Dream Hair

Schéin déck a vill Hoer gehéieren einfach zum Schéinheetsideal dozou. Iwwerhaapt maachen Hoer bei enger Fra immens vill aus. D’Hoer ënnersträichen hir Weiblechkeet. Ma et gi Fraen déi hunn ganz dënn Hoer oder guer nik vill an da ginn et der och déi duerch eng Krankheet oder Hormoner bal keng méi hunn.

Ech ka mir dat guer nik virstelle well ech hunn immens Chance souvill a sou déck Hoer ze hunn mat deenen ech einfach alles maache kann. Zanter den Tun mech coifféiert, huet hie mir ëmmer erëm erzielt, dass et Fraen an och Männer ginn déi keng Hoer hunn an dass déi wierklech dorënner leiden. Den Tun selwer huet enorm gelidde keng Hoer méi ze hunn bis en Reesender hien op eng bestëmmten Methode bruecht huet : “Ech war net iwwerzeegt, ech hunn just nach en Wizelschen Hoer um Kapp a konnt mir beim beschte Wëllen net virstellen, dass hie mir Hoer op mäi Kapp zaubere kann. En huet net locker gelooss a wollt mech iwwerzeegen. Een Dag hunn ech et dunn ausprobéiert an et huet mech ëmgehaen. Ech hat endlech Hoer”. Zanter deem Dag bitt den Tun dës Methode a sengem Salon zu Esch un.

Fir ze verstoe wéi een sech ouni Hoer fillt, treffen ech eng betraffe Fra, déi anonym wëllt bleiwen. D’Lisa hat ni vill Hoer, ëmmer ganz dënner a wéineg. “Ech hunn mat allen Mëttele geschafft, fir dass ee mengt ech hätt méi Hoer”, erzielt hatt eis. D’Hoer goufe kuerz geschnidden an ganz hell gefierft, fir dass et no méi Hoer ausgesäit. Iergendwéi huet alles beim Lisa sech ëm déi Hoer oder besser gesot déi nik bestoend Hoer gedréint. Mat der Zäit ass et dunn ëmmer méi schlëmm ginn an d’Lisa huet Recherchë gemaach, wien him kinnt hëllefen. Et ass sou op den Tun gestouss…

Mir maachen en Rv mam Lisa beim Tun am Salon aus. Ech wëll gesi wéi den Tun dem Lisa Hoer op de Kapp zaubert. Fir d’éischt gëtt gekuckt wéi d’Lisa seng nei Coupe wëll hunn. D’Lisa dréit um Kapp en Netz aus richtegen Hoer déi un sengen eegenen Hoer ugemaach sinn. Deen Hoerdeel ass d’Basis vu senger Coupe. Deen gëtt fir d’éischt erofgeholl, da ginn dem Lisa seng eegen Hoer gewäsch a gefleegt fir dass et dës nik och nach verléiert. Deen Moment wou se erofgeholl ginn ass emotional, well een sech da plakeg fillt. Dofir kuckt den Tun dass seng Clienten sou sëtzen, dass se keng Angscht mussen hunn, dass een aneren si esou gesäit.

Dono ginn dann déi extern Hoer gewäsch a gefierft wéi wann se um Lisa sengem Kapp wieren. Et gëtt souguer en klengen Nowuess gefierft, fir dass et nach méi natierlech ausgesäit. Dann ginn se geföönt an erëm um Lisa sengen Hoer a Kapp befestegt. D’Netz vun Hoer gëtt mat synteteschem Keratin mat den eegenen Hoer verbonnen. Fir dem ganzen nach méi Volumen ze verpassen, ginn nach aner Strähne vun Hoer un déi Hoer verbonnen. D’Coupe gëtt geschnidde wéi bei allem anere Client och. Beim Resultat gesäit een absolut nik, dass dat nik dem Lisa seng eegen Hoer sinn. D’Lisa kënnt all 6 Woche bei den Tun fir déi extern Hoer ze befestegen.

„Mat den externen Hoer kann een alles maachen, dusche goen, schwamme goen, wéi wann et déi eege wieren „, ergänzt den Tun nach.

D’Lisa mécht sech just owes fir an d’Bett en Wutz fir dass d’Hoer nik ze vill knetzelen, et probéiert sou gutt wéi méiglech op seng aner Hoer opzepassen. Dem Tun seng Methode gëtt him op alle Fall säi Selbstbewosstsinn zréck, wat hat all déi Joer wou et sech nik gutt wéinst senge feelenden Hoer gespiert huet, verluer huet.

A sengem Familljen a Frëndeskrees wësse just eng Handvoll Leit vum Lisa sengem Geheimnis, soss ass et nach kengem aneren opgefall. Wann dat kee Kompliment fir den Tun an seng Zauberei ass. Den Tun mécht iech iwwregens en gratis Devis.

Gitt einfach bis laanscht oder gewannt en Bong fir iech beim Tun verwinnen ze lossen a spillt mat beim MADI Adventskalenner.

 

 

Mady Lutgen mat Coiffure by Tun

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply