Super Body

Dir wëllt fir d’Feierdeeg perfekt ausgesinn an déi lescht Fettpolsteren oder Cellulite sollen nach verschwannen? An dat ganz ouni vill Regime oder Sport? D’Palper rouler Methode an d’Maderothérapie sollen hei richteg Wonner vollbréngen.

Dat klängt ze schéin fir wouer ze sinn oder? Ze fannen sinn dës Wonnermëttel am Institut L’Orient zu Mamer. Ech wëll testen ob dës Massagen wierklech effikasss sinn an hunn RV mam Nadia Boubekeur, wat zesummen mam Tanja Rätsch den Institut féiert. Si sinn spezialiséiert op all Zort vun Mannicüren, Massagen an Amaigrissement.

D’Nadia erkläert mir, dass et sech beim Palper Rouler em eng ganz speziell Methode handelt. Hei gëtt d’Fett mat engem extraen Handgrëff masséiert, ergänzt gëtt d’Methode mat der Maderothérapie. Virun der Massage gëtt déi betreffend Platz mat Ueleg amasséiert, fir dassen d’Methoden besser gräifen. D’Maderothérapie sinn Rouleauen aus Holz, mat där hatt iwwert d’Fett fiirt. D’Waasser vun den Fettzellen gëtt befreit an sou kann d’Fett mat ausgespullt ginn. No der Behandlung soll een sech bewegen an vill drenken fir dass Fettzellen aus dem Kierper kënne fléissen. D’Nadia warnt mech vir, dass déi ganz Prozedur wäert wéih doen.

Hatt fänkt mat den Been un, et ass onangehm mee den Wéih ass ewer ze packen. Dono kënnt den Bauch drun, a well ech hei manner Muskelen hunn wéi an den Been, deed et wierklech wéi. Déi meescht Leit kommen wéinst dem Speck un den Béen, Hënner, Bauch a Réck.

“Et ginn Leit déi jeitzen vu Péng, mee wann den Kierper sech bis un d’Massage gewinnt huet, deed et ëmmer manner wéi”, erzielt d’Nadia mir. No dem Bauch fiert hatt mam Réck weider, dat geet ouni Problem. Den Wéi ass wéi beim Tattowéieren, mat der Zäit packt een et besser. All weider Séance wäert et ëmmer manner wéih doen.

D’Nadia wiesselt tëscht den Hänn an den Rouleauen of. Ech sinn frou wann et fäerdeg ass, well et wieklech onangehm ass.

“Dës Methoden wierken och bei Leit déi keng Diät oder Sport maachen, well mir direkt un den Fettzellen schaffen”, sou d’Nadia. Ideal och fir lästeg Cellulite lasszeginn.

No der Séance ginn ech trëpplen an drénken vill Waasser.  Den Dag drop spiiren déi bearbecht Plaatzen sech unn, wéi wann ech Muskelkater hätt. Ech mierken en puer Deeg dono, dass meng Been effektiv méi stramm sinn an och den Speck um Bauch schingt en klengen Lifting kritt ze hunn. Ech hätt am Ufank nik geduecht, dass dat eppes brénge géif. Hei gëllt wierklech den Motto: “Wien schéin sinn wëll, muss leiden”. Well wéi gesot, d’Behandlung ass keen Zockerschlecken.

“Fir en gutt Ergebnis ze erzielen, sollt een all Woch eng Séance aplangen. Wann een wierklech un de Speck ru wëll”, erzielt Tanja, wat och schonn mol op d’Palper rouler Methode an d’Maderothérapie zréckgegraff huet.

Sidd dir lo virwelzeg ginn? Dann test dës Methoden onbedéngt, dir wäert genau sou begeeschtert dovun sinn, ewéi ech. D’Tanja an d’Nadia freen sech op iech.

Mady Lutgen mam Institut L’Orient


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply