Am Blumme-Rausch

Blumme maachen eis frou an dofir wéilte mir dach am léifsten, dass se ni de Kapp géingen hänke loossen oder?

Ma dat ass elo méiglech ! D’ “Lele” esou wéi seng Frënn hatt nennen, huet sech virun engem Joer selbstänneg gemaach. A sech kënnt hatt aus der Finanzbranche, mee hatt war nach ëmmer frou mat Blummen. Sou huet et Blummen aus Seid entdeckt a mécht elo domat déi schéinste Bouqueten. Bei him am Atelier kann een sech en Bouquet op Mesure an och mat der passender Vase maache loossen. D’Lele beréit ee gär a ka souguer heem bei iech kommen an do kucke wat am beschte géing an d’Wunneng passen.

Och huet hatt en Online Shop wou dir ganz einfach ären Drambouquet kënnt bestellen an hatt liwwert iech en perséinlech heem : www. Lele.lu !

Ee Bouquet Blummen deen en Liewe laang hält, deen nik futti ka goen an top ausgesäit. Et ass dach genau dat wat mir sichen oder ? Och fir eng Hochzäit oder fir an de Butteker, Hoteler a Restaurante sinn dem Lele seng Kreatiounen d’Äntwert.

 

Sidd dir elo firwelzeg ? Dann gitt onbedéngt bis laanscht luussen. An jo esou en Bouquet passt dach och perfekt op eng Terrasse oder en Balcon. En dierf just nik naass ginn. Mir wënschen iech ganz vill Freed beim Testen.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply