wann de Leasing ofgelaf ass brauch een sech keng Gedanken ze maache wat mam Auto geschitt, et gëtt een den Auto einfach zréck an et sicht een sech erëm en aneren Auto eraus. Et kann een sech och eraussiche wéi laang de Leasing soll lafen a verschidde weider Optiounen dobäi huelen, wéi mat Assurance, mat Pneuenservice, mat Wartung a Reparatur, mat Ersatzauto oder Auto fir an d’Vakanz. Et kann een en Undeel vum Leasing am viraus bezuelen, muss een ewer nik. Mir ginn och hei déi verschidde Méiglechkeeten duerch an d’Vanessa baut mir en Kontrakt zesummen deen hat mir als Propose dono mailt, fir dass ech mir d’Offer kann duerch de Kapp goe loossen.

Reng theoretesch kinnt ech den Auto elo sou online kafen, ech kinnt de Kontrakt via Token ënnerschreiwen an ech kriet den Auto souguer viru meng Hausdier geliwwert…

 

 

Well ech den Auto ewer eng Kéier real wëll upaken huelen ech mir nach eng Kéier via bereldange.losch.lu en RV an der Garage Losch Bäreldeng beim Vanessa fir mir den Auto real unzkucken an och fir den Auto ze testen. Sur Place weist d’Vanessa mir nach eng Kéier déi zwee Autoen an ech entscheede mech no der Testfaart fir den T-Roc Cabriolet. Ech ënnerschreiwen de Leasing Kontrakt a kann den Auto, well en op Stock ass, geschwënn einfach siche goen.

 

 

Ech hunn et wierklech easy fonnt ganz eleng en Auto ze kafen, ouni mat anere Leit ze schwätzen a mir draschwätzen ze loossen. Komescherweis kafe Frae seelen eleng eng Auto, dat fannen ech traureg, mir wëssen dach genau wat mir wëllen a brauchen dofir dach soss keen oder? Dëse Schratt hunn ech ewer nëmme gewot well ech mech vun Ufank un super opgehuewe gefillt hunn a wosst, dass ech bei der Garage Losch zu Bäreldeng a richteg gudden Hänn wier an hinne vertraue kann.

 

Mady Lutgen mat der Garage Losch vu Bäreldeng

 

 

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply