De Moment festhalen

Look at the sky tonight, all of the stars have a reason. Den Tattoo um Martine Pinnel sengem Aarm ass wéi e Stéck vu senger Aarbecht, dat d’Martine ëmmer bei sech dréit. E Stéck Erënnerung u Kanner, déi ni duerften d’Welt entdecken, un deenen hirem Liewen d’Fotografin awer konnt deelhuelen, wann och just fir een Ament. Stärekanner, also Bëbeeën, déi bei oder virun der Gebuert verstierwen, ginn et der all Joer zu Lëtzebuerg an all eenzele vun hinnen hannerléisst am Liewe vu sengen Elteren e risegt Lach, ma och vill Spuere vun der Léift an Erënnerung. Insgesamt 64 Doutgebuerte goufen 2021 vun der Santé registréiert. Déi, déi manner wéi 500 Gramm gewiehen hunn oder et net bis an déi 22. Schwangerschaftswoch gepackt hunn, ginn als fréi oder spéit Feelgebuert definéiert a sinn an dëser Statistik net mat dran.

“Am Ufank hat ech fir all Kand e Lidd, well d’Musek mir hëlleft, Saachen, déi ech erliewen ze verschaffen”, seet d’Martine. Insgesamt 40 Mol ass d’Fotografin schonn an d’Spidol geruff ginn, fir hei e Stärekand ze knipsen. Mat senger Asbl Stärekanner fëllt d’Martine zanter zwee Joer eng Léck am System, well fir Kanner, déi ni duerfte liewen, gëtt et keng richteg Plaz ; Näischt, wat ausserhalb vum Kierfecht un si erënnert. “Erënnerunge verblatzen immens schnell. Iergendwann weess een net méi, wéi hir Nues genee ausgesinn huet oder op d’Zéiwe laang waren. Eng Foto ass dat eenzegt physescht, wat da nach bleift”, erkläert d’Martine den Zweck vu senge Biller.

Stëllgebuerten, esou de medezineschen Terme, sinn hei am Land ewéi och international nach ëmmer en Tabuthema. Eppes, iwwer dat ee net gär schwätzt, an dat, obwuel 10 bis 20 Prozent vun de Fraen, déi Kanner kréien, mindestens eng Kéier an hirem Liewen eng Feelgebuert haten. “Si ginn an hirer Trauer eleng gelooss. Wann eng Fra no enger Schwangerschaft zeréck op d’Aarbecht kënnt a kee congé parental hat oder dësen ofgebrach gouf, well hire Bëbee wärend dem congé de maternité gestuerwen ass, da muss gefrot gi firwat. Et soll een Unerkennung weisen a wéinstens nom Numm vum Kand froen. Dono, wiem et geglach huet, wéi d’Gebuert war, wéi et sech ugefillt huet, säi Bëbee am Aarm ze halen, well och wann e Bëbee gestuerwen ass, huet en awer existéiert a war Deel vun der Welt vu sengen Elteren, de Grousselteren, de Geschwëster”, fuerdert d’Fotografin.

Vill Eltere vu Stärekanner géifen sech net trauen, oppen em hiert Kand ze traueren, einfach well vun der Gesellschaft géif gemaach ginn, wéi wann dëst ni do gewiescht wier. “Dat ass awer net esou. Dat Kand war an ass do an dat soll och gewise ginn”, fënnt d’Martine. Mat sengem Service, deen hatt gratis a nieft senger regulärer Aarbecht ubitt, wëll hatt wéinstens e klengen Deel dozou bäidroen, dass Stärekanner an Erënnerung bleiwen – esou, wéi se dat verdéngt hunn. Seng Aufgab ass et, déi puer Momenter, déi d’Famill zesummen huet, festzehalen, ze dokumentéieren, well dës komme fir d’Stärekanner an hir Elteren ni méi erëm.

“Verschidde Leit hu schonn e Kand a wëllen déi selwecht Fotoen och mat hirem zweete maachen. Anerer sinn einfach frou, dass ech do sinn, fir dass si eppes hunn, wat si spéider un hire Bëbee erënnert.”

Et wiere surreal Momenter vun der Péng, der Freed, der Roserei, dem Onverständnis, ma virun allem vun der Léift, déi d’Martine mat de betraffene Famillen an der Maternité erlieft, an déi ee soss mat näischt kéint vergläichen. “Et gëtt keen anere Moment, deens de kéints domat a Relatioun setzen, wéi wann s de an e Raum kënns an eng Mamm do sëtzt mat hirem Bëbee am Aarm, dee net méi lieft. Bei mengem éischte Shoot mat engem Stärekand hunn ech déi éischte Kéier gespuert, wat Léift wierklech ass.” Un dësen, ma och un all eenzele Bëbee duerno kann d’Martine sech nach erënneren, mat sengem Gebuertsdatum, Numm an de klenge Mierkmoler, déi all Kand eenzegaarteg maachen. “E klengt Meedchen hat esou schéi rout Bäckelcher, esou eng gesond Faarf, do frees de dech wierklech ëmmer nees, wisou?”

Seng eegen Trauer a Roserei hält d’Fotografin awer esou gutt et geet fir doheem, well am Spidol geet et net em seng Gefiller, mee em de Bëbee an d’Famill, déi e puer lescht Momenter mat dësem wëll verbréngen. “All Shoot ass immens individuell an hänkt dovun of, wien alles dobäi ass, op ech eleng mam Kand sinn oder d’ganz Famill do ass. Eppes, wat ech awer ëmmer maachen, sinn Detail-Fotoen: vun den Hänn, de Féiss, der Nues, den Aperhoer. Eng Foto, déi och immens wichteg ass, ass déi, wou all d’Hänn beienee sinn. Wéi oft kanns de dengem Kand seng Fangeren nach halen? Jiddereen huet, wann en e Puppelche gesäit, automatesch de Reflex de Fanger dohinzehalen, fir dass en dono gräife kann. Dee Moment sollen och Eltere vun enger Doutgebuert dierfen erliewen”, erkläert d’Martine.

E Bëbee, deen net méi lieft, soll dowéinst net manner e Bëbee sinn an all Kand hätt d’Recht drop, eng Kéier agekuschelt ze ginn, an den Äerm vu senger Mamm, sengem Papp oder der Boma ze leien, an e Petzi ze halen – esou, wéi et dat och gemaach hätt, wann et nach géif liewen. Fir d’Martine sinn et bei all Stärekand Momenter vun der Dankbarkeet, dass hatt dëst dierf kenneléieren, ma och vun der Uspanung, well all eenzel Foto, déi hatt mécht, ass wichteg.

“Vill Eltere kréien ni eng Erklärung dofir, firwat hire Bëbee net méi do ass. D’Mammen droen dann oft Scholdgefiller an sech, déi ni méi fortginn, well si d’Gefill hunn, si hätten hiert Kand dach misse beschützen.”

D’Ongewëssheet iwwer den Doud vun de Stärekanner wier nëmme schwéier ze erdroen, dofir wier et ëmsou méi wichteg, schéin Erënnerungen ze schafen, un deenen een sech festhale kann.

Fir d’Martine selwer ass et immens wichteg, déi kleng Butzen, déi hatt fotograféiert, och ze éieren, dëst mat engem ganze Set un Accessoiren, déi eppes Schéines solle kreéieren. Vu klénge Päiperleken, déi oft als Symbol fir Stärekanner geholl ginn, well se just ee Moment op der Welt sinn, ier se nees fortfléien, iwwer Trauerkaarte mat engem Sproch vu Le Petit Prince, Bijouxe mat den Initiale vum Kand, bis hin zu Erënnerungskëschten oder Schatztruhen, wéi d’Martine se nennt, kritt all Famill e ganz uniquet Undenken, well just dat ass et, wat hinnen herno nach bleift.

“All Erënnerungsstéck ass immens wichteg, net just Fotoen, mee och Empreinte vun den Hänn a Féiss, eng Mäsch vun den Hoer, e Stéck vum selwechte Stoff wéi dem Kand säi Kleed, eng Strëmp. Alles ass wichteg, well näischt aneres bleift.”

An senger Missioun ass d’Martine awer net eleng, well nieft sengen Elteren, déi him immens vill hëllefen, sinn et och total Friemer, déi sech fir d’Stärekanner engagéieren. “Et herrscht eng wansinneg Solidaritéit ënnert de Leit, déi dat selwecht erlieft hunn a Frae generell. Verschiddener sammelen Hochzäitskleeder, déi se mam schéinsten Dag an hirem Liewe verbannen an aus deenen da Kleeder fir d’Stärekanner gemaach ginn. Anerer léiere bitzen, extra fir eis kënne Petzien ze maachen, déi mir de Kanner an Elteren da schenken”, esou d’Martine. Fir all Bëbee hëlt d’Fotografin e Set mat op de Shoot: e Kleedchen, eng Mutz, zwee stoffen Häerzer, eng Decken, e klengt Schëffchen, Schéngelcher, e Petzi. Eben alles dofir, dass d’Fotoen esou schéi wéi méiglech ginn an dem Kand Rechnung droen.

“Dat Ganzt huet natierlech och eng immens traureg Säit, wann d’Elteren ufänke mat kräischen oder jäizen, mir hir Geschicht erzielen. Da sinn ech frou, meng Kamera virum Gesiicht ze hunn”, gëtt d’Martine zou. Déi richteg Trauer kéim awer réischt deen Dag, un dem hatt der Famill d’Fotoen iwwergëtt. “Am Ufank herrscht bei den Eltere Léift, Onverständnis, Sehnsucht a Verzweiwlung. Trauere maachen se réischt duerno.” Vill géifen him d’Kummer weisen, an der hire Puppelchen hätt solle grouss ginn, verschiddener géifen d’Dir fir era jorelaang net méi opmaachen an anerer géifen an e ganz neit Haus plënneren, well se d’Absence vum geplangte Kannerlaachen net kéinten erdroen.

Dass d’Martine do ass, fir Undeel ze huelen, hëlleft an dëse schwéiere Momenter, well eng weider Persoun do ass, déi sech un d’Stärekand erënnere wäert.

“Ech mengen et hëlleft, dass ech keng professionell Psychologin sinn a net froen, wéi si sech bannendra spieren, mee wat hire Liblingspetzi ass. Ech froen no hirer Duechter oder hirem Jong senger Geschicht an dat maache just déi mannste Leit. Déi meescht maachen einfach, wéi wann d’Schwangerschaft ni gewiescht wier. Et freet keen nom Kand, d’Erfarung gëtt souzesoen totgeschwiegen.”

Eng Fra, déi an der 39. Woch hiert Kand géif verléieren, wier trotzdeem 9 Méint schwanger gewiescht an och hei wier et egal, wéi laang d’Schwangerschaft ugehalen hätt – d’Léift wier bei all Mamm do, op mat oder ouni Puppelche fir aus der Maternité mat heem ze huelen, well egal wéini e Bëbee stierft, wéi grouss en deen Ament war oder wat e gewiehen huet, dëse bleift fir ëmmer Deel vun hirer Famill.

E Bëbee, deen dout op d’Welt kënnt, dat sollt net geschéien, ma fir d’Fotografin wier et e Privileeg, trotz allem um Liewe vun dësem dierfen deelzehuelen.

“Ech hu virdru vill Fashion fotograféiert an e bësse vun allem gemaach, ma iergendwéi huet sech dat iwwerflächlech ugefillt, iergendwéi iwwerflësseg. Ech wollt Fotoe maachen, déi wierklech eppes bedeiten an déi een net ersetze kann, an dunn sinn ech op d’Thema Stärekanner gestouss. Dës Aufgab huet mir e Sënn am Liewe ginn.”

Et misst een net selwer Kanner hunn oder wansinneg frou mat klengen Däbbesse sinn, fir kënnen Undeel ze huelen. Einfach do sinn an Empathie weisen, wier meeschtens scho genuch. “Et muss een natierlech eng emotional Grenz hunn, mee et brauch een trotz allem vill Verständnis a Plaz fir Emotiounen, soss kann een et net maachen”, esou d’Martine.

Hatt kéim bei all Shoot als Friemen eran, géif awer net méi als Friemen erausgoen, well d’Verbindung, déi an de Stonnen no der Gebuert tëscht him, de Stärekanner an hirer Famill geschaf gëtt, géif oft nach laang duerno unhalen. Ee vu ville Grënn, firwat d’Martine, entretemps mat Verstäerkung vum Fotograf Eric Antoine, gären seng Fräizäit hiergëtt, fir sech dem eigentlech onerträglechem Sujet ze widmen.

“Wann een am héijen Alter stierft, ass dat zwar schlëmm, mee et huet ee säi Liewen awer gelieft. Hei fänkt d’Liewe scho mam Doud un, ier ee konnt Erfarunge mat sengem Kand maachen an Erënnerunge schafen. Et huet een sech scho säi ganzt Liewe mat sengem Bëbee virgestallt an dat ass eng Sehnsucht, déi ni wäert erfëllt ginn.”

Den Doud vun enger eelerer Persoun wier de Verloscht vun der Vergaangenheet a Géigewaart, den Doud vun engem Bëbee awer dee vun der Zukunft. Och schéi Fotoe kéinten d’Gefill vun der Hëlleflosegkeet net wechzauberen, wieren awer e klengen Trouscht fir Elteren, déi een eigentlech mat Näischt tréischte kann.

Op Elteren hire Bëbee fotograféiere wëlle loossen, ass komplett hire Choix. Am Spidol leie mëttlerweil Flyere vun der Stärekanner asbl., an och vill Hiewane ginn d’Info weider. Ass d’Decisioun fir Fotoe bis getraff an de Bëbee ënnerwee, ass d’Martine prett an ëmmer erreechbar, well maximal annerhallwe bis zwee Deeg kann e Stärekand no der Gebuert op seng Biller waarden.

“Vill Eltere wëllen nach e bëssen Zäit mat hirem Kand verbréngen, oder d’Mamme sinn doudmidd vun der Gebuert. Et ass awer eng immens Zäitgebonne Saach, well een nom Doud schnell changéiert an et och e gewëssen Zäitraum gëtt, an deem een e Kand kann umellen a begruewen”, erkläert d’Martine.

D’Fotografin ass 24/24 disponibel an huet säin Handy ëmmer a Reechwäit, well Stëllgebuerte sinn oft komplett onberechenbar a kenne keng Auerzäiten. E ganzt Joer laang huet d’Martine sech dowéinst net getraut an d’Vakanz ze fueren, einfach, well et keng Famill wollt am Stach loossen. Haut kann d’Martine duerch d’Verstäerkung a senger Ekipp en Hauch méi lassloossen, och wann dëst him nach ëmmer schwéier fält. All Kéiers wann den Telefon geet oder eng Email um Konto vun der Stärekanner asbl. ukënnt, ass et fir hatt e schéine Moment, well et weess, dass et kann Hëllef leeschten, do wou se gebraucht gëtt, ma och en immens schwéieren, well dëst bedeit, dass e weidere Puppelchen et net bis an d’Welt gepackt huet.

Ma och wann et vill Kraaft kascht, wëll d’Martine seng Aufgab nach eng gutt Zäitche weidermaachen – vläicht net fir éiweg, well och bei him hannerléisst dës Schied, ma op mannst esou laang, bis en anere kann d’Relève iwwerhuelen.

“Am Beräich Doutgebuerten a besonnesch bei der Trauerhëllef gëtt et nach immens vill ze maachen. D’Trauer ëm e Bëbee ass eng immens unique Trauer, déi ee mat näischt ka vergläichen an hei feelt et leider nach immens un Opklärung an der Ëffentlechkeet.”

Och bei der Offer géif et nach esou Munches bäizefüge ginn, well all Mënsch anescht trauert an dowéinst och eng aner Begleedung brauch. Dem Martine säi Wonsch ass et, mat sengen aktuelle mee och zukünftege Service e Stéck bäizedroen, dass Eltere vu Stärekanner besser verstanen, ma déi Kleng och anescht ugesi ginn, well all Kand soll wéinstens d’Méiglechkeet hunn, mat senger Famill Erënnerungen dierfen ze schafen, och mat den Aen zou.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply