Bye bye Speck

D’Fréijoer ass endlech do an d’Summerdeeg loossen och nik méi laang op sech waarden. An fir déi wëlle mir dach fit si vu baussen a vu bannen.

An eisem stressegen Alldag ass et schwéier op eng gesond Ernierung opzepassen, meeschtens feelt einfach d’Zäit. Grad elo am Fréijoer wëlle mir de lästege Speck vum Wanter och nach lassginn, wat zu nach méi Stress féiert. D’RINGANA Produiten aus Éisträich si genau dofir konzipéiert an hëllefen eis dobäi gesond ze liewen ouni vill Opwand.

 

 

Kenns Du dat och, Du wëlls ofhuelen, hues awer keng Zäit dir Mëttes extra ze kachen. Oder Du bass sou gestresst Mëttes dass Du dir wënschs eng vollwäerteg Moolzecht zou dir ze huelen déi ee ganz séier zoubereeden kann an trotzdeem gesond ass. Dofir ass de veganen d-eat vu RINGANA genau dat richtegt. Et ass eng komplett vegan Moolzecht déi sättegt mat alle wichtegen Närstoffer an dat nëmme mat 200 Kalorien. De Pudder gëtt mat Waasser verdënnt an dono am Shaker gerëselt. De Geschmaach ass neutral, fir dass en engem nik op de Geescht geet. Et kann een dat Ganzt och mat engem Expresso verfeineren oder mat Äerdbieren oder schwaarzem Chocolat, wann een klenge Push brauch fir den Goût. Hei experimentéiert een am beschte selwer bis een dat fënnt wat engem am beschte schmaacht.

De Pack kann ee ganz praktesch iwwerall mathuelen sou dass een niméi am Fall ass wou een nik weess, wat een zu Mëtteg iesse soll. Den d-eat ënnerstëtzt virun allem de Plang fir ofzehuelen, wann een zwou Moolzechten am Dag mat dësem ersetzt.

Ee weidere super Begleeder beim Ofhuelen ass den innovatiiven Beauty Drink dea. Déi eenzegaarteg Kombinatioun vun de reng natierlechen Inhaltsstoffer vun dësem héichkonzentréierten Drink mécht dësen zum engem reegelrechte Wonnermëttel géint Bauchfett. Den Appetit gëtt gedrosselt, de Fettstoffwiessel ugereegt an en wierkt iwwerdeems och nach entwässernd. Den Drink gëtt mat Waasser verdënnt a kann iwwert de ganzen Dag verdeelt zou sech geholl ginn.

 

 

Durch d’Ofhuelen wënschen mir eis virunallem och eng méi straff an glaat Haut. Den FRESH overnight body treatment ass en intensivt Fleegproduit deen d’Kollagensynthese ureegt, d’Zellerneierung an de Fettstoffwiessel vun der Haut ukurbelt. Dodurch gëtt d’Silhouette méi glat a méi straff. D‘Cellulite an Dehnungssträifen ginn manner. Dobäi kënnt, dass d’Produite vu RINGANA nëmmen aus natierlechen Ingrediente bestinn an näischt un Déiere getest gëtt. RINGANA verzicht iwwerdeems och ganz op Mircoplastik wéi Erdueleg. Dëst gëllt och fir hir Verpackungen. Se sinn nik aus Plastik mee aus recycléierbarem Zockerrouer.

D’Kombinatioun vun dësen véier Alleskönner wäert Dech bei Dengem Ziel vum Ofhuele sécher ënnerstëtzen. Wanns Du nach Motivatioun brauchs beim Ofhuele kanns Du dech gäre beim Tanja mellen, zesummen ass een ëmmer méi motivéiert, hatt kann dech och gäre beroden.

 

 

Mady Lutgen mam Tanja Rätsch

 

 

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply