Chill deng Nippelen…

Ech sëtzen grad a Florida a mir gëtt bewosst, dass ech ëmmer alles verbesseren oder verännere wëll. Ni ass eppes gutt genuch. Obwuel ech een ganz dankbaren Mënsch sinn…

Vläicht kenns du dat och. D’Wieder ass schaiss, de Partner schnarcht oder geet zevill op den Tour an d’Schwéiermamm nervt well se 100.000 Mol den Dag urifft. D’Kanner wëllen andauernd eppes vun dir an den Hond billt all Kéiers wann en Auto laanschtfirrt. An déi bescht Frëndin gëtt dir Tipps wéis de Däi Liewen besser op d’Rei kriss an och Du gëss Rotschéi ouni dass de iwerhapt ëm ee Rod gefrot goufs…

Dës Woch hunn ech mir virgeholl keng Situatioun an och kee Mënsch a mengem Ëmfeld wëllen ze änneren an och kee Rod wëllen ze ginn ouni dass ech gefrot ginn. Eng schwéier Aufgab fir mech.

Automatesch verurtdeelen ech a fannen Saachen déi ech nik gutt fannen déi ech wëll veränneren, verbesseren u mir, u mengen Matmënschen mee och un der Welt. Ni ass eppes gutt genuch.

Ech probéieren mech mol sou unzehuelen wéi ech sinn mat all mengen Feeler an Imperfektiounen, dann meng Matmënschen, all eenzelnen probéieren ech sou hinzehuelen wéi en ass an all Situatioun sou wéi se ass ouni se wëllen se veränneren. No an no ginn ech méi roueg, méi chill. Et deed gutt einfach mol alles unzehuelen, einfach mol alles sou ze akkzeptéieren a senger kompletter Onperfektioun ouni Erwardung u mech oder un déi aner oder d’Welt.

 

 

Vläicht mol eng gutt Übung déi een tëschendurch ka maachen fir einfach mol erëm relax ze ginn an sech bewosst ze ginn iwwert wat ee sech opreegt an sech selwer mol nik sou serieux ze huelen. Andeems mir alles ëmmer verännere wëllen verpasse mir ganz vill. Dat Unhuelen léist Rou akéieren. Et muss nik ëmmer alles perfekt sinn a virun allem ass kee perfekt an mir hunn grad déi Saachen déi eis bei aneren nerven dach gär.

Mir huet et gutt gedinn mol nik sou streng mat mir an der Welt ze sinn an einfach mol méi chilleg ze sinn. Probéier et mol aus an erziel eis vun dengen Erfahrungen…

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply