Eleng als Mamm

“Et ass wéi wann bei engem Stull mat véier Been op eemol dräi Stéck ewechbriechen. Eng Zäit laang huet een da just nach ee Stempel an der Mëtt, op deem ee mat zwee Kanner um Schouss sëtzt a versicht, dat Ganzt auszebalancéieren – et ass een also an Daueralarmbereetschaft.”

D’Bild, wat d’Conny* benotzt, fir d’Ufäng vu senger Monoparentalitéit ze beschreiwen, ass warscheinlech eent, wat vill Leit schonn eng Kéier esou oder op eng aner Manéier empfonnt hunn. Elengerzéiend ze sinn, ass fir déi mannsten nämlech e Choix, mee meeschtens d’Konsequenz vun enger fréierer Bezéiung, déi iergendwann net méi funktionéiert oder futti geet, well ee Partner ewechfält.

“Et ass ee vun haut op muer op eemol eleng fir alles verantwortlech, net nëmmen dat Emotionaalt an Erzéierescht, mee och dat Finanziellt an d’Kanner sinn ëmmer déi Leidtragend”, seet d’Conny*, wat zanter 2014 offiziell gescheet an elengerzéiend ass. Opgrond vum negative Verhale vu sengem Ex-Mann huet déi 47 Joer al Mamm vun zwee Teenage-Meedercher nämlech iergendwann no senger Trennung d’autorité parentale exclusive, also d’elengescht Suergerecht fir seng zwee Kanner ugefrot, an domat huet villes a sengem Liewe geännert. D’Conny ass, ënner anerem wat Erzéiungs- an Ënnerhaltsfroe par Rapport zu senge Kanner ugeet, elo komplett op sech eleng gestallt, well och wann hat virdru scho laang de “Löwenanteil” beim Grousszéie vu senge Kanner iwwerholl hat, ass d’Monoparentalité eng aner Bier, déi muss geschielt ginn.

“No mengem congé parental hat ech e congé sans soldes geholl, well mäi Mann deemools gemengt huet, wann ech nëmmen Hallefdeeg géif schaffe goen – wéi ech et eigentlech wollt –, da géif meng ganz Paie jo fir d’Maison Relais dropgoen, an dat hätt kee Wäert”, erkläert d’Conny seng Situatioun zum Zäitpunkt vun der Trennung. Wéi esou vill Mamme war hatt dee Part an der Koppel, dee manner verdéngt huet an fir d’Kanner wollt doheem bleiwen, wéinstens bis zu engem gewëssene Grad. Ma knapps en halleft Joer no dëser Decisioun huet dem Conny säi Mann awer net nëmmen hatt, mee och déi zwee gemeinsam Kanner fir eng nei Partnerin sëtze gelooss an d’Conny esou zur Elengerzéierin gemaach.

Vu datt d’Relatioun tëscht den Elterendeeler an d’Kommunikatioun wéinst de Kanner vun Ufank un schlecht war a mat der Zäit ëmmer méi komplizéiert ginn ass, huet d’Conny d’Zigel missen eleng an d’Hand huelen an erzitt seng Meedercher zanterhier ouni gréisser Hëllef. “Et huet relativ laang gedauert, bis mir eis als Famill erëmfonnt haten an ech hu laang gekämpft, well jo op eemol een Element gefeelt huet”, seet dat 47-Järegt. Et wier en Balanceakt tëscht Aarbechtssich, Kannerbetreiung a séileschem Progrès gewiescht, well Suerge stoungen a stinn och haut nach, bal zéng Joer dono, an all Beräich un der Dagesuerdnung. “Et huet een op eemol duebel an dräifach Aarbecht, well wat aner Koppelen sech ënnertenee kënnen opdeelen, muss ee komplett eleng maachen an et ass och keen do, dee spontan emol asprange kann”, esou d’Conny.

 

 

D’Decisiounen, déi een als elengerzéienden Elterendeel géif treffen, missten och klappen, e Plang B géif meeschtens net duergoen, mee et bréicht een e Plang C, D, E an F. “Et läit en immensen Drock op engem an dat Ganzt huet en Impakt op vill Beräicher, och op dech als Mënsch.” Wärend fir eege Gefiller am Alldag oder d’Verschaffe vun der Trennung an dem domat verbonnene perséinlechen Echec nëmme wéineg Plaz géing bleiwen, misst een op ville Plaze multitasken an Tâchen iwwerhuelen, déi soss de Partner gemeeschtert hätt. “Doduerch, dass ee finanziell op eemol net méi esou gutt do steet, iwwerleet een sech zweemol, op een e Sanitärsmännche rifft, wann d’Toilette drëpst. Dir kënnt Iech net virstellen, wat fir eng Satisfaktioun et fir mech war, wéi ech déi éischte Kéier d’Wiss geméint hunn oder de Krunn selwer gefléckt krut”, seet d’Conny.

Finanze wieren als elengerzéiend Persoun ee vun de gréisste wonne Punkten, well déi mannste Firmen engagéiere gären eng Aarbechtskraaft, déi nëmmen Deelzäit wëll schaffen oder wéinst hire Kanner oft ausfält. “Ech hunn mol fir d’éischt nees missen eng Plaz fannen. Op der éischter, mat 40 Stonnen an deels Weekends oder Owes schaffen, hunn ech et net laang gepackt. Ech hunn och probéiert, nees bei mengem ale Patron eranzekommen, mee an der normaler Gastronomie, wou ech virdrun aktiv war, ass et mat menger Situatioun bal net méiglech. Zäitweis hunn ech mech dunn an enger anerer berufflecher Richtung versicht, mee iergendwann ass do d’Rechnung net méi opgaangen, esou dass ech kuerzzäiteg am Chômage war, dunn eng Plaz mat 20 Stonne pro Woch fonnt hunn, nees gewiesselt sinn, rëm am Chômage war, mech op der ADEM ugemellt hunn a schliisslech hu missen den RMG (revenu minimum garanti) ufroen.”

 

 

D’Argument, dass een elengerzéiend mat zwee Kanner lieft, géif net consideréiert ginn, esou d’Conny, wat fënnt, dass et eigentlech e Gesetz misst ginn, wat Mammen a Pappe wéi him géif den Accès op adaptéiert Aarbechtsplaze vereinfachen: “Ab enger gewëssener Gréisst muss eng Firma och travailleurs handicapés astellen, firwat gëtt et dat net fir Elengerzéier, déi eng Deelzäitaarbecht sichen?” Entretemps schafft d’Conny nees an engem 40-Stonnen-Job a souguer op Schichten, och wann dëst him “oft d’Genéck brécht, mee anescht wier et finanziell fir eis net méiglech”, seet déi zweefach Mamm. Virun zwee Joer hätt awer schonn den éischte Burn-out sech ugekënnegt, well wat engem als Elengerzéiend esouwuel kierperlech, wéi och mental géif ofverlaangt ginn, wier oft bal net drobar.

“Mäi fräien Dag war oft vollgepak mat Rendezvousen (Schoul, Dokter, Garage asw.), well ech déi aner Deeg hu missen schaffe goen an net fräi krut.” Doheem géif no der Schaff dann och nach den Haushalt an de schoulesche Volet op d’Mamm waarden, well och des muss si (quasi) eleng meeschteren. “Et kritt een dann ëmmer d’Argument, et géif jo eng Precoce oder eng Maison Relais ginn, mee du gëss dach net Mamm, fir deng Kanner duerno esou vill ofzeginn. Dat Ganzt ass en immens zweeschneidegt Schwäert”, seet d’Conny. Engersäits wier et ouni Hëllef vu baussen net machbar, alles ënnert en Hutt ze kréien, anerersäits wéilt ee seng verschidde Rollen – Elterendeel, Employé(e), Privatpersoun – awer och all uerdentlech maachen, a net just hallef. “Déi meeschten Zäit funktionéiert een da nach just, mee et lieft een awer net”, esou déi Elengerzéiend.

 

 

Zwar géif et deelweis fir seng Situatioun Versteesdemech ginn, ma dësen an déi sozial Kontakter géife mat de Joren awer ofhuelen an et kréich een éischter nach eng op den Deckel, wéi Unerkennung. “Du leeschts als Elengerzéiend oft Onmënschleches, mee iergendwéi hunn ech d’Gefill, dass net vill Wäertschätzung fir eis do ass.” Hatt fir keng Wonder Woman an och net den Chuck Norris oder Jean-Claude Van Damme, déi mat Liichtegkeet kéinten en Dauerspagat meeschteren, mee einfach eng Mamm a Fra, déi et net ëmmer einfach hätt, ma trotzdeem hiert Bescht géif ginn. “Et kritt een als Elengerzéiend oft de Stempel opgedréckt, dass een net verlässlech ass, well ëmmer iergendeppes mat de Kanner ass. Dobäi fannen ech, dass et kee Mënsch gëtt, dee besser organiséiert ass, wéi eng elengerzéiend Mann, well soss leeft de Buttek doheem net.”

Eleng mat zwee Kanner kéint ee rar eppes am Viraus plangen, well oft awer eppes dotëscht kënnt an engem déi traureg Ae vun deene Klengen dann d’Häerz géife briechen, et misst een sech a villem aschränken – vu Vakanze bis hin zur eegener Partnersich – an et misst ee säi Liewe komplett nei definéieren, ouni dat aalt iwwerhaapt kënne richteg ze verschaffen. “Am Ufank sinn ech bei vill Servicer gelaf, vum Droits de la femme iwwer den Office National de l’Enfance bis hin zu Assistantes Socialen. Do gëtt engem dann ëmmer léif nogelauschtert, mee konkret Hëllef krut ech awer net”, esou d’Conny. Amplaz en extra Läffel Püree géif et meeschtens nach en Rucksak mat Zillen dobäi ginn an d’Laascht, déi een als elengerzéienden Elterendeel ze droen hätt, wier oft erdréckend.
“Mat der Zäit léiert een dann, déi eenzel gutt Momenter ze genéissen, well wann een der schonn net vill huet, da muss ee kucken, esou vill dranzestiechen, wéi nëmme méiglech.”

De Stress vum Elengerzéiend-Si kennt och d’Anna*. No 15 Joer ass et fir déi 55-Järeg zwar relativ selbstverständlech ginn, eleng ze sinn, vill Imprevuen a Suerge ginn et beim Anna awer och haut nach. “Am Ufank ass nach vill méi schif gaangen ewéi elo, well ee peu à peu léiert, sech ze organiséieren, mee et ass ee wierklech fir alles zoustänneg an owes ass keen do, dee nofreet, op een och u Saache geduet huet.” Wéi seng Kanner nach kleng waren, ass et scho mol virkomm, dass d’Anna am Alldaagskuddelmuddel vergiess huet, dës an der Maison Relais unzemellen oder der Meenung war, des wieren do versuergt, wann se eigentlech schonn doheem virun der Dir stoungen.

“D’Verantwortung ass ëmmer ganz eleng meng, och wann dëst keng fräiwëlleg Entscheedung vu mir war, an dat ass schonn eng grouss Bürde, déi een als Elengerzéiend droe muss”, esou d’Anna. Wann eppes géif futti goen, misst d’Mamm et flécken, wann eppes schif geet, d’Saach nees riichtbéien. “Et muss een am Virfeld ëmmer alles scho kontrolléieren, well ee kee Backup huet an dat huet gemaach, dass ech zum Controller gi sinn – einfach, well soss alles zesummebrécht.” Wéi déi haut 55-Järeg sech vun hirem Partner getrennt huet, waren déi gemeinsam Kanner eréischt véier a sechs Joer al. Ma och deemools scho war d’Anna quasi eleng fir d’Erzéiung zoustänneg: “Mir hunn ëmmer 3+1 gesot, wa mir vun eiser Famill geschwat hunn, well mäin deemolege Mann huet sech ëmmer aus allem erausgehalen a mir d’Saachen iwwerlooss, an dat obwuel ech geschafft hunn.”

 

 

No der Trennung huet sech dëst Verhale géigeniwwer de Kanner net vill geännert an d’Anna stoung op eemol mat engem Ex do, mat deem et eigentlech näischt méi wollt ze dinn hunn, deen awer nach ëmmer villes a sengem Liewe bestëmmt huet. “Als elengerzéiend Mamm ass een ofhängeg vum Papp. An der Reegel deelt een sech jo d’Suergerecht an de Papp soll d’Kanner all zweete Weekend kréien, mäin Ex huet eis awer oft last minute ofgesot. Als Mamm hues de a Lëtzebuerg eng Besuchspflicht, als Papp just e Besuchsrecht, vun deem e net muss Gebrauch maachen, e kéint mech awer ukloen, wann ech em d’Kanner da net géif zur Verfügung stellen”, erkläert d’Anna.

Et wier een zwar elengerzéiend, mee net eleng-entscheedend, well ee fir alles den Accord oder d’Ënnerschrëft vum zweeten Elterendeel brauch: “Dat heescht an der Praxis, dass de gezwonge gëss, däi Liewe vun haut op muer eleng ze organiséieren, deen, deen d’Kanner iwwerhaapt net huet hei awer e Matsproocherecht kritt.” Esou ass et ëmmer nees virkomm, dass déi geplangten Aktivitéit kuerzfristeg huet missen ofgesot ginn, well de Papp d’Kanner op eemol awer net wollt oder fir Reese mam neie Partner iergendwann automatesch e Familljenzëmmer gebucht gouf, als Noutfallplang falls den Ex nees géif bocken an d’Kanner last minute mat an d’Vakanz missten. “Wann een da keng Elteren huet, déi mol asprangen, da steet een oft schéi blöd do”, seet d’Anna.

Och finanziell wier et fir d’Mamm mat den zwee Kanner oft keen Zockerschlecke gewiescht, an dat, obwuel si no der Trennung vu 50 op 80 Prozent Schaffzäit eropgeschrauft huet. “A Lëtzebuerg kriss de als Fra keen Ënnerhalt vum Ex-Partner, a fir d’Kanner och just dat, wat de Riichter dir zousprécht. An Däitschland par contre geet et no der Düsseldorfer Tabell, déi unhand vum Mann sengem Akommes driwwer entscheet, wéi vill dësen ze bezuelen huet. Wann de Papp d’Suen net iwwerweist, stréckt d’Jugendamt d’Somme vir a geet se sech nees bei hie sichen – zu Lëtzebuerg muss de dann aus eegener Täsch en Affekot engagéieren.”

Schwieregkeete géif et zu Lëtzebuerg och a punkto Steiere ginn, well dräi Joer no der Scheedung fält een als Elengerzéiend an d’Steierklass 1A – a fänkt un wierklech vill ze blechen. “Zu zwee hues de en duebelt Akommes a gedeelte Käschten. Eleng ass et ëmgedréit: Du verdéngs nëmmen nach d’Hallschent, bezils awer déi voll Somme. Dat Ganzt ass eng grouss finanziell Belaaschtung fir eng famille monoparentale a wann s de dann nach en Ex-Partner hues, dee net bezilt, oder ofwaart bis de mam Affekot kënns, da gëtt et oft enk”, esou d’Anna.

Ma net nëmme fir de Bankkonto wier d’Elengerzéiend-Sinn e Spießrutenlauf, och um privaten an zäitlechen Niveau géif et villes op éischter negativ Aart a Weis beaflossen. “Et ass immens wichteg, gutt Frënn ze hunn an e staarkt soziaalt Ëmfeld, well et gëtt een och oft ausgestouss.” Sätz wéi “Du hues jo bestëmmt souwisou keng Zäit” oder “Du fills dech bestëmmt blöd ënner just Koppelen” géifen oft als Excuse benotzt ginn, fir eng elengerzéiend Persoun net ze invitéieren an nei Bezéiungen opzebauen, wier schwiereg. “Wéi solls de e neie Partner kenneléieren, wann s de ni fortkënns, well däin Ex d’Kanner ni wéi ofgemaach hëls?”, esou d’Anna.

Eleng si wier e “super Verhütungsprogramm” wat nei Männerbekanntschaften ugeet, ma fir dës, respektiv perséinlech Gefiller wier meeschtens souwisou net vill Plaz: “Meng Kanner hu béid Sport gemaach, esou dass ech ëmmer just duerch d’Géigend gerannt si fir si ze féieren oder sichen ze goen, egal op ech fit war oder 40 Grad Féiwer hat. Ech war zwar eleng an hunn deels geschafft, wollt hinnen awer e Maximum erméiglechen a fir si do sinn als Mamm, dofir hunn ech mir ebe relativ wéineg geleescht.” Bis op säin Hobby an d’reegelméisseg Mädelsowender huet déi zweefach Mamm vill missen abéissen, och wat Emotiounen ugeet.

 

 

“Wéi meng Mamm gestuerwen ass, hunn ech ënnerwee fir meng Kanner sichen ze goen am Auto gekrasch, meng Aen ofgewëscht a si heem bruet. Ech konnt net einfach soen: ‘Papa, kanns du dat elo iwwerhuelen, well mir geet et richteg miserabel?’. Ech hu misse staark sinn.”
Et hätt een als elengerzéienden Elterendeel nämlech trotz all der Méi an Zäit, déi een an d’Erzéiung investéiert, oft d’Gefill, net genuch fir seng Kanner do ze sinn, well een sech jo em alles këmmere misst. “Ech hu mech schonn oft gefrot, op ech si genuch geknuddelt an an den Aarm geholl hunn, oder op dat alles an der Organisatioun vum Alldag ënnergaangen ass”, bestätegt d’Anna.

Natierlech wieren hatt an d’Conny zwee Extreembeispiller vun elengerzéiende Mammen an et géif och getrennten Eltere ginn, vun deene keen eleng muss eens ginn, wann et em d’Kanner geet. Ma all Fall, bei deem et esou ass, wier einfach een ze vill.

Trotz all de Streidegkeete wier et dem Anna nawell ëmmer wichteg gewiescht, säin Ex-Mann virun de Kanner net schlecht ze schwätzen, well dëse wier schliisslech ëmmer nach hire Papp. “Ech si frou, dass ech keen Eenzelkand hunn, mee zwee Kanner, well esou kënnen si géigesäiteg fireneen do sinn a matenee schwätzen. No der Trennung war ech immens rosen an traureg an hat e Geriichtsprozess um Hals. Meng Kanner hu fréi misse léieren, selbststänneg ze ginn an ech hu geléiert, meng Roserei erofzeschlécken an opzepassen, meng eege Gefiller ënner Kontroll ze hunn, well si sëtze bei enger Trennung schonn tëschent de Still a musse wéinstens do geschützt ginn.”

Et wier net einfach, wann een eleng wier, dat gëtt aus béide Geschichte kloer. Ma wat béid Mammen awer betounen, ass de Fait, dass d’Relatioun zu hire Kanner sech mat de Joren immens verstäerkt huet an se – och wann se sech hiert Elteren-Sinn natierlech net esou virgestallt haten – des fir näischt op der Welt méi wéilten tauschen: “Et ass oft schwéier an et muss ee vill astiechen, mee fir meng Kanner ass et mir dat wäert, well déi Saachen, un déi si sech spéider erënneren, sinn déi, déi se mat mir erlieft hunn, an dat ass et wat zielt.”
*Nimm op Wonsch vun de Mammen geännert

 

Text: Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply