Äddi Hoer

No der Schwangerschaft verléieren vill Fraen hier Hoer a sinn dacks ouni Rod wat elo maachen. Mir hunn beim Coiffeur By Tun zu Esch nogefrot…

Et ginn dräi verschidde Behandlungen. Ëmmer mat Ampullen oder/an Pëllen. Wéi eng Methode besser bei een passt, ass ganz individuell an et huet een besser sech vum Expert beroden ze loossen. Op alle Fall stoppen dës Methoden den Hoerausfall direkt. Et soll een also op kee Fall ze lang warden éier een eppes ënnerhëllt. Dës Produiten hëllefen den Ausfall ze stoppen a reegen och de neie Wuestem vun den Hoer un. Et soll ee sech allerdéngs keng Wonner erwarden, et kritt een keng besser Hoer wéi virdrun.  

 

 

Eng aner Méiglechkeet ass och nach mat Extensions oder Microline ze schaffen, och hei huet een am beschten sech en RV beim Coiffeur ze huelen a sech gutt beroden ze lossen. Well heinsdo sinn et och einfach nëmme futtis Hoer déi ofbriechen, dat ass keen Hoerausfall. Dës Ënnerscheeder kennt den Expert a kann déi bescht Behandlung proposéieren. Ausserdem hëlleft et d’Kapphaut ze masséieren an d’Bluttcirculatioun esou unzeregen.  

 

 

Sou Behandlungen sinn nik geschenkt, ma se ginn engem ewer een Stéck Selbstwertgefill zréck wat ee verluer huet wann een d’Hoer a Pitsch verléiert… 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply