„Äddi Wéi“

Mir sëtzen all Dag vill ze vill um Büro an dat féiert dacks zu Muskelverspaanungen am Schëller- a Réckberäich. Kënnt dann nach Stress dobäi, ass de lästege Réckewéi virprogramméiert…

Ech kenne Réckewéi nëmmen all ze gutt. Schonn als Teenager war ech vill domat geplot. An bei mir sëtzt de Stress sech ëmmer an de Schëllerblieder néier a verursaacht do Muskelverspaanungen an da kënnt de Wéi an zitt bis an d’Been. Meeschtens hëlleft bei mir eng Saunasession, ma dat mat der Sauna ass am Moment wéi villes nik machbar well déi ëffentlech Saunae jo nach zou sinn.

Duerch Zoufall sinn ech op déi HF-Bioenergetesch Massagë gestouss, déi d’Lena Zart a senger Massage-Lounge zu Stroossen ubitt. HF steet fir den Hartmut Fraas, den Erfinder vun dëser Massage. Mat dem System vun dëser Zort vu Massage ginn Disharmonië vum Kierper ausgeglach, d’Energiefeld gëtt erëm harmonesch opgebaut an den Energiefloss ugereegt. D’HF-Bioenergetesch Massage beschäftegt sech mat der Eenheet vu Kierper, Geescht a Séil. Duerch verschidden douce a rhythmesch Grëffer entsti Wellen am Kierper déi de Selbstheelungsprozess vum Kierper aktivéieren. Sou kënnen och emotional an energetesch Blockade geléist ginn. Dës Heelungsprozesser sinn duerch dat internationaalt Institut fir Biophysik bewisen.

Nieft der HF-Bioenergetik Massage fënnt ee beim Lena och nach d’Emmett Methode. Hei gi mat zwee Fanger verschidde Punkten um Kierper gedréckt an doduerch ginn Impulser op d’Muskelen a Seenen ofginn, wat en direkten Effekt op de Wéi soll hunn.

D’Lena huet fir mech en Mix aus béidem virgesinn. Hatt ass immens léif an erkläert mir gutt firwat hatt mengt vu wou mäin Wéi kënnt. Fir d’éischt behandelt hatt mäin Réckewéi mat der Emmett Methode an dréckt op verschidde Punkten um Réck, Been an Hëft. Et gëtt mir bewosst, dass ech vill méi Wéi hunn wéi ech gemengt hat. Ech spiere séier eng liicht Verbesserung vum Wéi. Dono fänkt et mat der HF-Bioenergetesch Massage un.

No puer Minutte spieren ech just nach seng Hänn déi mol douce mol méi fest mäi ganze Kierper masséieren an ech geroden an eng Zort Trance, an eng Boule, fille mech total entspaant an denken och nik méi vill no, lauschteren der Musek just no…

No der Behandlung soll ech vill drénken. Ech ginn dono nach trëppelen, owes hunn ech de Réck nach méi wéi wéi virdru mee schlofen immens gutt.

Den Dag drop hunn ech och nach wéi, ma den Iwwernächsten Dag ass mäin Réckewéi ze soen nik méi ze spieren. Ech fille mech voller Energie an ouni Péng.

D’Lena kann all Zort vu Muskelpéng behandelen, ewer och Burnout, Stress an nach vill méi. Wann dir grad en Leiden huet, roden ech iech eng Seance beim Lena op alle Fall un, dir wäert iech sécher dono besser fillen.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply