Bësch-Bidden

Ech erënnere mech nach ze gutt drun, wéi ech als Kand meng Sonndegnomëtteger oft am Bësch verbruet hunn. Mäi Papp ass Escher, wou hie kleng war gouf et keng besser Spillplaz wéi d’Hiwwelen an d‘Hecke vum Gaalgebierg. Och haut geet hien nach reegelméisseg an d’Gebitt vum Ellergronn joggen, wann hien einfach e bëssen seng Rou wëll hunn. Mäi Brudder an ech krute vun him d’Léift zum Bësch quasi verierft, weekends nom Mëttegiessen huet et reegelméisseg geheescht: „Komm, mir ginn en Tour trëppelen.“ An och wa mir oft léiwer weider am Pyjama um Kanapee gefault hätten, wa mir bis do uewen um Bierg ukomm waren, dann hate mir de „lazy Sunday“ schnell vergiess.

Et gëtt jo wuel kee méi coolt Gefill, am Hierscht duerch d’Blieder ze lafen, wann et lénks a riets raschelt an sech de Buedem ufillt wéi e Fiederkëssen. Wann een dann nach zoufälleg e Bambi iergendwou hannert engem Bam entdeckt huet, da war de Sonnde perfekt. Ma d’Wierkung vum Bësch ass awer net nëmmen a menger Kandheetserënnerung eng magesch, aner Kulturen hunn hire Wäert scho laang erkannt. „Shinrin-Yoku“, och als „Waldbaden“ bekannt, ass eng Therapie aus Japan, déi et scho säit den 80er Jore gëtt. Wien sech elo eng Bidden tëscht de Beem virstellt a mengt, déi Asiate wieren e bësse plem-plem, deen dierf (a soll!) roueg weiderliesen. Well „Waldbaden“ huet näischt mat bueden am wuertwiertleche Sënn ze dinn, mee bezitt sech op d’Wëssen, wéi een déi positiv Effekter vun der Natur fir sech selwer notze kann.

Genotzt ginn heifir déi fënnef Sënner, ausser sech selwer an dem Bësch an deem een sech befënnt brauch ee fir „Waldbaden“ awer näischt. Et geet drëms, erëm méi bewosst am Moment ze liewen an dat, wat ronderëm een ass, och wierklech wouerzehuelen. „Et ass net einfach spadséieren, mee en Léierprozess bei deem een sech untrainéiert, de Bësch mat Entspanung ze associéieren“, erkläert d’Karen vum „Bësch Coaching”.

Viru véier Joer hat déi 39 Joer al Lëtzebuergerin e Burnout, deen hatt a säi Liewe komplett aus der Bunn geworf huet. No 15 Joer als Educatrice gradué hat säi Beruff hatt esou ausgelaugt, dass seng Deeg op eemol vu Schlofmangel, physescher Péng an dem Gefill, net méi nozekommen, dirigéiert goufen. D’Trennung vum Papp vu sengem Kand war dunn déi lescht Drëps, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruet an dem Karen de fatale Coup ginn huet.

Ma trotz Dokter hei a Medikament do ass säin Zoustand einfach net besser ginn. Et huet missen eppes geschéien an d’Karen huet decidéiert, dat „eppes“ selwer an de Grapp ze huelen. „Ech hunn ugefaangen, mengem Noper säin Hond auszeléine fir mat em an de Bësch trëppelen ze goen“, erënnert sech dat 39-Järegt. Scho no e puer Momenter tëscht de Beem huet hatt realiséiert, wéi gutt him de Bësch gedoen huet. Als ehemolegt Waldorf-Kand war d’Karen gewinnt, vu klengem un vill Zäit dobaussen ze verbréngen an des Naturverbonnenheet war et och, déi hatt am Laf vun de Joren op eemol vermësst huet.

„Ech sinn amfong back to the roots gaangen, erëm zréck an d’Natur. Well do wou ech mech als Kand wuelgefillt hunn, kann ech dat als Erwuessenen och“

Dem Noper säin Hond huet schnell erëm missen doheem bleiwen, d’Karen wollt de Bësch a vollen Zich kënne genéissen, ouni Oflenkung. Säin Zoustand ass duerch seng Deeg am Bësch lues a lues besser ginn an hatt wollt des Erfarung och mat anere kënnen deelen. Op enger Toilette an engem Bréisseler Café huet d’Karen dunn dat fonnt, wat him nach am Puzzle gefeelt hat: „Do houng eng Affiche fir ‚coaching en forêt‘ an dat huet mech intrigéiert. Ech hunn dunn ugefaangen, e Konzept auszeschaffen a wéi meng Mamm mir leschten Hierscht en Artikel iwwer ‚Waldbaden‘ gewisen huet, krut dat wat ech maache wollt och endlech en Numm.“ Sechs Méint Recherche méi spéit huet d’Karen ugefaangen, säi klenge Business als Bësch-Coach offiziell opzebauen an aner Leit mat a seng Welt ze huelen.

Zu senge Seancë gehéiert awer keng Definitioun vun de Beem a Blieder, wéi een se aus dem Bestëmmungsbuch kennt, ma et geet em d’Erliewen. Seng Féiss ze spieren, wéi se iwwert d’Moos um Buedem trëppelen, hinnen ze vertrauen och ouni ze kucken – well schliisslech droen si eis eist ganzt Liewe laang. Oder einfach e Bam unzepaken, seng Struktur ze spieren, ouni dobäi un d’To-Do-Lëscht vum Dag ze denken. Einfach do ze sinn, wou ee grad ass, ouni Stress a Suergen. „Et léiert een, dat Environnement mat eppes ze associéieren, wat engem gutt deet. Den Déclic vum état d’esprit op relax kennt mat der Zäit, dat Ganzt ass e Prozess“, erkläert d’Karen.

Als e bësse magesch beschreift hatt dat, wat op vill Leit den éischten Abléck wahrscheinlech fuerchtbar banal wierkt. Ma d’Resultater vum „Waldbaden“ sinn awer net just am Kapp vun Esoteriker existent, an der japanescher Medezin ginn et eng ganz Partie Studien zu den heelenden Effekter vum Bësch.

 „D’Beem gi verschidden Enzymer of, déi mir anootmen oder duerch d’Haut ophuelen an déi eist Immunsystem eropdrécken. Och d’Unzuel vun de sougenannte Killercells, déi Kriibszelle bekämpfen, geet an d‘Luucht, wann een am Bësch ass“

De Bësch ze spiere kann also esouwuel präventiv, ewéi och als ënnerstëtzend Therapie bei ville Krankheeten agesat ginn. Natierlech kéint een sech des Technik och selwer untrainéieren, ma mat e bëssen Hëllef geet dat awer vill méi schnell, esou d’Karen:

„Ech sinn do fir de Leit en ABC bäizebréngen, wéi se hire Kierper benotze kënnen. D’Ziel ass awer, dass si selwer domat schreiwe léieren.“

Seng perséinlech Erfarung ass natierlech d’Basis, op déi de Bësch-Coach seng Übungen opbaut, ma och fënnef Joer Studium vun der traditioneller Chinesescher Medezin kommen dem Karen heibäi zegutt. Virun allem si seng Seancen awer komplett u seng Cliente ugepasst:

 „Et ass alles individualiséiert an ouni Drock. Mir schaffe kee Programm of, well dat schlëmmste wat s de Leit mat Burnout kanns undoen, ass wann s de se eppes maachen dees, wat se net erreeche kënnen. Ech huelen si do of, wou se grad sinn.“

Vun erschöpfte Mammen iwwer jonk Erwuessener mat Angschtzoustänn bis hin zu Leit an der Chemo-Therapie hat d’Karen scho vill Schicksaler bei sech am Bësch. Ma egal mat wéi enge Suergen ee bei de Coach kënnt, d’Ziel ass ëmmer dat selwecht:

 „Et geet drëms, erëm zu sech ze fannen. Et ass immens wichteg, sech selwer ze erlaben eng Paus ze maachen an sech Zäit fir sech a säi Kierper ze huelen.“

Well wann et dem Geescht gutt geet, dann ass d’Wahrscheinlechkeet méi grouss, dass de Kierper sech och méi schnell erëm erkritt. Medezinesch Wonner versprécht d’Karen zwar ganz sécher kengem, ma och wann d’Seance am Bësch vläicht net all Leed direkt heele kann: dee kuerze Moment vun der Rou, wou een einfach just am Elo ass, geet heiansdo vläicht schonn duer, fir erëm nei Energie ze tanken an säi perséinleche Kampf och den Dag duerno net opzeginn.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply