Deng Paus

Job, Kanner, Famill, eng Welt déi immens schnellleefeg ass an et muss een 24 Stonnen op 24 alles ginn. Kee Wonner dass der vill vun eis keng Kraft a keng Freed méi hunn. Mir sinn ausgebrandt…

Dofir ass et esou wichteg Pausen anzeplangen! Ee Grond firwat mir vu MADI elo Retreats organiséieren. Ee Weekend oder eng Woch wous Du kanns elleng oder mat enger Frëndin kann matreesen. Hei geet et drëms och mol elleng Zäit ze verbréngen, opzeotmen an deng Batterien erëm opzetanken. Fir dës opzetanken bidden mir e ganzen Coup Aktivitéiten un ewéi Yoga, Meditatioun, Otemübungen, Wanderen etc. an dat Ganzt an engem wonnerschéinen Kader. Mir leeën Wert drop dass Du dech wuel fills, dass déi Plaz wonnerschéin ass an dass mir gutt fir dech suergen fir dass Du zu dir kanns fannen an dono rëm kanns Freed emfpannen an dech gutt fills mat dir an dengem Liewen.

 

Spring Retreat um Hofgut Imsbach 24.-26.-Maërz 2023 (Umellung just nach bis den 15.03)

Den Hofgut Imsbach läit eng Stonn vu Lëtzebuerg weg direct un engem klengen Séi matzen an der Natur. En gouf frësch renovéiert an ass elo super modern. Hei kann een optanken an d’Natur genéissen.

Programm:

Samsdes: Yoga a Wanderung, Selflove Workshop

Sonndes: Achtsamkeetworkshop, Heelen an der Natur

Méi Infos a Reservatiounen hei:

https://my.weezevent.com/self-love-retreat

 

 

 

 

Summer Retreats zu Bormes-les-Mimosas am Süden vu Frankräich

27.05-03.062023 (just nach 2 Duebelzëmmer fräi)

Programm:

-Privaten Strand

-Privaten Pool

-Matzen an der Natur

-Gesond Iessen vum Tanja de Jager

-Iessen a Wäin inklusiv bis kee méi do ass

– Busplazen sinn limitéiert, soss Fliger vun 250 Euro a mir kommen dech sichen oder Du hëls däin Auto mat

-All Dag Yoga a Self Love Übungen fir déi di wëllen

Aner Aktivitéien: Kachcours, Wanderung, Konschtcours, Äteresch Ueleger Workshop, Wäindegustatioun, Visiten…

-Jiddereen kann bei den Aktivitéiten matmaachen mee et ass kee Muss.

https://my.weezevent.com/summer-retreat

 

 

 

 

 

 

Indian Summer Retreat zu Bormes-les-Mimosas am Süden vu Frankräich Part 2

Vum 30.09-07.10.23 Copy Paste vum Summerretreat

Hei sinn nach all Plazen fräi.

Méi Infos a Reservatiounen hei:

https://my.weezevent.com/indian-summer-retreat

 

PS: Bezuelung op Raten ass méiglech, schreift eis heivir op madi@madi.lu

 

Bass Du prett fir Deng Paus ? Ma dann lass, mir freeën eis op dech!

 

Mady


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply