Ech sot „Nee“

Et ass wuel eent vun de schwéiersten Theme fir mech fir doriwwer ze schwäetzen…an schwätze fält mir a sech einfach…

Mat Ufank 20 hunn ech mech an ee ganz gudde Frënd vu mir verléift, hien hat keng Gefiller fir mech, huet mech awer gutt fonnt. Enges Owes hunn mir der puer ze vill gedronk…heen huet ugefaange mech unzepaken. Ech war verléift an duecht, dass wann ech hie maache loossen, hien sech vläicht verléift….

Hien huet ëmmer méi fest zougepakt, mech gebass, mir a meng Brëscht gebass…ech hat Péng a wosst bemol, dass ech dat do nik wëll!

 

Heen huet mir ëmmer méi wéi gedinn, sou wéih, dass ech ugefaangen hunn mat kräischen a sinn erstarrt…konnt mech nik mi bewegen. Wat anscheinend normal ass, wann een traumatiséiert ass!

 

 

Dono war alles fäerdeg an ech sinn heemgefuer. Ech wosst nik méi wou ech géif wunnen, hunn just nach geziddert. Doheem hunn ech mat Frëndinnen telefonéiert déi mir soten, dass den Alkohol Schold un allem war. Fir mech war deen Owend dunn ofgehaakt. D’Biller an d’Péng goufen an een Tirang agespuert.

 

Den Dag drop war ech huel a blo a konnt nik ouni Péng goen oder op d‘Toilette goen, iwwerall war Blutt…

 

Dat ass dunn Deeg sou weider gaangen. Iergendwann war kierperlech rëm alles ok, mee déi Wonn bannen huet nik geheelt. Ech hunn mir d’Schold ginn.

 

Firwat konnt ech mech nik wieren?  Firwat deet eng Persoun wou ech frou mat sinn mir esou wéih?

 

Den Typ huet wahrscheinlech mol nik mattkritt wat do geschitt war, nik matkritt, dass ech guer nik méi do war a just nach do louch. Ech hunn nik realiséiert wat do geschitt war bis ech Joren dono einfach nik méi schlofe konnt an ech hunn mir missen de Plooschter vun der Wonn rappen. Dono war et ze spéit fir déi Persoun nach unzesichen.

 

Bei all Mann dee mech dono ugepaakt huet, huet mäi Kierper gezuckt. Ech konnt Jore kee méi u mech eruloossen.

 

An och elo lafe mir Tréinen d’Baken erof wann ech dat hei schreiwen. No villen Therapien an u mir schaffe kann ech déi Erfarung endlech lasslossen a verzeien, mee d’Narb bleift an d’Narb kann och nach heiansdo wéihdoen.

Ech hat op de Soziale Medien eng Ëmfro gemaach a gefrot wien schonn eemol eng Kéier eppes erlieft huet, wat en a sech nik wollt.

 

52 Prozent hunn „Jo“ ofgestëmmt an dat huet mech immens erféiert. Wéi schlëmm ass dat?

 

Ass et nik un der Zäit fir doriwwer ze schwätzen? Ech maachen heimat den Ufank an hoffen, dass mir all an Zukunft kënnen méi doriwwer schwätzen a virun allem eisen Kanner kënne vermëttelen, dass een „Nee“ een „Nee“ ass egal wéini, egal bei wiem an egal wou!

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply