Däin Äddi

Den Doud ass nach ëmmer en Tabu Thema. Keen schwätzt gär doriwwer a kee stellt sech Froen iwwert säin eegenen Äddi. Allerhellegen ass een Dag wou mir un déi Leit denken, déi eis schonn Äddi gesot hunn. Ma et ass och en Dag wou mir eis mat eisem eegenen Doud ausernee setzen. Sou maachen ech et mol…

Ech sinn éierlech mat dir, och ech hunn en Problem mam Doud. Ech hunn mech ni mat dem Thema befaast well et mir Angscht gemaach huet an nach ëmmer mécht. Mee wéi meng Mamm gestuerwen ass hunn ech mir Froe gestallt wéi: Gëtt et ee Liewen nom Doud an iwwerhaapt hunn ech mech méi mam Stierwen ausernee gesat. Well mir sëtzen do all am selwechte Boot, mir kommen aus dësem Spill nik lieweg eraus an dat ass och gutt sou, well den Doud mécht eist Liewen dach réischt liewenswäert…

Leider si Begriefnisser näischt Schéines, alles ass kal an düster, kee Wonner dass een do nach méi Angscht kritt virum Doud.

Meeschtens huet dee Moment näischt méi mat der Persoun ze dinn déi gaangen ass an dat ass dach immens schued.

Ech wëll op alle Fall kee sou en Begriefnis wéi ech et kennen, dat ass sécher, well ech liewen immens gär an dofir soll mäin Abschid keng gro elle Feier sinn.

Et fält mir schwéier mir elo dës Gedanken ze maachen, mee ech mengen et ass besser et mécht een sech se an et deelt een se och senge Frënn a Famill mat, well iergendwann ass et souwäit an da soll dach dee leschte Moment sou schéi wéi méiglech sinn.

Fir Äntwerten op meng Froen ze kréie besichen ech de Jean-Paul Erasmy vun « Erasmy Pompes Funèbres », deen de Familljebetrib leet. An hire ganz moderne Reim zu Hamm fillen ech mech richteg wuel, dat hätt ech nik geduecht. Et deet gutt mat engem ze schwätze fir deen den Doud nik schreckhaft ass. De Jean-Paul ass mam Doud opgewuess, huet als Kand an den Särg am Ausstellungsraum gespillt. Ech froen hie Lächer an de Bauch well ech wéi gesot nach ni sou offen an ongehemmt mat engem iwwert den Doud schwätze konnt.

Hien erkläert mir, dass den Doud zu Lëtzebuerg nach ëmmer en grousst Tabu Thema duerstellt an dass een an Däitschland scho méi locker domat ëmgeet, hien huet selwer seng Erfarungen an deem Beräich an Däitschland gesammelt.

Punkto Trauerfeier ass zu Lëtzebuerg alles méiglech, ma just déi mannst gräifen op eppes méi Aussergewéinleches zréck. « Mir kënnen ze soe bal all Wënsch erfëllen », seet de Jean-Paul, deen sech mat senger Equipe ëm alles këmmere kann. Vun der richteger Musek mat Fotoen um Kierfecht oder zu Hamm bis hin zum faarwege Sarg an der selwergemoolten Urn. Jo, Du hues richteg héieren. Et kritt een Designer Särg an et kann een säi Sarg souguer am viraus selwer molen oder d’Urn. Oder d’Famill kann se bemolen. « Et kann ee ganz besonnesche Moment si fir d’Famill, wann se sech sou verabschide kënnen », sou de Jean-Paul.

Wierklech schéin Trauerrieden hunn ech bis elo nach ni héieren. Bei enger kathoulescher Feier kann een de Paschtouer froe fir perséinlech Wierder kënnen ze soen och zu Hamm ass dat méiglech oder bei enger ziviler Feier.

«Meeschtens ass dat kee Problem, mir kucken dat mat de betraffene Persounen an d’Rei ze maachen, leider sinn sou Ufroe seelen », erzielt de Familljepapp.

An d’Äsche kann een an d’Mier verstreeën oder tatsächlech op de Mount schéisse loossen oder doraus en Diamant schläife loossen. Dat wousst Du bestëmmt alles nach nik, ech bis zu dësem ganz interessante Gespréich och nik.

De Jean-Paul a säi ganzt Team sinn op alle Fall do, falls ech nach Froen hunn a falls ech am viraus mäin leschten Äddi plange wëll fir dass en genau sou gëtt wéi ech mir et virstellen. A wanns Du Froen hues, da mell dech einfach bei hinnen.

Mir huet dat Gespréich vill Angscht geholl an et huet mir ee gutt Gefill ginn, ze wëssen, dass och meng lëscht Feier eng richteg schéi ka ginn.

 

Mady Lutgen mat Erasmy


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply