Fit am Alter

D’Nadine Robert huet 64 Joer a strotzt voller Liewensenergie. Ma Sport zielt nik zu senge Liblingsbeschäftegungen, trotzdeem hält hatt sech gär fit fir gesond ze bleiwen an nach laang ze liewen. Dowéinst test hatt fir eis den EGym am Krav Maga Center zu Bäreldeng.

D’EGym Geräter funktionéieren anescht wéi di normal Kraftgeräter am Fitness. Sie weisen engem ganz konkret un wat ee maache soll a wéi laang. Hei kann een och näischt falsch maachen. Virun allem ewer ginn se ganz spezifesch op all Kierper individuell ugepasst. De Computer vun de Geräter späichert all d’Daten an déi ginn um perséinleche Schlëssel gespäichert, sou kennen déi verschidde Maschinnen een ëmmer erëm an et brauch een d’Geräter nik all Kéiers nei op een anzestellen.

 

 

Een Duerchgang vun dem Parcours vun de Geräter dauert 30 Minutten. Dat heescht et kann een trainéieren ouni vill Zäitopwand. 30 Minutte fënnt jiddereen. De Fitnesstrainer Martin stellt d’EGym Maschinnen op d’Kraaft vum Nadine an an erkläert déi verschidde Geräter. Dono brauch de Martin bei kengem Training méi dobäi ze sinn, ausser et brauch een ee Rot.

D’Nadine versteet de System séier, d’Geräter an de Mechanismus sinn och ganz einfach. Et kritt een ugewise wéi laang ee wéi eng Übung ausféiere soll. D’Nadine ass a sech zimmlech liddereg, mee dës Übunge maachen him Spaass an hatt fillt keng Iwwerustrengung, ganz am Géigendeed…

 

 

Den Training op den EGym Geräter fërdert d’Fitness an d’Beweeglechkeet an dat an nëmme kuerzer Zäit. Fitness am Alter hëlleft bei Ängschten, bei Stëmmungsschwankungen, bei Depressiounen, fërdert d’Schlofen, d’Glécksgefiller, d’Zefriddenheet, d’Gesondheet am Allgemengen an natierlech och d’Liewensdauer. Ausserdeem fënnt een am Krav Maga Center séier Uschloss an et léiert een nei Leit kennen sou entseet séier en Gefill vun Zesummenhalt.

 

 

Wëllt Dir den EGym och eng Kéier wéi d’Nadine testen? Dann maacht mat den 19.11 beim Workshop am Krav Maga Center, extra fir déi am beschten Alter vun 09.00 un. Mellt iech ganz einfach un um : 26 99 01 60. D’Nadine war begeeschtert.

 

Text: Mady Lutgen mam Krav Maga Center

Fotoen: Tammy Schuh

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply