Endlech Hoer

Schéin déck a vill Hoer gehéieren einfach zum Schéinheetsideal dozou, och bei de Männer. Iwwerhaapt maachen Hoer immens vill aus. D’Hoer ënnersträichen Männlechkeet. Ma et gi vill Männer di keng Hoer méi hunn oder ganz wéineg…

 

 

Zanter den Tun vun By Tun zu Esch mech coifféiert, huet hie mir ëmmer erëm erzielt, dass et Männer an ewer och Fraen ginn déi keng Hoer mi hunn an dass déi wierklech dorënner leiden. Och den Tun selwer huet enorm gelidde keng Hoer méi ze hu bis e Reesender hien op eng bestëmmte Methode bruecht huet : “Ech war net iwwerzeegt, ech hu just nach e Wizelschen Hoer um Kapp a konnt mir beim beschte Wëllen net virstellen, dass hie mir Hoer op mäi Kapp zaubere kann. En huet net locker gelooss a wollt mech iwwerzeegen. Een Dag hunn ech et dunn ausprobéiert an et huet mech ëmgehaen. Ech hat endlech Hoer”. Zanter deem Dag bitt den Tun dës Methode a sengem Salon zu Esch un.

 

 

Et gëtt ee Stéck Haut mat Hoer vun Hairskeen ganz individuell ugefäerdegt an u Kapphaut vum Client ugepasst a mat speziellem Pesch dann u Kapphaut opgepecht. Dat Ganzt hält dëscht 3-4 Wochen an dat speziellt Stéck tescht 3 Wochen a 6 Méint. Den Tun beréit ee gär, hie kann och Fraen erëm Hoer zauberen.

Den Tun  ass zanterdeem hien déi Pracht vun Hoer huet nik méi rëmzeerkennen an huet och vill méi Selbstvertrauen a Selbstbewosstsinn. Géi einfach bei hie laanscht a looss dech beroden, him kanns de vertrauen.

 

 

 

 

 Mady


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply