Firwat Selfcare?

Haut schreiwen ech dir ee ganz wichtegen Message dee matzen aus dem Häerz kennt…

Firwat ass Self Love a Selfcare esou wichteg?

Ech hunn leider réischt spéit verstanen dass ech selwer responsabel fir mäi Gléck sinn a mäi Liewen sou ka gestalte wéi ech well. Ech hunn mäi Gléck ëmmer iergendwou anescht gesicht, beim Rausgoen, bei Männer, bei der Oflenkung vu menge Problemer…mee eent nom aneren.

Meng éischt Panikattack hat ech mat 16 Joer, do hunn ech ewer nik verstane wat dat iwwerhaapt wier an duecht just ech géif verréckt ginn. Ech hunn mech selwer ni schéi fonnt oder wäertvoll, ech war just wäertvoll wann ech eppes geleescht hunn. Dat huet natierlech lauter Problemer ugezunn, ech hat ëmmer Männer di mech nik wollten, hunn alles akzeptéiert och am Job hat ech mat Mobbing ze kämpfen  ëmmer an ëmmer erëm. Firwat? Well ech mech selwer nik gär hat.

Mäin Déifpunkt war mat 27 wien ech probéiert hunn mech ëmzebréngen…

 

 

Ech hunn mech just als Opfer gesinn a konnt dat Schéint am Liewen nik gesinn. Ech hunn 15 Joer Antidepressiva geholl a konnt méi wéi 10 Joer nik schlofen. Ech mengen ech hunn all Therapië gemaach déi et sou ginn…war och an enger Klinik am Ausland. An alles huet mir iergendwéi e bësse gehollef. Mee wat mäi ganzt Liewe verännert huet, dat ass d´Léift zu mir selwer an dat ass vill méi wéi sech just ze akzeptéiere wéi een ass.  An dat kann ee léieren. All Dag e bëssi. Haut sinn ech ee gléckleche Mënsch, ouni Antidepressivan. Kloer hunn ech och mol Déifte mee ech sinn e ganz anere Mënsch ginn. Haut decidéiere ech iwwert mäi Liewen an ech maan mech selwer frou a brauch dofir soss keen an dat verännert alles. An jidderee kann dat. Dofir ass et mir esou wichteg die Workshopen a Retreaten ze organiséiere fir déi Übungen déi mäi Liewe gerett hunn weider ze ginn. DU BASS DEE WICHTEGSTEN MENSCH AN DENGEM LIEWEN!

Loscht et auszeprobéieren? Dann komm op eise Workshop den 23.04 zu Wuermer:

https://my.weezevent.com/self-love-and-self-care-workshop-spring-edition

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply