Méi ech

Du bass dee wichtegste Mënsch an dengem Liewen a wann s Du dat bis eng Kéier gesäis, wäert sech däi ganzt Liewen zum Positive veränneren.

Aus dësem Grond organiséiere mir vu MADI fir déi 2. Kéier ee Self Love Retreat vum 07.10-09.10 am Hofgut Imsbach. Nom riisegen Succès vum éischten Retreat am Mäerz ass et elo nees un der Zäit no sech ze kucken.  Ee Weekend deen dech komplett verännere wäert. Zum Gudden. Versprach.

Den Hofgut Imsbach läit eng Stonn vu Lëtzebuerg ewech am Saarland. Dës Plaz läit vollkommen eleng an der Natur bei engem klenge Séi. Hei kënnt jiddereen erof a kann erëm Energie optanken. Et ass eng magesch Plaz. An am Hierscht wäert et einfach nëmme wonnerschéin do sinn.

 

 

Programm vum Retreat (De ganz genaue Plang kënnt nach)

Freides de 07.10:

Meet and Chill

Samschdes:

Yoga mam Tara Klassen ,Selflove Workshops mam Mady, Relooking mam Coiffure by Tun a Martine Comes, dono en Fotoshoot. Dono en groussen Galadinner.

 

                 

 

 

Sonndes :

Otemübungen mam Tara Klassen, dono 2. Selflove Workshop mam Mady, mëttes Wanderung.

All Detailer kommen nach no. Et muss een nik alles matmaachen, alles sou wéi een sech am beschten spiert.

Erlief en Weekend just fir dech oder mat denger beschter Frëndin well Du bass dir dat Wäert.

 

            

 

 

 

 

Reservéier hei deng Plaz:

Mir hunn dës Kéier nëmme limitéiert Plazen. Early Bird special Präisser nach bis 20.08 och MADI Membere profitéiere vun engem ganz speziellen Tarif.

https://my.weezevent.com/madis-self-love-retreat

Oder Digicash op den 691958301 oder Virement op den : BCEE IBAN LU 870019360357627000


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply