Bingo Time

Sou lues geet de Summer a soumat och d’Vakanz op een Enn zou. Wann dat kee Grond ass fir nach eng Kéier sou richteg vun der Vakanz heiheem ze profitéieren. Well och hei zu Lëtzebuerg kann ee vill ënnerhuelen, mir vergiessen dat just heinsdo. Grad well et souvill hei am Land ze entdecke gëtt, huet d’Generaldirektioun vum Tourismus sech eng ganz speziell Aktioun ausgeduecht: de „LetzBingo“.

D’Wieder spillt dëse Summer einfach nik sou richteg mat, dat hënnert d’Jetti, mäi klengen Mupp a mech awer nik doru fir ëmmer erëm eist Land besser kennenzeléieren. Ech wunnen elo schonn 10 Joer an der Stad, mee ech sinn nach ni de Wenzelwee getrëppelt. Dëse ganz bekannten Autopedestre geet duerch d’ganzt Stad. Virun allem de Gronn steet am Mëttelpunkt vum Tour. Et kann een de Wee wonnerbar mam „LetzBingo“- Spill kombinéieren. Fir mech mat de Spillreegele vu „LetzBingo“ vertraut ze maache ginn ech op de Site: www.letzbingo.lu lussen. Ech luede mir d’Bingo Kaart erof op den Handy, et kann een sech d’Kaart och ausprinten.

 

 

Hei gesinn ech wéi eng Aktivitéiten zur Auswiel stinn. Op der Kaart sti lauter Saachen déi een ouni Problem spontan ausübe kann, dat souguer bei Reen. Ech wiele vun der Kaart: „Deelt äre beléiftsten Aussiichtspunkt“, „Entdeckt d’Lëtzebuerger Welt vun de Mythen a Legenden“, „Maacht eng Wanderung op engem Autopedestre“ a „Bestellt eng Erfrëschung no enger vun Ären Aktivitéiten“ aus a maache mech mam Jetti op de Wee. Schonn eleng dat Gefill ze hunn bei engem Spill matzemaachen, mécht eisen Trip nach méi interessant.

 

 

Op dem Wee gesinn ech esouvill wat ech soss nach ni gesinn hunn, ob dat d’Natur ass déi mir mol richteg opfält oder d’Gesamtbild vun der Stad vun ëmmer erëm anere Plazen aus gekuckt, ech ginn op Klengegkeeten opmierksam, déi ech virdrun nach ni wouergeholl hunn. Ech kinnt iwwerall Fotoen huelen. Elo ass de Moment do fir bei LetzBingo matzemaachen. Bei all Aktivitéit déi ech op menger „LetzBingo“ Kaart fannen, déi op de Moment passt, maachen ech eng Foto a posten se op Instagram an op Facebook mam Hashtag #LetzBingo an ech taggen och Visit Luxembourg.

 

 

Ab dem Moment wou d’Foto online ass maachen ech automatesch beim Gewënnspill mat a kann bis den 15. September en Fluch mat engem klenge Fliiger iwwert Lëtzebuerg gewannen.

 

 

Mäin perséinlechen Highlight ass d’Melusina ënnen am Gronn vis à vis vun der Abtei Neimënster. Op dëser magescher Plaz fänken ech un ze dreemen an genéissen et fir ee Moment an d’Geschicht vun dësem Mythus anzetauchen…eng Geschicht déi mech ëmmer ërem an hire Bann zitt.

 

 

Nom Wenzelswee sinn ech duuschtreg a freeë mech schonn op déi lescht Aktivitéit déi ech mir fir dësen Dag virgeholl hunn an op menger Bingoskaart ugekräizt hunn: „Bestell eng Erfrëschung no enger vun Ären Aktivitéiten“. Doropshi siche mir eis eng schéin Terrasse an der Alstad a bestellen eng gutt kal Kippchen. An och heivu maachen ech eng Foto a posten se op Instagram. Dat mécht richteg Spaass. Et muss een nik all Punkter vu senger Kaart gemaach hunn, do mécht een einfach no Loscht a Laun mat.

 

 

Op Instagram gesinn ech mam Hashtag „LetzBingo“ all d’Fotoen déi scho fir dëst Spill geholl goufen, dat sinn der schonn eng jett an ech gesi wéi vill Freed d’Leit hunn dës Aktivitéite matzemaachen an dovu Fotoen ze maachen. Och fir mat de Kanner dëst Spill ze spillen ass richteg flott well een ausser en Handy näischt brauch.

 

 

Mir huet eisen Bingo-Dag super gefall an och d’Jetti hat vill Freed. Huet dir elo och Loscht kritt op eng Partie „LetzBingo“? Ma da lass, mir wënschen Iech vill Spaass.

 

 

 

Text: Mady Lutgen mat der Generaldirektioun vum Tourismus

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply