Box einfach alles eraus

De Krav Maga Center zu Bäreldeng bitt nieft senge gängege Krav Maga Couren och en ganze Coup aner Couren un wéi zum Beispill d’Bag Class.

Hei hänke Boxsäck vum Plaffong a mat deene gëtt trainéiert. Ech hunn nach ni geboxt a fir mech ass dee Cours eppes ganz Neies.

Fir d’éischt maache mir eis waarm an da geet et lass. Mat de Boxhändsche gëtt a verschiddene Variatiounen op de Sack geschloen, mol mat den Hänn, dann den Eelbéi an de Féiss an dann ëmmer erëm anescht. Dat eleng ass schonn ustrengend mee deet immens gutt.

 

Ech sinn een douce Mënsch a meng Roserei loossen ech nëmme ganz seelen eraus. Hei kann ech mengem Stress a menger Roserei eng Plaz ginn. Ech powere mech richteg aus. Bei där richteger Hard Rock Musek geet dat och einfach. Et entseet eng Gruppendynamik well jidderee wéi an Trance ass. Fir dass et dann och richteg wéi deet, musse mir dotëscht ëmmer erëm Squatte maachen oder a Pompelen. Iergendwann kann ech einfach nik méi an ech pause fir eng kleng Ronn wat guer kee Problem ass, jiddereen trainéiert a sengem Rhythmus. Zum Schluss sinn ech einfach just nach frou a stolz. Ech hätt ni gemengt, dass ech sou eng Power a mir hunn. Deen Dag dono hunn ech dann och gespiert, dass d’Bag Class mäi ganze Kierper trainéiert huet, ech hat Muskelkater op Plaze wou ech nik wosst, dass et iwwerhapt Muskele ginn.

 

 

Wanns Du elo sees, dat do ass och eppes fir mech an Du wëlls d’Bag Class testen, da komm mat mir en Mëttwoch um 18 :30 an de Cours, zesummen ass et ëmmer méi flott. Ech freeë mech op dech.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply