Be youtiful

Schminke gehéiert fir déi meescht Fraen zum Alldag dozou. Ouni Schmink iergendwou hinzegoen ass fir vill vun eis onvirstellbar. Ma firwat eigentlech?

Wann ee bis an de Lycée geet an d’Frëndinnen all ufänke Lipgloss opzedroen, spéitstens da fänkt een un sech och fir d’Schminken ze interesséieren. Ech wollt dozou gehéieren, méi al ausgesinn, méi erwuessen an natierlech och méi schéin. Mee verschéinert d’Schmink ee wierklech?

Et ginn Zäite wou ech mech méi schminken an ech mierken, dass wann et mir gutt geet ech manner eng „zweet Haut“ brauch. Ongeschminkt iergendwou hinzegoen ass fir mech onvirstellbar.

Ech huele mir ewer vir all Mount een Dag ongeschminkt ze sinn. Well ech meng Onsécherheet wëll iwwerwannen an méi ech sinn, méi authentesch. Ech schminke mech souguer wann ech mam Hond eraus ginn, souguer wann keen anere mech gesäit. Einfach well ech mech da besser fillen…

Ass et nik eis Gesellschaft och, déi eis virschreift, dass d’Fra sech schminke muss. Lo mol éierlech, gëtt et iergendwou eng Reklamm wou d’Fra nik geschminkt ass? An all d’Schauspiller, d’Sängerinnen etc. Ongeschminkt géinge mir si mol guer nik erkennen…

Natierlech gesäit ee geschminkt méi fresh aus, d’Aenreefer kënne weggeschminkt ginn. Platzen a Pickel ginn Iwwerschminkt. Onperfekt ze si fält eis schwéier, mir och.

Dir huet eis geschriwwen, dass et iech hëlleft är Onperfektiounen ze retuschéieren. Aperhoer déi Lächer hunn oder nik do sinn, d’Haut déi nik perfekt ass etc. An ech maachen dat och.

Ma erstaunlecherweis hunn Männer eis geschriwwen, dass se ongeschminkt Frae méi attraktiv fannen an dass mir eis fir si nik schminke missten. Natierlech trëfft dat lo nik op se all zou mee déi meescht déi eis geschriwwen hunn, waren där Meenung.

Op alle Fall schminken ech mech heiansdo och gär, einfach fir mech, fir mech schéin ze maache fir mech selwer.

Mee ech wäert an Zukunft drop oppassen ob ech et wierklech fir mech maachen, ob d’Schminken nik einfach en Iwwerschminken ass vu mengen Emotiounen a wäert vläicht nach puer Deeg méi am Mount probéieren ouni Make up

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply