Choose Joy

Zwee Joer Corona an elo kënnt nach ee Krich dobäi. Fir vill vun eis bedeid dat nach méi Angscht ze hunn an d‘Tendenz ass do an ee Lach ze falen oder an eng negativ Spiral. Et ass schwéier an dëser Zäit positiv ze bleiwen.

Och fir mech ass et heinsdo nik einfach positiv ze bleiwen. Ech stinn nik all moies op an denken: „ Wow alles ass super“! Nee, positiv ze sinn bedeid u sech ze schaffen, virun allem dann wann dat Negativt sech häuft.

Hei en puer Tipps déi ech uwenden all Dag fir a menger positiver Energie ze bleiwen egal wat an der Welt oder rondrëm mech geschitt. Ech kann näischt géint de Corona ënnerhuelen oder géint de Krich an der Urkaine. Ech kann ewer dorun schaffen fir positiv ze sinn, dat och auszestrahlen, léif mat aneren Leit ze sinn an dat gëtt eng Well déi villen gutt deed.

 

 

-Huel dir all Moies 10 Minutten Zäit an sierf frou an dankbar fir all déi schéin Saachen an Persounen déis Du an dengem Liewen hues. Wanns Du gesond bass, sierf och dowéinst frou an dankbar, dat ass nik selbstverständlech.

-Géi 10 Minutten raus trëpplen am beschten an d’Natur. Fixéier dech op dat wats Du gesäiss a probéier d’Schéinheet vun der Natur ze entdecken.

-Wann Angschtgedanken opkommen zeel bis 4, Haal den Otem 7 Sekonnen an an otem an 8 Sekonnen aus, maach dës Übung soulang bis Du dech erëm berouegt hues.

-Loos déi negativ Gedanken zou, akkzeptéier se an spär se an enger fiktiver Këscht an.

-Kach, baak oder mol eppes. Wann mir Saachen kreéieren kënne positiv Gedanken enttoen a mir sinn frou dono.

-Setz dech an d’Sonn wann se do ass an tank Vitamin D. Vitamin D mécht eis frou.

-Beweg dech, danz doheem op Musik a sang. Beim Sangen kënne mir keng Angscht hunn, dofir sang sou haard wéi et geet egal wat d’Noperen denken.

 

 

-Maach dech fir dech selwer schéin an déi dir eppes Guddes, fiitz dech eraus, maach dir eng Gesiichtsmask oder gönn dir eng Massage. Alles wat sech gutt ufillt ass erlabt.

-Dréck aner Mënschen fest, viruan allem déi déis Du gär hues an deel deng Léift mat hinnen. Léift ass ëmmer d’Änwert op alles an hëlleft bei allem.

Probéier dat hei all Dag an Du waerts mierken, dass et dir waërt besser goen. Verprach.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply