Een Dag Prinzessin

D’Krëschtdeeg sinn nik fir jidderee schéin. Zanter ech virun e puer Joer meng Mamm verluer hunn an d’Familljesituatioun nik einfach ass, ech selwer keng Famill hunn, weess ech nik méi wou ech Krëschtdag higehéieren. Lescht Joer war ech helleg Owend eleng an do hunn ech mir virgeholl, dass dat niméi virkënnt. Dofir hunn ech mir eng kleng Rees an d’Stad organiséiert an den Sofitel Le Grand Ducal.

 

 

Op sou Deeg ass et wichteg no sech ze kucken, ze kucken dass et engem gutt geet, dat ass nach méi wichteg wéi soss. Also hunn ech mir deen Dag esou geplangt wéi ech mir en perfekten Dag virstellen…

Am Sofitel Le Grand Ducal krut ech d’Suite Prestige. Eng riseg Suite mat Bléck iwwert d’ganz Stad, souguer aus der Bidden huet een d’Stad gesinn. Absolutte Wansinn. Bei deem Bléck ass mir den Otem stoe bliwwen. Och konnt ech ganz Stressfräi ureesen, wéi ech ukomm sinn, hunn ech de Schlëssel ganz einfach dem Voiturier ginn. Krëschtdag Owend hunn ech et genoss an der Bidden ze leien, schéi Musek ze lauschteren an einfach just de Bléck op d’Stad ze genéissen. An ech hat ee risege Fernsee an der Suite a konnt mir déi schéinste Filmer ukucken. Eppes wat ech doheem ni maachen.

 

 

 

Den 2. Krëschtdag hunn ech mir moies d’Frühstück op d’Zëmmer bestallt, dat war ee Genoss. De Service am Hotel war top, ech krut all Wonsch vun mengen Aen ofgelies. Dono sinn ech mam Jetti mengem klenge Mupp ee laangen Tour duerch d’Stad trëppele gaangen an dono nach op de Krëschtmaart bei der gëlle Fra an op deen op der Place d’Armes. De Wantermaart wéi en dëst Joer heescht ass nämlech nach bis den 1. Januar op.

 

 

Virun de Krëschtdeeg hat ech keng Zäit dovun ze profitéieren an hunn et richteg schéi fonnt déi ganz Ambiance ze erliewen an dat an aller Rou ouni Stress. Owes hunn ech mat Frënn am Restaurant Mu vum Sofitel Le Grand Ducal giess mat där schéinster Vue iwwert ganz Stad. Fir mech war et ee perfekten Dag, en hätt nik kënne besser sinn.

 

 

Et kann een sech och hei am Land eng Auszäit huelen an sech et gutt goe loossen, dofir muss een nik wäit reesen. Mir huet déi kleng Auszäit immens gutt gedoen an ech kann de Sofitel Le Grand Ducal nëmmen dofir empfeelen. Ech hunn mech wierklech wéi eng Prinzessin gefillt.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply