Ech sinn offline

Eist Gehier gëtt all Dag bombardéiert mat Milliounen un Infoen an da kënnt och nach den Handy dobäi, d´Maile checken an d´Scrollen op de Social Media wat eisem Kapp permanent en Kick gëtt. Mir si süchteg dono a mir verléieren doduerch ëmmer méi eis op eppes ze konzentréieren, eis op Gespréicher anzeloossen, am Moment ze sinn an mir fillen eis doduerch och nach ëmmer méi iwwerfuerdert…

Sief mol éierlech mat dir selwer, wéi vill Zäit vum Dag hänks du um Handy? Op Facebook, Insta oder soss iergendwou?

Mir perséinlech fällt et immens schwéier nik op den Handy ze kucken, all fräi Minutt kucken ech ob ech eng Mail kritt hunn oder soss eppes verpassen an et fält mir och schwéier mech wierklech op eppes ze konzentréieren.

 

 

Ech maache permanent honnert Saache mateneen an heiansdo hunn ech d`Gefill mäin Kapp géif zerplatzen dofir hunn ech mir lo fest virgeholl den Handy wann ech mech op eppes konzentréieren a well weiderkommen aus ze maachen, et muss een nik ëmmer erreechbar sinn. An wann ech Leit treffe leen ech den Handy och op d´Säit.

Zanter ech dat maache fänken ech un mech rëm konzentréieren ze kennen, ech kommen och vill mi séier viru mat der Aarbecht. Ech si méi entspaant an d´Gespréicher si méi intensiv. Et muss een och nik all Mail direkt beäntwerten. Setz dir selwer Zäiten an deenens du Noriichten an E-Maile beäntwers.

Probéier ganz gezielt den Handy am Dag och mol auszemaachen oder wech ze leeën a kuck wéi positiv dat däi Liewe wäert veränneren.

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply