Back to business

De Summer kënnt op en Enn zou, d’Vakanzen Zäit ass vir déi meeschte vun eis eriwwer an elo heescht et net nëmmen “Back to School” mee och “Zeréck op d’Schaff “. Vill Léit denke schonn um Heemwee vun der Vakanz wat elo alles op se duerkënnt a verschiddene Léit gëtt et bei deem Gedanke ganz dronken.

Ma wéi soll een dann och no deene waarmen Temperaturen a laangen Nuechte mat Frënn a Famill op den Terrassen erëm sérieux un d’Aarbecht goen?

Hei sinn eis Tipps wéi dir no der Vakanz är Produktivitéit kënnt boosten.

Prioritéite setzen

Vläicht kennt dir jo d’Pareto Reegel, och 80/20 Reegel genannt. Dës Reegel seet dass 80% vun de Resultater, nëmme vun 20% vun der Aarbecht ofhänken.

Dofir ass et wichteg vun Ufank un Prioritéiten ze setzen an sech direkt op dat Wichtegt ze konzentréieren.

Oft fillt een sech esou iwwerfuerdert vun dem Koup Aarbecht dee virun engem leit, dass ee mol net weess wou ufänken. Huelt iech dofir emol eng gutt Stonn Zäit a frot iech wat als éischt sollt gemaach ginn. Schreift alles op wat iech duerch de Kapp kënnt an da setzt dir är Prioritéiten.

Zäitandeelung

Wann är Prioritéite kloer sinn, schreift dës direkt an ären Agenda an net op eng To-Do Lescht. Genau esou wichteg ewéi seng Prioritéite setzen, ass och d’Zäit anzeschätzen déi ee vir eng Tâche brauch. Oft gëtt dës bei wäitem ënnerschat a schnell ass ee frustréiert well een net esou vill gemaach huet wéi een eigentlech wollt. Rechent relativ large vir är Tâchen an, a drot iech déi wichtegst als éischt an. Alles wat vill Energie a Konzentratioun freet sollt een sech direkt aplangen, vir z’evitéieren dass ee vun Imprevuen oder onwichtege Saachen am Alldag ënnerbrach gëtt. A sengem Buch “Eat that frog” erkläert den Auteur Brian Tracy dass een déi schwéierst a wichtegst Tâche direkt am Ufank vum Dag maache soll vir z’evitéieren dës dauernd ze verleeën an domat Zäit ze verléieren. D’Freet dës scho frei hannert sech gelooss ze hunn, bréngt definitiv gutt Laun an erliichtert de Recht vun der Aarbecht déi nach gemaach muss ginn.

Facebook, Instagram, Whatsapp & Co…

Wann dir är Prioritéiten definéiert hutt an dës an ären Agenda agedroen hutt kennt de schwéieren Deel: dësen anzehalen. Probéiert esou gutt ewéi méiglech äre Planning ze respektéieren ouni iech vun anere Saachen oflenken ze loossen. Hautdesdaags ass Multitasking ganz beléift mee vir produktiv ze sinn, huet ee besser et konzentréiert een sech nëmmen op eng eenzeg Saach. Den Handy an d’Notifikatioune sinn hei déi gréissten Oflenkung. Bei all Vibratioun, bei all Biip, kuckt ee gäre wien eis dann elo geschriwwen huet. Setzt ären Handy op lautlos a leet en ewech. Hei ass Discipline gefrot, kuckt eréischt wann dir mat ärer Tâche fäerdeg sidd, oder eng Paus maacht, op den Handy.

Dëst gëllt och vir är E-mailen

Wien kennt dat net, grad wann een sech konzentréiere well kritt een e Mail vum Patron, da vum Client, an dann nach ee vun de Kanner hirer Schoul. De ganzen Dag kéint een d’E-Mailen opmaachen, liesen, ufänke mat entwäerten, vun der nächster ofgelenkt ginn asw. Vir méi produktiv ze sinn, definéiert iech kloer Auerzäite wéini dir är Mailbox opmaacht, duerchgitt an d’Zäit huelt d’E-Mailen ze beäntwerten. Dës kann eng Kéier Moies um 10, an eng kéier Nomëttes um 16h sinn. Och hei sidd dir nëmmen op eng Tâche konzentréiert an äntwert wärend 1 Stonn zum Beispill nëmmen op d’E-Mailen. Dëst evitéiert dat dauernd hin an hir sprangen tëscht verschiddenen Aktivitéiten, dir ënnerbriecht är Konzentratioun net a sidd zu 100% beim Thema.

Mir wënschen iech all en gutt Rentrée!

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply