Faaschtst Du schonn?

Wa mir vu Faaschte schwätzen, huet dat Wuert ëmmer iergendwéi een batteren Nogeschmaach. Faaschten ass näischt Flottes, et heescht op eppes verzichte wat mir gär hunn. An dësem Fall op d’Iessen.

Den neisten Trend punkto Iessgewunnechten ass den Intermittent Fasting. Dat huet näischt méi mam Faaschten ze dinn sou wéi mir et kennen, fir op Iessen iwwert eng länger Zäit ze verzichten, ma et ass eng Iessgewunnecht déi sech zu engem Liewensstil entwéckelt. Et geet drëm zu bestëmmten Auerzäiten op Iessen ze verzichten an tëscht verschiddenen Auerzäiten dann erëm ziessen. Wann ee googelt fënnt ee vill zu deem Thema. Déi meescht iesse just tëscht 12 mëttes an 20 Auer owes, anerer faaschten 2 Deeg an der Woch. Wichteg ass et, dass de Kierper souvill wéi méiglech am niichteren Zoustand ass. Den Hormon Insulin deen de Bluttzocker regléiert ass fir vill Krankheete verantwortlech a gëtt sou niddreg gehalen. Positiv Effekter heivu si manner Häerz a Gefässerkrankungen, de Cholesterolspigel soll erof goen, souguer d’Gehier soll sou besser funktionéieren a fir déi di Problemer mam Gewiicht hunn, sollen ofhuelen.

 

Ech iessen elo zanter Wochen den Dag iwwer näischt, drénken awer Waasser a Kaffi. Owes iessen ech normal an och mol Schockela. De Weekend iessen ech och mëttes well ech dann dacks Besuch hunn oder bei Frënn ginn an do wëll ech da kee Spillverdierwer sinn.

Am Ufank ass et wierklech schwéier, et denkt ee vill un d’Iessen, de Mo grommelt. Ma no dräi Wochen hunn ech mech drun gewinnt an hunn guer keen Hongergefill méi, souguer Owes vergiessen ech ziessen, muss mech dann ze soe forcéieren eppes ze kachen. Ech hunn mir ugewinnt dotëscht ewer mol en Geméis-an Uebstjus ze drénke fir all wichteg Vitaminnen zou mir ze huelen.

Fir mech ass dës Gewunnecht ideal well ech riicht duerch ka schaffen a wann ech eng Paus maachen, ginn ech raus trëppelen oder lafen an owes huelen ech mir Zäit fir mech a genéisse mäin Iessen an aller Rou.

Wat ech gemierkt hunn zanter ech sou iessen, ech si vill manner midd, schlofe besser, si méi aktiv a produktiv, meng Haut ass besser an ech hunn ofgeholl.

 

Fir mech ass dëse Liewensstil perfekt, dat heescht awer nik, dass en och fir dech gutt ass.

Ech mengen do muss jidderee selwer seng Methode fannen. Well ech nach ëmmer Problemer mam Gewiicht hat, ass dat hei ideal fir mech, ech fille mech gesond a si méi aktiv. Probéiert et einfach mol aus, et gi souvill verschidde Methode fir ze faaschten, vläicht ass jo do och eng Form dobäi déi dir gutt deet.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply