Boho Kniwwelkätti

Se ware schonn an der Kandheet de Renner, ma och als Erwuessene wëll een se amfong net mëssen: Frëndschaftsbännercher. Egal op am Partnerlook mat der beschter Frëndin, als Souvenir aus der Vakanz oder einfach als coolt Accessoire fir de Plage-Look – déi faarweg Braceleten si wéi e stännege Begleeder, deen och no der Salzwaasser-Dusch nach gutt ausgesäit. Richteg begeeschtert vum Bijou-Evergreen ass och d’Anouk Koster, Grënnerin vu „bohobloom“. Säit Abrëll kniet déi 25 Joer al Studentin net méi nëmme fir sech flott Bänner fir un den Aarm, ma verkeeft seng Kreatiounen och via Instagram un anerer.

“Meng kleng Schwëster huet mir d’Technik amfong bäibruet, dat war ëmmer eis Beschäftegung wärend der Summervakanz wa mir iergendwou beim Mir op der Lige louchen“, erzielt d’Anouk.

Sech selwer bezeechent hatt als „Knëschelkätti“, wat schonn ëmmer eng Virléift fir Handaarbecht a Kniwwelen hat. De Kick fir seng eege Säit ze starte, koum awer eréischt duerch Corona – a säi Frënd. „Vu dass ech keng Uni méi hat an dunn zu Hamburg a menger Wunneng souz, hunn ech ugefaange mat dene puer Fiedem déi ech nach doheem hat Braceleten ze maachen. Wéi mäi Frënd mat der Iddi fir en Insta-Account koum, war ech am Ufank e bësse pessimistesch, well ech mir geduet hunn, dass d’Leit sech esou Bracelete jo amfong och kënne selwer maan“, esou dat 25-Järegt. Ma de Reiz vun der klenger Selbststännegkeet war awer méi grouss ewéi seng Zweiwel, an d’Anouk huet sech an de neien Challenge lancéiert.

De Numm an de Logo fir seng Mark ware schnell fonnt a mat der Hëllef vun der Famill konnt „bohobloom“ direkt voll ekipéiert starten: „Ech hat schonn ëmmer gäre Boho an hunn dunn einfach um Internet mat engem Name-Creator ronderëm experimentéiert, bis ech deen hei ebe fonnt hunn. Meng Schwëster duerft dunn als Fotografin asprangen a mäi Frënd huet mir mam Logo gehollef, et war also alles e gudden Teamwork.“ Déi éischt Kollektioun vu bohobloom war och direkt e volle Succès an d’Anouk ass scho bal iwwerrannt gi mat Ufroen: „Ech hat net domat gerechent, dass esou vill Leit interesséiert wieren. Zemools déi éischt zwee Méint sinn ech net méi hannendru komm mat Bracelete maachen!“

Ma déi vill verschidde Kniet si fir d’Anouk eng Manéier erofzekommen an owes op der Couch ganz ouni Handy einfach ze relaxen. „Et ass zwar relativ zäitopwänneg, mee ech kéint mech wierklech de ganzen Dag domat amuséieren“, esou dat 25-Järegt. Virun allem de Feedback vu senge Clients, déi him no all Kaf e Merci via Insta schécken a seng Kreatiounen an hire Storye präsentéieren, si fir d’Anouk eng besonnesch Freed. Ma och de Fait, dass hatt d’Theorie aus senge Studien elo ëmsetze kann, ass e Pluspunkt: „Ech studéiere Marketing am Master an fannen et immens flott, alles wat ech op der Uni léieren och emol am real life ze gesinn. Déi ganz Insta-Algorithmen, d’Insights an einfach dass wann ee vill Zäit a säin Account investéiert, een och méi Trafic kritt. Dat mécht onheemlech Spaass.“

Mëttlerweil huet bohobloom d’Grenz vun de 500 Follower geknackt an d’Anouk weess esou lues, wat bei de Leit wierklech gutt ukënnt: „Ech hu bis lo zwou Fraen- an eng Härekollektioun lancéiert a bei der zweeter hunn ech gemierkt, wat wierklech vill gefrot gëtt. D’Dammen hunn immens gär gekräizte Muster, wärend d’Männer éischter fir d’Fischgretenmuster sinn. Faarwleg geet alles wat Pastell ass immens gutt an dann natierlech schwaarz-wäiss oder taupe, also éischter déi dezent Téin.“ Am Anouk senger Wunneng fënnt een entretemps iwwer 500 verschidde Faarwen, des all a Form vu Kottengsfiedem.

Den Ament schafft hatt dann och un enger Kollektioun fir un de Fouss an ass um Teste fir spéider Designs: „Ech hunn eng Rei Pärele bestallt fir mol eppes anescht ze probéieren. Déi éischt Méint hunn ech wierklech just dat ofgeschafft wat d’Leit bestallt hunn, mee elo ass et e bësse méi roueg an dat notzen ech fir mir wierklech Gedanken ze maachen.“

Pro Bracelet brauch d’Anouk ongeféier eng Stonn a mat engem Präis vu 9,50 Euro läit hatt zwar däitlech iwwer dem wat an de Souvenirshops duerchter d’Welt gefrot huet, ma „handmade“ ass eben net dat selwecht wéi vum Stänner. „Ech sinn éierlech: du kanns och um Maart e Bracelet fir 3 Euro kafen, mee deen ass da maschinell gefäerdegt an du kanns dir net deng eege Faarwen eraussichen. Ech souz relativ laang do fir e Präis ze fannen, mee ech wollt einfach eppes bei dem meng Clients an ech eis béidsäiteg entgéintkommen“, esou d’Anouk.

Selwer dréit hatt scho säit annerhallwem Joer ee Bracelet um Handgelenk an een um Fouss, déi hatt och fir näischt géif ausdoen: „Deen een hunn ech mat enger Frëndin zesumme gemaach, dass mir allen zwee dee selwechten hunn. Ech géif se jo wiesselen, mee fir mech hu meng Braceleten ëmmer eng speziell Bedeitung.“ Fir seng Clients huet dat 25-Järegt mëttlerweil iwwer 200 Bännercher gekniet, vun deenen der vill bei de selwechte Persoune gelant sinn: „Et si vill Leit déi net nëmmen ee Bracelet bestellen, mee direkt e puer beieneen, entweder fir bei all Outfit oder fir dass se faarwleg beienee passen.“

Fir d’Anouk ass säin Hobby nieft der Uni eng Manéier, fir schonn an eng gewësse berufflech Richtung ze goen: „Ech sinn immens gastro-interesséiert a géif gär vläicht e klenge Brunch-Spot iergendwou opmaachen. De Reiz fir d’Selbststännegkeet hat ech schonn ëmmer an bohobloom ass einfach dat, just am Klengen.“

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply