Back on track

Dir hutt et bestëmmt schonn héieren: eng vun de bekannteste Rockbands iwwerhaapt kënnt op Lëtzebuerg. Den 1. Juli si Skunk Anansie an der Rockhal a loossen d’Bud vir hier 25 Joer Carrière sou richteg kraachen. D’Band huet Ufank des Joers en neien Album mat 25 live Lidder erausbruecht. “25Live @ 25” resuméiert de véier Memberen hir Liiblingslidder.

Matt dëser Europatour feieren si hir Carrière an hir Musek ze feieren, an dass si hiren Dram konnte verwierklechen. Ma se kennen och stolz sinn, net vill Bands kënne behaapten no 25 Joer nach ëmmer esou Pepps ze hunn a weiderhin op Tournée ze goen.Hir Lidder sinn oft vu verschiddene Museksstiler inspiréiert an dëst huet et hinnen och erméiglecht sech z’ënnerscheeden an am Museksbusiness ze bestoen.

Ob Reggae, Elektro oder aner Aflëss, d’Inspiratioun fannen si oft an anere Lidder an de Prozess vum komponéiere gëtt vun Ufank bis zum Schluss vun de véier Membere geschriwwen, geännert a validéiert.

Do wou Skunk Anansie sech wahrscheinlech am meeschte vun anere Bands ënnerscheet, ass dass hir Leadsängerin, d’Skin, eng Fra ass. Vill Frae gëtt et an dësem Museksgenre nämlech net, a Leadsängerinne gëtt et nach manner, dat fält op. Hat ass mat der Zäit zum Symbol vun der Band ginn an obwuel dat an hiren Ufanksjoren ganz ongewéinlech war, kann d’Band et sech Haut net erkläre wisou dëst nach ëmmer de Fall ass.

Trotz hirem Erfolleg ass d’Band ëmmer ganz buedemstänneg bliwwen an huet sech ausserhalb vun hirer musikalesche Carrière ganz vill vir aner Léit agesat. Ob als Educateuren a Schoulen, Musekstherapie mat Jonker oder Bourse vir jonk Museker, Skunk Anansie probéieren hir Erfarung mat deenen ze deelen, déi Hëllef brauchen. Si si schonn esou laang am Museksbusiness dass hiert Wëssen deelen eng Selbstverständlechkeet vir si ass, an doduerch dass si anere Léit hëllefen, fillen si sech och besser an erwaarden näischt zeréck.

Dat hei ass hire Rot un déi jonk Museker :

Wann een säin Dram lieft, da muss een dat déi gutt esou ewéi och déi schlecht Momenter unhuelen an einfach dat Bescht draus maachen.

Fans, déi sech froe wat Skunk Anansie no hirer Tour wëlles hunn, kënnen sech freeën. Et geet nämlech direkt an de Studio vir néi Lidder ze schreiwen a komponéieren an en ganz neien Album ass vir 2021 virgesinn. Mir si jiddefalls op de Concert an hiren neien Album gespaant. Dir kënnt iwwregens och Tickete fir dëse Concert gewannen. Gidd op d’MADI-Facebook Säit luussen.

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply