Bébé-Engel

Et ass eng vun deene schéinsten Zäiten am Liewe vun enger Fra – eng Zäit, no där sech esou Munches verännert. Wärend néng Méint dréint sech quasi alles just nach em deen ee klenge Butz, deen am Bauch vun der Mamm monter virun sech hiwiisst a just drop waart, endlech erauszedierfen. Ma genau dee Moment ass awer och ee vun den emotional ustrengendsten a kraaftopwännegsten, deen eng „Mama-to-be“ je erliewe wäert. An och scho virum groussen Dag kann eng Schwangerschaft mol stresseg ginn –  vun der Zäit duerno guer net ze schwätzen! –, well e Bébé maachen an e Bébé hunn sinn nach ëmmer zweeërlee.

Ma genau heifir ginn et Doulaën, wëll heesche Fraen, déi eng Mamm virun, wärend a nom Accouchement begleeden an ënnerstëtzen. „D’Geschicht vun den Doulaën huet unsech a Kulturen a Communautéiten ugefaangen, an deenen et normal war, an dëser Zäit vill Leit ronderëm sech ze hunn”, erkläert d’Lynn Wagener. Säit leschtem Mee schafft déi jonk Lëtzebuergerin als Doula an huet mëttlerweil schonn eng ganz Rëtsch Mammen op hirem Wee begleet. De Beruff, deen ursprénglech aus Griicheland kennt an iwwersat “woman servant” bedeit, ass nach relativ nei bei eis am Land – nieft dem Lynn ginn et just zwou aner Doulaën, déi hei schaffen. „No de Fofzeger Joren huet sech am Gesondheetswiese vill geännert, alles ass méi medezinesch ginn an d’Leit hunn ugefaangen, fir alles an d’Spidol ze goen”, sou déi jonk Doula. Ma no an no ass an den engleschsproochege Länner vum Westen erëm en gewëssent “back-to-the-roots”-Bewosstsinn opkomm an et gouf no Alternative gesicht.

„Zemools an Amerika sinn immens vill Bébéën a Mamme bei der Gebuert gestuerwen oder et gouf Komplikatiounen. D’Recherche huet bewisen, dass ee vun de grousse Problemer war, dass der Fra hir Fräiheet an hire Choixe geholl gouf, well den Dokter alles decidéiert huet. Dat war emotional extrem traumatesch fir vill Mammen”

Et ass dann och genau dowéinst, dass an de leschten 20 Joer erëm ëmmer méi de Beruff vun der Doula an der Gesellschaft opkomm ass an och effektiv als esou een unerkannt gëtt. Fir d’Lynn war et allerdéngs net vun Ufank u kloer, dass hatt als Gebuertsbegleederin schaffe wéilt. „Ech hunn amfong ‘medical anthropology’ am Master studéiert a wollt och dodran en Doktorat maachen”, verréit dat 28-Järegt. Scho wärend sengem Studium huet hatt sech besonnesch fir Mammegesondheet interesséiert a war duerch seng Recherchen a Südafrika och bei ville Gebuerte mat dobäi. Iergendwann koum dunn de Klick, wéi d’Lynn verréit: „No sechs Méint op der Uni zu Rotterdam hat ech eng ‘quarter-life-crisis’ a wousst net méi, wat ech maache wéilt. Dunn, eng Kéier matten an der Nuet, sinn ech erwächt an hat de Numm vun enger Frëndin vu Reno am Kapp, wat als Doula schafft.” No engem laangen Telefonsgespréich war fir d’Lynn kloer: that’s it! Dat war dat lescht Stéck vum Puzzle. Kuerz drop huet hatt dunn och eng Ausbildung bei enger hollännescher Doula zu Amsterdam gemaach an ugefaangen, aktiv dëse Metier ze praktizéieren.

„All Mënsch kann unsech déi Course matmaan, mee déi meescht Doulaën déi ech kenne waren entweder fir d’éischt Hiewamm oder hu mat Kanner oder am psychologesche Beräich geschafft, dat ass scho vu Virdeel”, sou d’Lynn. Ma wat stécht dann elo effektiv hannert deem spezielle Begrëff, deen op den éischte Coup zimlech exotesch klengt? „Vill Leit denken direkt un eng hippiedippie Fra déi Kristaller ëmhänken huet a mat Salbei wedelt, dat ass et net. Mir sinn amfong do, fir Mammen zwou Woche virun an zwou Wochen no der Gebuert 24/7 ze ënnerstëtzen, egal wat se brauchen”, erkläert d’Lynn. De Service vun enger Doula gëtt et ëmmer am Package, ma vun Hëllef beim Nieren a Fläsche preparéieren, iwwer Encouragement wärend dem Accouchement bis hin zur Entlaaschtung am Alldag no der Gebuert ass alles mat dran.

„Ech schaffe vill postpartum, dat heescht déi éischt Wochen no der Gebuert. Mamme wëssen zwar wat se maan mussen, mee et ass ëmmer schéin een do ze hunn deen een ënnerstëtzt. Zum Beispill no enger Cesarienne, dat ass jo awer eng Operatioun an d’Mamm muss raschten, dat ass mat engem Neigebuerenen oft schwéier”

D’Philosophie vun der Doula ass dann och déi heiten, wéi déi jonk Lëtzebuergerin verréit: „Mir si fir d’éischt fir d’Mamm do, fir ze kucken, dass et hir gutt geet an hir Experienz vum Kanner-kréien esou positiv wéi méiglech ass. Et ass esou wichteg sech em d’Mamm ze këmmeren, vill Leit vergiessen dat. Wann ee schwanger gëtt da kritt ee vu jidderengem gratuléiert, mee wann de Bébé bis do ass geet d’Aventure jo amfong ëréicht lass, da fänkt et wierklech un an dat ass de Moment, wou een de Support brauch.” A genau fir des Ënnerstëtzung soll d’Doula suergen, well si ass wärend der gebuchter Zäit ëmmer disponibel. Am Abrëll ass et fir d’Lynn dann och endlech esou wäit an hatt betreit seng éischt Gebuert hei zu Lëtzebuerg. D’Preparatiounen heifir lafen schonn op Héichtouren, well als Doula geet et net duer, ëmmer erreechbar ze sinn, ma och de Know-How iwwer d’Spidol, de genauen Oflaf vun der Gebuert an allem wat soss nach zum groussen Dag dozou gehéiert steet op der To-do-Lëscht.

„Als Doula bass de amfong d’Stëmm vun der Mamm no baussen, fir dass si sech voll a ganz op sech selwer konzentréiere kann”, erkläert d’Lynn. Fir dat Wichtegst dann och ofgekläert ze hunn, mëscht dat 28-Järegt am Virfeld e sougenannte “birth plan” mat senge Clienten: „Et ass net meng Roll, dem Dokter ze soe wat e maache soll, well ech hu jo keng medezinesch Ausbildung. Ech këmmere mech em Saache wéi d’Emfeld, dat kann sinn op d‘Mamm gäere Musek beim Accouchement hätt, sollen d’Luuchten un oder aus sinn, wéi vill Leit wëll si mat eranhuelen. Et soll fir si esou schéi wéi méiglech sinn, an ech kucken dass dat geet.” Heibäi ass d’Abannung vum Partner dann och eng vun de Prioritéiten, wéi d’Lynn verréit: „Mir weisen dem Partner zum Beispill Technike fir voll mat dobäi ze sinn, well d’Connectioun tëscht enger Koppel ass immens wichteg an d’Gebuert ass eng wonnerschéin Zäit fir dat nach méi ze stäerken.” An och aus medezinescher Siicht bréngt d’Interaktioun vun de Partner vill.

„Wärend dem Accouchement gi bei der Fra vill Hormoner ausgeschott a wat méi Oxytocin an Endorphiner am Blutt sinn, wat et fir si méi angenehm ass. Dofir encouragéieren ech de Partner zum Beispill wärend de Wéien der Fra e Kuss ze ginn oder se ze emaarmen, fir dat Hormon esou vill wéi méiglech an d’Luucht ze dreiwen”

Alles natierlech, ouni den Dokteren an d’Féiss ze geroden, well dat fält net ënnert d’Aufgabe vun enger Doula. „Wann d’Fra bis um Punkt ass fir de Bébé erauszedrécken, da kennt den Dokter an d’Spill an dat ass dee Moment wou ech zrécktrieden. Dat ass net meng Roll”, seet d’Lynn. Reagéieren op eng Doula maan déi meescht Gynekoen an Doktere mëttlerweil gutt, och wann am Géigesaz zu senger anerer Aarbechtsplaz an Holland hei am Land nach definitiv net jidderee esou au courant ass. „Hei wëssen der vill nach net, wéi dat Ganzt funktionéiere soll wann eng Doula bei der Gebuert dobäi ass. Dat ass an Holland anescht, dofir verstinn ech och déi Hesitatioun hei. Mir maache grad Pionéieraarbecht zu Lëtzebuerg an dat wäert nach e groussen Challenge gi fir d’Zukunft”, esou d’Lynn.

Eng Fro, déi déi jonk Lëtzebuergerin dann awer ëmmer mol erëm gestallt kritt, ass déi no senger eegener Erfarung, well mat 28 huet d’Lynn nach kee Kand selwer op d’Welt gesat. „Meng grouss Prioritéit ass et, fir d’Mamm do ze sinn, ouni Jugement. All Kéiers ier ech bei enger Cliente doheem schellen, stellen ech mir eng kleng Këscht vir an déi ech all meng eege Meenungen a mäi Bagage draleeën a virun der Dir loossen. Ech hunn d’Wëssen an d’Expertise fir de Beruff, mee vläicht ass et ganz gutt, dass ech ouni eege Gebuertserfarung do era ginn”, esou d’Lynn. Eng vun de Grondreegele vun enger Doula ass et dann och, all Gebuert als eppes Schéines unzegesinn – egal wou a wéi se stattfënnt.

„Fréier goufen Doulaën oft mat Hausgebuerten a Verbindung bruet, mee dat muss net esou sinn. Eng Gebuert ass eng Gebuert a wann eng Mamm gären e geplangte Keeserschnëtt hätt, dann ass dat och ok. Well wann et der Mamm gutt geet, geet et dem Bébé och gutt an dat ass dat Wichtegst”

Fir déi jonk Lëtzebuergerin ass et dann och de Merci an den Ae vun de Mammen, dee säi Beruff esou fantastesch mëscht:

„All Kéiers wann ech eppes ganz Simpeles maan an der Mamm ugesinn, wéi frou an erliichtert se ass, dat ass fir mech dat Schéinst. A wann et nëmmen ass fir der Mamm de Puppelche fir eng kuerz Zäit ofzehuelen, dass si mol raschte kann. Esou eppes Klenges kann en immensen Effekt hunn an ze gesinn, wat eng Mamm fir eng kraaftvoll Fra ass, dat ass fir mech einfach mega”

Et brauch een sech dann och just déi stralend Gesiichter um Lynn sengem Doula-Site unzekucken, fir ze gesi wéi wäertvoll déi Ënnerstëtzung fir eng frësch Mamm ka sinn. A wien elo nach net genuch vu Bébéën, Schwangerschaft a Mammegléck huet, fir dee geet et an enger Woch weider mam zweete Portrait vun dëser Serie.

 

Laura Tomassini

Fotoen: Lora Wagener


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (6)

  1. Waat e wonnerschéinen an wichtegen Beruff!
    ❤️ Merci ❤️

  2. Et ass schued, dat an desem Artikel mat kengem Wuert Hiewann erwähnt get.

  3. Mir brengen na en Artikel iwwert Hiewannen! 😉

  4. Eng Doula ass keng Hiewann, an eng Hiewann ass keng Doula. Allenzwee si sech wichteg fir hier eenzel Talenter a Spezialitéit.
    Wonnerschéinen Artikel, gingen nëmme méi Spideeler sech drunn upassen. Holland ass eis do erëm viraus, ewéi ëmmer. Hoffentlëch, zitt Lëtzebuerg geschwë mat! Mir brauche esou wichteg Lëit fir eis Familijen. Keep up the good job 🙂

  5. Get et hei a Letzebuerg eng Formatioun fir Doula ze leiren ?

  6. Moien Nicole,
    Fro d‘Lynn dat am beschten selwer ënnert:www.swaddleandpine.com
    Léif Gréiss,
    Mady

Leave a Reply