Endlech Kinnigin

Zanter Ufank des Jores wunnen ech zu Ohn op der Musel, aus engem Éisleker Meedchen ass e Stater Meedchen an elo ee Miseler Meedche ginn. Hei zu Ohn léiert ee séier nei Leit kennen, et ass wéi um Duerf. Sou hunn ech da meng Nopere kennegeléiert, d’Monique Thommes a säi Meedche Céline. “D’Céline gëtt dëst Joer Rieslingskinnigin “, erzielt d’ Monique mir direkt.

“Aha a wat wëll dat heeschen”?, denken ech.

Mat mindestens 16 Joer kënnen d’Meedercher aus der Gemeng Wormer Rieslingsprinzessin ginn, dat bleift een da 4 Joer laang an dat 5. Joer gëtt een am September virum Riesling Open zur Rieslingskinnigin gekréint. Firwat Riesling? Ma well dat dee beschte wäisse Wäin fir vill Leit ass a well d’Rieslings Drauw am meeschten op der Musel ugebaut gëtt.

D’Céline ass also elo scho 4 Joer mat dobäi, déi 4 Prinzessinnen an d’Kinnigin ginn op all Wäifest oder soss Eventer invitéiert an dat och bei eisen Noperen an Däitschland. D’Meedercher schweesse wärend där Zäit zesummen an et entwéckelt sech tëscht hinnen eng richteg Frëndschaft.

Ech begleeden d’Céline beim Rack umoossen an och beim offizielle Fotoshooting vun der Gemeng. Och wann ech mech nik domat auskenne spieren ech direkt, dass et eppes ganz Besonnesches ass Rieslingskinnigin ze sinn, nik nëmme fir d’Meedercher mee och fir hir Familljen. Jidderee féiwert mat. D’Céline ass ganz houfreg a freet sech op seng Zäit als Kinnigin. Et gesäit een him einfach of, dass ab September wuel ee vun de wichtegste Joren a sengem Liewe wäert ufänken. Fir hatt geet elo den Dram vun “Kinnigin sinn” an Erfëllung.

 

 

De Rack gëtt mat enger grousser Suergfalt erausgesicht, all Detail muss stëmmen an och beim Photoshoot gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. An dem Céline seng Mamm Monique ass iwwerall dobäi, këmmert sech ëm d’Meedercher well ee muss jo och Chauffeur spille fir d’Prinzessinnen-Gang.

D’Céline kritt nik nëmmen ee richtege Kinniginnen-Rack a souguer eng Kroun, nee hatt kritt och nach seng ganz eege Cuvée. De Riesling “Céline” aus dem Haus vum Max-Lahr et fils vun Ohn, sengem Elteren Haus. An och hei ass d’Etikett mat vill Léift erausgesicht ginn. Zur gläicher Zäit bréngen si vu Max-Lahr et fils och nach een neie Crémant eraus, de Rosé Gold mat enger wonnerschéiner Etikette. Falls dir lo och genau sou begeeschtert sidd vun eiser neier Rieslingskinnigin, da verpasst op kee Fall seng Kréinung de 16.09 am Centre Culturel zu Wormer. Et muss een dat eng Kéier materliewe fir ze verstoe wéi wonnerbar sou eng Traditioun dach ka sinn.

 

 

Mady Lutgen

Fotoen: Carlo Rinnen, Tammy Schuh


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply