Däi Statement

Extravaganten oder Statement Schmock ass schwéier ze fannen…dat weess och d´Schmockdesignerin d´Michelle Kraemer. Dofir léist hatt sech ëmmer ganz speziell Designs afalen. Säin Atelier „Stoss im Himmel“ deelt et mat aneren Schmockdesigner zu Wien, hatt lieft schonn zanter Joren do. Säin Know How huet d`Michelle  ze soen an der ganzer Welt gesammelt…

 

 

 

Virun allem schafft hatt mat engem ganz speziellen Holz, wat ganz liicht ass. Ech ka keng schwéier Ouerréng méi undinn…dofir sinn dem Michelle seng Kreatiounen einfach perfekt. Well mir seng Konschtstécker esou gutt gefall hunn, hat ech et gefrot eng MADI Kollektioun ze maache mat der Form vun de Lëpsen am schwaarz-Gold Look. Ech fannen d´Stécker sinn elegant chic mat engem Touch vu Verspilltheet. D´Kreatiounen loossen all Look extra, eenzegaarteg ausgesinn.

 

 

D´Michelle ass nächst Woch zesumme mat sengem Atelier an der Stad op Besuch vun en Donneschden bis Bretzelsonndeg fannt dir hatt an och d´MADI Kollektioun am Pop-up Store op der Nummer 43 an der Grand Rue.  Mir géifen eis iwwert däi Besuch freeën a vergees nik dir d´Kreatiounen unzekucken op www.michellekraemer.com!

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply