Fit mat Spaass

Muskeltraining ass och am Alter wichteg. D’Nadine Robert huet am Krav Maga Center zu Bäreldeng fir eis en TRX Privat Training getest.

D’Nadine huet 64 Joer geet vill mat den Hënn trëppelen, hatt wëll awer och en Training fanne wou et d’Muskele vum ganze Kierper kann trainéieren ouni Iwwerustrengung. Hatt decidéiert sech fir TRX Training mam Jenny Carat vum Krav Maga Center zu Bäreldeng. Well hatt all Übung wëll a Rou erklärt kréien, bucht d’Nadine léiwer eng privat Session wéi em Cours matzemaachen.

Beim TRX Training ginn all d’Muskele vum Kierper trainéiert. D’Gurten suergen dofir, dass ee mat sengem eegene Kierpergewiicht schafft. D’Nadine gëtt vum Jenny gestriizt, Tempo a Schwieregkeetsgrad ginn dem Nadine ugepasst. D’Jenny erkläert all Übung a weist dem Nadine se, éier dat se nomécht. D’Jenny mécht all Übung na eng Kéier mat fir dass d’Nadine nëmmen näischt falsch mécht.

 

 

Den TRX Training trainéiert déi grouss Muskelgruppen an och déi déif Muskulatur. Dësen Training verbessert d’Haltung a beugt Réckewéi vir. Schonn 20 Minutten Training bréngt dem Kierper eppes. D’Intensitéit vun den Übunge kënne ganz einfach individuell u jiddereen ugepasst ginn. Jidderee ka beim TRX Training matmaachen. Hei ginn Ausdauer, Koordinatioun, Beweeglechkeet an d’Kaaft trainéiert ouni d’Gelenker ze strapazéieren. En Training also dee grad fir Mënschen am beschten Alter perfekt ass.

 

 

Fir all déi di nik gär mat anere Leit trainéiere lount sech sou ee privaten Training an eben och fir d’ Übungen ze verstoe fir dass een se falls een awer wéilt am Cours matmaachen, se direkt kann nomaachen.

Déi zwee amuséieren sech richteg dobäi. D’Nadine entdeckt, dass him dësen Training immens Spaass mécht an hatt bucht direkt dono den TRX Cours am Krav Maga Center. D’Ambiance gefält him an och dat Gefill wéi an enger grousser Famill opgeholl ze ginn. Ausserdeem fillt hatt sech hei nik al, ma hatt fillt sech vu bannen an baussen nach besser.

 

Text: Mady Lutgen

Fotoen: Tammy Schuh


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply