Déi perfekt Kombinatioun

Huet dir Loscht dëse Weekend eppes mat der ganzer Famill ze ënnnerhuelen? Eppes ze entdecken an ze léieren?A virun allem Spass ze hunn? Dann ass de „Wine Culture Enjoy“ de 5. a 6. August op der Musel organiséiert vu Visit Moselle genau dat richtegt fir iech.

Dir kënnt bei verschiddene Konschthaiser eranschnupperen u Workshopen, Liesungen, Visitten deelhuelen an dobäi natirlech e gudde Patt vun der Musel genéissen. Verschidde Wënzer a Brennereien hunn hir Dieren och op a bidde Live Musek oder soss Animatiounen an Entertainment un.

Mir hunn eis fir iech di flottste Plazen erausgesicht fir mat de Kanner ze besichen.

 

 

De Fligermusée zu Munnerëf:

Hei ginn eng grouss Réi vun Objets punkto Fligerei ausgestallt. Déi verschidde grouss Pionéier an der Fligerei kënnt dir entdecken an och d´Geschicht vun der Fligerei kenneléieren. Iwwert déi zwee Deeg sinn Experte vum Fach am Musée ze fannen déi fir di ganz Famill gären eng Visitt maachen.

De Päiperleksgaart zu Gréiwemacher:

De Päiperleksgaart ass ee klengt Paradäis. Et fillt een sech wéi an engem Dram mat den honnerte vu verschiddene Päiperléken a Plazen, déi heinsdo bal ze schéi si fir wouer ze sinn. Dono kann een och nach am flotte Shop stöberen an sech am Cafe eng Leckerei bestellen. Dir kënnt awer och eng geféiert Tour matmaachen an dono un der Degustatioun vun de Yolande Coop Produiten deelhuelen.

De Folklor- a Wäimusée “A Possen” zu Bech-Klengmaacher:

An dësem Musee kënnt dir iech fille wéi eng Wënzerfamill am Joer 1617. En ass a siwen Haiser ënnerbruecht, wouvun dat eelst, aus dem Joer 1617, nach am Originalzoustand besteet. Maacht bei enger Visitt mat a genéisst dono ee gutt Gliesche Wäin oder en Drauwejus.

De Centre Européen zu Schengen:

De Schengen Accord, deen de 14. Juni 1985 un Bord vun der MS “Princesse Marie-Astrid” ënnerschriwwe gouf, ass aus der Lëtzebuerger Geschicht nik méi ewechzedenken an ass en wichtegen Dag fir Grouss a Kleng. Loost iech matrappe vum interaktiven a spilleresche Programm vu „Enjoy the spirit of Schengen“.

D´Valentiny Foundation zu Rëmerschen, den Kulturhuef zu Gréiwemaacher an d´Wäinhaus zu Éinen maache beim „Wine Culture Enjoy“ och nach mat.

D´Wäindegustatioune fanne bei Caves Duhr-Maddalon zu Nidderdonwen, Caves Bernard-Massard zu

Gréiwemaacher, Domaine viticole Pundel-Hoffeld/Caves Pundel-Err zu Meechtem, Domaine viticole Schumacher zu Wuermer, Domaines Vinsmoselle/Caves du Sud zu Remerschen a Pauls Winery zu Greiweldeng statt.

Fannt all d`Infoen op https://wcult.visitmoselle-event.lu/!

 

 

Mir wënschen iech op alle Fall ganz vill Spaass mat der ganzer Famill.

 

Mady Lutgen mat Visit Moselle


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply