Ëmwelt ass Trend

Zu Wooltz a menger Heemechtgemeng ginn ech leider vill ze seelen akafen. Ma all Kéiers wann ech do sinn, entdecken ech nei Butteker a mierken, dass sech hei vill deet.

De Cigr Plus huet am Kader vum Projet „Re-Commerce Wooltz“ zwee Butteker am Häerz vun der Groussgaass zu Owerwooltz an d’Liewen geruff. Als éischt ginn ech mir de Re-Naissance Buttek ukucken, en neie Second-Hand Shop. D’Second-Hand Shoppen hunn jo am allgemengen en bëssen ee verstëbstenen Image. Dofir erstaunt et mech, dass hei alles ganz modern ausgesäit, et mierkt een nik, dass et sech em en Second-Hand Buttek handelt. Scho beim Interieur hunn déi Responsabel dorop opgepasst, dass al Miwwel aus fréiere Butteker op dëser Plaz en neit Liewe fannen. D’Personal schwätzt Lëtzebuergesch a geet op d’Clienten an. D’Leslie ass per Du mat de meeschte Leit. Virun allem Markensaache stiechen an d’Aen, ma am Buttek Re-Naissance fënnt wierklech jiddereen eppes. Dat ass och d’Konzept vun dësem Second-Hand Buttek, dass all Mënsch hei eng Pärel fënnt. Si hunn och eng eege Kollektioun, an zwar bitzen si selwer Poschen, Ketten an sou weider. Falls Dir eng Kéier en originelle Kaddo sicht, sidd dir hei genau richteg.

 

 

Richteg ass een och am Buttek Klim-Bim, nëmme puer Schrëtt vum Re-Naissance ewech. Am Klim-Bim fënnt ee gepimpten al Miwwel, déi eng nei Séil kruten. Dës Stécker ginn opgetakelt am Atelier Klim-Bim vum Cigr Plus, vu Leit déi et schwéier hunn eng Plaz ze fannen an esou souguer munchmol hir grouss Leidenschaft fir d’Restauratioun entdecken. Wonnerschéin a virun allem ganz besonnesch Miwwele sprangen engem an d’Aen an dat fir en gudde Präis. Si bidde verschidde Saachen och elo online zum Verkaf un a liwwere souguer heem. Wien op der Sich ass nom Aussergewéinleche wäert am Klim Bim ganz sécher op seng Käschte kommen.

 

 

Zu Nidderwooltz wollt ech schonn ëmmer eng Kéier bei d’Sandra an d’Gréng Box erasprangen. Nieft sengem Job féiert hatt de Buttek, deen ëmmer méi grouss gëtt. Et mierkt een direkt, dass fir hatt d’Ëmwelt eng riseg Roll spillt. Seng Clientèle kënnt aus dem ganze Land erop fir sech vun him sur Place beroden ze loossen. Vu flotte Kaddosiddie bis hin zu den alldeegleche prakteschen Utensilien gluckst hei all Häerz vun Ëmweltfrënn. D’Sandra ass och ganz aktiv op de Social Medias wou hatt ganz genau déi Leit kann uschwätzen déi sech och mat der Thematik beschäftegen. Virun allem d’wäschbar Binden oder och de Menstruatiounscup sinn Artikelen déi richteg boomen a woufir Frae vun iwwerall ureesen. D’Sandra hëlt nämlech kee Blat virun de Mond a schwätzt villen aus der Séil. Eng Adress déi et a sech huet an déi een onbedéngt sollt verhalen.

 

 

Eng ganz besonnesch Adress ass och de Green Fox zu Knapphouschent. D’Anne beschäftegt sech haaptsächlech mat ëmweltfrëndleche Stoffwëndelen an alles wat domat ze dinn huet. Hatt bidd och extra Berodunge ronderëm dëst Thema un. No der Gebuert vu senge Kanner huet hatt säi ganze Liewenstyl geännert, säi Bléck op d’ Ëmwelt huet sech dee Moment komplett gedréint an elo wëll hatt säi Wëssen deelen. Donieft fënnt een an sengem klengen Eck och ëmweltfrëndlech Seefen a vill aner schéi Produiten déi der Séil gutt dinn. Am beschten ass et sech bei him en RV ze huelen. Och hatt huet eng Clientèle aus dem ganze Land déi de Wee souguer op Knapphouschent fënnt.

 

 

Et schéngt es wéi wann d’Thematik ronderëm eis Ëmwelt ëmmer méi géif zum Trend ginn a soumat och nei Geschäftsiddie mat vill Succès entstinn. Wann dir ären nächsten Tripp an d’Éislek plangt, da gitt mol op eng vun dësen Adresse kucken, dir wäert sécher nik enttäuscht ginn.

 

 

Text: Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply