Frëndinnen am Mëttelpunkt

Eppes Besseres wéi eng richteg gutt Frëndschaft ënner Frae gëtt et bal nik oder? De Ladies Circle stellt genau dës an d’Scheinwerfer vun der Bühn. Et ass en Serviceclub fir Fraen tëschent 18 a 45 Joer bei deem et dorëms geet Frëndschaften ze schléissen an eppes Guddes zesummen ze bewierken, sech virun allem fir Kanner a Fraen an Nout ze engagéieren. De Club ass weder politesch nach reliéis engagéiert.

Den Ursprong vun dëser neutraler Vereenegung fënnt een an den 30ger Joren an England. Do hunn d’Frae vun de Männer déi am Serviceclub Round Table waren, sech zesummegedoen. Haut sinn déi zwou Organisatioune vun enee getrennt an et fënnt een d’Ladies Circles a 36 Länner erëm mat  iwwert 13.000 Memberen.

Zanter 2003 gëtt et de Ladies Circle och zu Lëtzebuerg. De Circle eent betrëfft d’Géigend em d’Stad, den zwee ass de Club aus dem Süden an den dräi ass deen aus dem Éislek. MADI huet en puer Fraen aus dem Ladies Circle getraff.

Beim Nicole Hansen, der aktueller nationaler Presidentin doheem treffe mir en puer vun de Ladies aus de Circlen een, zwee an dräi. Et fält direkt ob, dass si sech all wierklech gutt kennen, häerzlech Ëmärmunge gehéiere bei der Begréissung dozou. D’Fraen treffen sech reegelméisseg : “Mir hunn ëmmer en orde du jour an halen eis do och strikt dorun, soss komme mir nik weider “, erkläert d’Nicole. Bei all Versammlung beschwätzen d’Frae wat si als nächst vun Event oder Aktioun plangen. Ziel vun hirer Aarbecht ass et aneren domat ze hëllefen.

D’Frëndinne begéinen sech ewer nik nëmmen hei am Land, si reesen och an d’Ausland op international Treffen.

“Eng Kéier war ech ganz eleng op sou een internationalt Treffen gereest, d’Ladies vun dohanne këmmeren sech em dech als géingst du zu der Famill gehéieren, du schléifs och bei engem vun de Memberen a fills dech direkt wéi ee vun hinnen. Du kanns sou immens wichteg Kontakter fir d’Liewen opbauen”, erkläert d’Cynthia Klein d’national Vizepresidentin.

D’Marga Mengato wollt nei Leit kenneléieren an ass sou op de Ladies Circle gestouss : ” Si hunn mech direkt behandelt wéi wann mir eis scho Jore géinge kennen. Ech fille mech immens wuel bei hinnen, een hëlleft deem aneren an et spiert een en groussen Zesummenhalt “. Fir neie Member ze gi kontaktéiert een am beschten ee vun den dräi Circlen a geet bis laanscht schnupperen. Wann een dono Interessi huet Member ze ginn, mëscht een eng Demande un de Comité, deen dann doriwwer decidéiert.

“Zanter ech Member am Ladies Circle sinn, trauen ech mech Saachen, déi ech mech virdrun ni getraut hätt, de Club huet mech positiv verännert”, esou d’Nicole Hansen zum Schluss, wat eis seet, dass sech de Ladies Circle iwwert all neie Member géif freeën.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel, privat


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply