Embrace you

Embrace”  vum Taryn Brumfitt, eng Dokumentatioun iwwert ganz verschidde Frae boomt am Moment op der ganzer Welt. Si erziele firwat si sech schéi fannen oder firwat hinnen dat grad schwéier fällt. D’Amerikanerin Taryn Brumfitt war fréier Bodybuilderin, hatt huet sech just em säi Kierper gekëmmert a säi ganzt Liewen huet sech just dorëms gedréint. Iergendwann huet hatt agesinn, dass et trotz sengem duerchtrainéierte Kierper, en Body wou d’Medien driwwer soen, dass en schéin ass, hatt ewer nik frou mat sengem Liewe war. Doropshin huet Taryn em déi honnert Fraen an der ganzer Welt interviewt an si zu hirem Kierper befrot. Erschreckend war, dass bal all Fraen hire Kierper nik schéi fonnt hunn, en souguer gehaasst hunn. Taryn setzt sech elo dowéinst weltwäit dofir an, dass Fraen hire Kierper solle gär hunn, dass se sech solle gesond ernieren a Sport maachen, mee sech sou gär sollen hunn wéi si sinn. Och mir fält dat schwéier, mech selwer gär ze hunn.

Schonn als Kand war ech mockeleg a sinn dowéinst gemobbt ginn. Ech hunn geturnt, gutt geturnt, mee ech krut ëmmer just gesot “Fir en korpulent Meedchen, turns du wierklech gutt”, dobäi hunn ech zu deene beschte gehéiert. Dono am Lycée war et ganz schlëmm. Ech hunn mech ni akzeptéiert gefillt a mäin Kierper gehaasst. Ech hunn dunn decidéiert einfach näischt méi ziessen, oder wann, dann nëmme ganz en bëssen, hunn séier ofgeholl a bemol war ech akzeptéiert. Ech war sou dënn wéi aner Meedercher an hunn mech trotzdeem nach ëmmer déck gefillt. Ëmmer hunn ech gekuckt nik ze vill ze iessen. Alles huet sech dorëms gedréint. An egal wéi vill ech opgepasst hunn, war ech ewer méi breet wei anerer. Ech konnt d ‘Iessen nik genéissen, ni.

 

An de Medien ze schaffen an nik dënn ze sinn, ass nik einfach. Ech hunn mech ëmmer wéinst mengem Kierper schlecht gefillt. Hunn dotëscht erëm ofgeholl an hunn mech trotzdeem weider schlecht gefillt. Ech krut vun allen Säite gesot, wann s du dënn bass, häss du méi Succès. Firwat? Well ech wann ech dënn si méi kann?

 

Virun zwee, dräi Joer, hunn ech decidéiert mech gär ze hunn, mat all menge Mackel. Et ass nik einfach an et geléngt mir och nik ëmmer, mee ech fille mech säitdem besser. An mëttlerweil sinn ech frou, dass ech si wei ech sinn, well soss wier ech jo och nik ech. Wat wier dat och langweileg wann mir all d’selwecht géingen ausgesinn oder? Ech hunn aner Fraen zum Thema befrot.

Déi 37 Joer al Kënschtlerin Anne Lindner war och schonn ëmmer méi zolidd: “Ech war ëmmer grouss a breet a meng zwee Meedercher sinn och sou  an ech probéieren hinnen dauernd ze soen, dass si gutt sou si wei si sinn, mee et ass schwéier”.  En Kolleg vu mir schafft als Enseignant an hien huet mir erzielt, dass d’Meedercher an der Primärschoul deelweis scho magersüchteg sinn oder Bulimie hunn. Wéi kann et sinn, dass mir eis just nach mam Thema beschäftege wéi mir ausgesinn an nik domat wat eis frou mëscht, oder wat mir gär maachen, wat mir gutt kënnen, wat eis Dreem sinn?

Firwat ass et sou wichteg nëmme schéin ze sinn? An wien definéiert dat iwwerhaapt a firwat loosse mir eis dat virschreiwen?

D’Anne wëll op alle Fall keng Popp an enger Fënster sinn. “Mäin Mann huet mech grad gär well ech si wéi ech sinn”, seet déi fräischaffend Kënschtlerin, wat gär “out of the ordinary ass”. Him ass et méi wichteg eppes ze erschaffen, wéi schéin ze sinn. Wat och ëmmer schéin heescht.

“Wann meng Kanner op engem Vernissage vu mir houfreg op mech sinn, da sinn ech méi frou doriwwer, wéi wann se houfreg op mech wäre well ech schéi sinn”.

D’Schéinheetsidealer hunn sech an all de Joren ëmmer geännert. Wann een am Moment op Instagram kuckt, ass et in, sech den Hënner opboosten ze loossen.

 

Och d’Moudedesignerin Feyrouz Ashoura huet mam Schéinheetsideal ze kämpfen. Hatt war nach ëmmer vum Kierper an sech faszinéiert: “Mir hunn all en wonnerschéine Kierper, ech hunn dofir ganz dacks Thema Kierper a menge Kleeder verschafft”. D’Feyrouz hat ewer Problemer säi Kierper schéin ze fannen, huet sech onwuel gefillt sech ze weisen. “Ech denken, dass wann een sech selwer verwierklecht a Selbstvertrauen opbaut, fënnt een sech ëmmer méi schéin. Mir geschitt et oft, dass ech nodeems ech Mënsche kenneléieren hunn, vun hinnen ugezu sinn, ech se vum Äusseren ewer am Ufank nik attraktiv fonnt hunn”, erzielt di 29-Joer al Fra, déi fréier ëmmer nëmme wollt ganz dënn sinn. Haut well hatt virun allem gesond sinn, bannen a baussen:

”Gesond ze sinn ass ganz wichteg, och wann ee méi ronn oder ganz dënn ass”

De Vania en Kolleg vum Feyrouz kënnt mat an d’Gespréichsronn a seet, dass hie Meedercher, déi sech just em hiert Äussert këmmeren, langweileg fënnt: “Ech hat ëmmer nëmme Frëndinnen, déi ech cool fonnt hunn, wéinst dem wat se maachen a wéinst hirer Meenung.”

All d’Industrië verdénge jo genuch Sue mat eis. Wann mir onzefridde mat eis sinn, kafe mir Diätprodukter, Crèmen a gi vill Sue fir Schéinheetsopen aus. Dofir suergen déi di do hannendrun stinn och dofir, dass mir eis nik gutt fillen. Well keng Fra gesäit sou aus wéi déi Fraen an de Magazinner. Souguer d’Models gi retuschéiert.

D’Sandra Adler wat selwer och mol als Model schafft, kennt déi aner Médaille. Hatt war nach ëmmer extrem dënn. Hatt kann iesse wat et wëll a gëtt dowéinst oft jalous ugekuckt: “Ech kréie säit ech denke ka gesot, dass ech dach mol eppes iesse soll”. An sengen Aen huet all Fra dee Kierper deen zu hir passt.

“Ech fannen de Charakter geet ëmmer viru Schéinheet an ech si mäin eegent Schéinheetsideal a loosse mir näischt virschreiwen”

Säin eegent Schéinheetsideal ze sinn a virun allem frou mat sech selwer ze si bannen a baussen, ass ee vun de Messagë vum MADI. Vergies ni, Du bass mega genau sou wéis Du bass!

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (3)

  1. Super Artikel!! Ech war och en mockelecht Kand wat gudd am turne war an kruut genau déi selwëcht domm Bemierkungen. Als Teenager war meng Figur ok, mee no den Kanner kruut ech d‘Kiloen nie méi eroof. Et nervt just alt wann een sech wëll eppes schéines kaafen fir unzedon.
    Mach weider sou Maddi!!

  2. Merci Josiane 🙂

  3. Super Artikel, sinn am selwechte Fall a wees wei schweier et ass sech ze accepteieren,

Leave a Reply