Ee Klick a fort

Eng Persoun séier just duerch ee Klick aus sengem Liewen ze verbanne war nach ni esou einfach wéi haut. Mat dem Geste op „Blockéieren“ drécken op de Social Media kann een eng Frëndschaft oder souguer eng Partnerschaft a puer Sekonne beendegen an dat ouni dass déi aner Persoun dovu Bescheed weess oder domat averstanen ass…

Mir selwer ass dat scho geschitt mat zwou Persoune wou ech duecht, dat wiere mat déi wichtegst Mënschen a mengem Liewen. Vun haut op muer sinn ech nik méi u si komm an hunn se zanter hier och nik méi gesinn.

 

 

Wéi geet ee mat sou eppes ëm? Et freet een sech natierlech: Wat hunn ech falsch gemaach? Ass et meng Schold an et deet wéih. Wann ech ee Problem mat engem hunn, da schwätzen ech deen drop un. Leider ass dat nik fir jiddereen de Fall. Et ass méi  einfach en Knäppchen ze drécken. Op alle Fall ass et wichteg ze traueren, well déi Frëndschaft ass eriwwer egal firwat. Mir traueren och ëm Mënschen déi nach liewen an dat ass OK. Traueren a Lassloosse sinn Aktiounen déi hëllefe bei esou trauregen Abschider. Meeschtens si Leit déi sou een Enn wiele selwer mat sech nik am rengen an et huet mol kee Wäert do ee Gespréich ze sichen. Traueren, verzeien a lassloossen. Dat ass dat wat mir gehollef huet och wann ech villes nach nik verstinn.

 

 

Wann Mënsche ginn, kommen neier an heiansdo ass et gutt seng Frëndschaften am allgemenge mol a Fro ze stellen: „Deet dës Frëndschaft mir nach gutt“?, „Kréien a ginn ech oder ginn ech just?“ „Lauschtert deen aneren no?“ „Ass deen anere fir mech do wann ech en brauch“? Alles dat verännert sech a wann ee bei verschiddene Punkten zweiwelt ass et vläicht un der Zäit och déi Persoun lasszeloossen, et muss een se nik blockéiere mee einfach goen loossen. Mir veränneren eis andauernd an et ass normal dass nik jiddereen sech an déi selwecht Richtung entwéckelt an dat ass och OK. Traueren, verzeien an lassloossen an dann ass Plaz fir nei Begéinungen.

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply