Bye Bye Dellen

Se mëscht eis d’Liewe méi schwéier. Sech un se ze gewinnen ass nik einfach an se ze akzeptéieren ass fir vill Fraen eng Saach vun der Onméiglechkeet. Rieds geet vun der Cellulite. Bal all Fra huet se an se verdierft engem dacks de Spaass well een nik dat kann undi wat ee wëll oder sech doduerch nik wuel am Kierper fillt. Mir sinn dofir dass mir eis sou sollen unhuele wéi mir sinn, mee mir verstinn ewer och wanns du sees: “Meng Cellulite nervt mech”!

An dësem Fall gëtt et eng Crème vu Juchheim : “Bye Bye Cellulite”. Si versprécht Wonner. D’Pascale Meier vun Inshape.lu huet sech mat de Produkter vu Juchheim selbststänneg gemaach. Well mir ganz skeptesch mat sou Verspriechunge sinn, hunn mir eng Testpersoun gesicht, déi fir eis dëst Wonnermëttel soll ausprobéieren. D’Astrid Gomez huet sech gemellt a mir hunn him d’Crème fir 10 Deeg mat Heem ginn.

Zum Produit:
Bye Bye Cellulite enthält Wirkstoffkombinatiounen déi d’Ausgesi vun der Cellulite séier verännere soll. Et handelt sech heibäi nëmmen em héichkonzentréiert pflanzlech Rohstoffer. No enger Woch léisst d’Eroude vun der Haut an och d’Wärmegefill beim an nom Opdroen no. Dat soll en Zeechen dofir sinn, dass d’Wierkung op Héichtoure leeft.

Wat dës Crème versprécht:
-Steigerung vun der Duerchbluddung
-Fillbar Wäermeentwécklung
-Verbesserung vun der Hautversuergung
-Glättung vun der Haut
-Festegung vun der Hautstruktur
-Harmoniséierung vum Hautbild

Wou kann d’Crème agesat ginn?
Um Bauch, Been, Uewerschenkel, Knéien, Hënner, Ärem an Doppelkënn.
Fir dass d’Crème am beschte wierke ka soll ee keen Duschgel mat Paraffinen, Parabenen oder Silikone verwenden.

Wéi d’Bye Bye Cellulite-Crème uwenden?
Déi betraffe Platze mat engem Tonic Waasser propper maachen. D’Crème dono dënn opdroen. Et ka sinn dass d’Haut rout gëtt an och brennt. Dës Symptomer loossen ewer mat der Zäit no. Bye Bye Cellulite soll reegelméisseg verwendt ginn, moies an owes wärend 90 Deeg. Dono kann se 2-3 Mol opgedroe gi fir d’Resultat ze erhalen

Erfarungsbericht:
D’Astrid huet d’Crème 10 Deeg moies an owes ugewendt. Am Ufank hat hatt Ausschlag an d’Haut huet gebass. No puer Deeg war dat ewer fort. No 10 Deeg konnt hat schonn eng Verbesserung un de Been feststellen. Bléift ze soen, dass een d’Crème 90 Deeg reegelméisseg moies an owes muss uwende fir dat gewënschtent Resultat ze erzielen.

Bemierkung vum Mady:
Ech testen d’Crème déi 90 Deeg a wäert iech iwwert d’Resultat informéieren.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply