Aus Léift zur Natur

D’Natur läit dem Tanja Räetsch besonnesch um Häerz, hatt huet sechschonnsäi ganztLiewe mat der Natur verbonne gefillt a wëll dofir och am Alldag eppes fir dës maachen. Mir fannensäi Liewensstil ganz interessant an hunn hatt dofir bei sech doheem besicht. 

Wéi ass deng Léift zur Natur entstanen? 

Ech sinn zu München opgewuess an hat en grousse Gaart hannert dem Haus.  D’Noheet zu de Bierger huet mech geräägt. Echka mech och erënneren, dass mir eng wëll Wiss haten, fir d’Béien. Och haut nach sinn ech immens gär dobaussen, ech tanken an der Natur meng Energie op a genéissen et am Gréngen ze sinn, zum Beispill beim Wanderen. Dofir ass et mir immens wichteg d’Natur ze schützen. 

 

Wat méchs Du am Alldag fir d’Natur ze schützen? 

Ech kucke mir d’Récksäite vun allen Produiten un déi ech kafen, vun de Liewensmëttel an och vun de Kosmetikproduiten. Elleng scho beim Akafe kann ee vill bewierken an deems ee verschidde Produiten nik keeft. An ech stelle mir d’Fro wat ass doran, wéi gëtt et produzéiert a vu wou kënnt et hier. Sou kafenech och haaptsächlech saisonal a kucke wann et méiglech ass regional Produiten ze verwenden.

 

 

An souguer an dengemBeruff setz Du dech fir d’Natur an? 

Ech hunn een Job gesicht bei deem de Klimaschutz an d’Nohaltegt Handelen mam Respekt vun Natur, Déier an Ëmwelt am Mëttelpunkt steet. Aus dëser Grondiwwerzeegung hunn ech mir eng Beauty Marque erausgesicht, déi fir en gesonde Lifestyle bannen a bausse suergt. D’Marque deelt meng Iwwerzeegungen an ënnerstëtzt a fuerdert se souguer. An dat Bescht dorun ass, dass ech esou och nach mäin Dramjob fonnt hunn. Ee Job dee jiddereen ausübe kann. Ech kann egal vu wou a wéini ech wëll schaffen. Mäin Job passt sech mengem Liewensstyl un an net ëmgedréint. Echgi wäertschätzt a kréien direkt eng Unerkennung fir meng Aarbecht, wat mech natirlech pusht a mir ee gutt Gefill gëtt. 

Dat kléngtbal alles ze schéi fir wouer ze sinn oder? Wann dem Tanja säi Liewensstil oder säi Job dech och interesséiert, da mell dech einfach beim Tanja, hatt erzielt dir gäre méi.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel a Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply