Entspanung pur

De Stress an och eis Problemer sëtzen sech iergendwou an eisem Kierper fest. Dëst verursaacht ganz dacks Muskelverspanungen. Awer och en falscht Halen, en Coup bei engem Falen oder dat villt um Büro sëtzen, provozéiert de lästege Réckewéi oder Verspanungen am Kierper.

An dëser schwéierer Zäit seene mir eis dach all no e bëssi Entspanung an Ofschalten a wëllen zousätzlech den nervege Wéi lassginn. Duerch Zoufall sinn ech op déi Bioenergetesch Massagë gestouss, déi d’Lena Zart an der Lounge Zart ubitt. Mat dem System vun dëser Zort vu Massage ginn Disharmonië vum Kierper ausgeglach, d’Energiefeld gëtt erëm harmonesch opgebaut an den Energiefloss ugereegt. D’Bioenergetesch Massage beschäftegt sech mat der Eenheet vu Kierper, Geescht a Séil. Duerch verschidden douce a rhythmesch Grëffer entsti Wellen am Kierper déi de Selbstheelungsprozess vum Kierper aktivéieren. Sou kënnen nieft de Kierperleche Blockaden och emotional an energetesch Blockade geléist ginn.

Ma d’Lena bitt nik nëmme Bioenergetesch Massage un, et fënnt een och nach d’Emmett Methode bei him. Heibäi gi mat zwee Fanger verschidde Punkten um Kierper gedréckt an doduerch ginn Impulser op d’Muskelen a Seenen ofginn, wat en direkten Effekt op de Wéi huet.

D’Lena wäert seng Offere vum Januar nächst Joer nach erweideren. Zum Beispill wäert hatt eng speziell Kifer Massage ubidden an nach villes méi.

Dem MADI seng Erfarung:

D’Lena huet fir mech en Mix aus béidem virgesinn. Hatt ass immens léif an erkläert mir gutt firwat hatt mengt vu wou mäin Wéi kënnt. Fir d’éischt behandelt hatt mäin Réckewéi mat der Emmett Methode an dréckt op verschidde Punkten um Réck, Been an Hëft. Et gëtt mir bewosst, dass ech vill méi Wéi hunn wéi ech gemengt hat. Ech spiere séier eng liicht Verbesserung vum Wéi. Dono fänkt et mat der Bioenergetescher Massage un. No puer Minutte spieren ech just nach seng Hänn déi mol douce mol méi fest mäi ganze Kierper masséieren an ech geroden an eng Zort Trance, an eng Boule, fille mech total entspaant an denken och nik méi vill no, lauschteren der Musek just no. Mir fält et immens schwéier ze entspanen, well meng Gedanke permanent geschoss kommen. Ma d’Lena huet et fäerdeg kritt, dass ech komplett konnt ofschalten an endlech mol zur Rou kommen.

No der Behandlung soll ech vill drénken. Ech ginn dono nach trëppelen, owes hunn ech de Réck nach wéi mee schlofen immens gutt. Den Iwwernächsten Dag ass mäin Réckewéi ze soen nik méi ze spieren. Ech fille mech voller Energie an ouni Péng. Ech sinn dono nach puer Deeg op där Entspanungswell geridden…

D’Lena kann all Zort vu Muskelpéng behandelen, awer och Burnout, Stress an nach vill méi. Wann dir grad en Leiden huet, oder einfach mol Entspanung sicht, roden ech iech eng Seance beim Lena op alle Fall un, dir wäert iech sécher dono besser fillen.

Oder spillt einfach mat beim MADI Adventskalenner a gewannt eng Anti-Stress Massage vum Lena.

 

Mady Lutgen mat Lounge Zart


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply