Frëndschaft, jo oder nee?

Frëndschaft tëscht Mann a Fra, dat ass esou en Thema. Scho beim Briefing fir den Artikel si mir eis dozou net eens: ech fannen dat geet an hu säit 20 Joer vill männlech Kolleegen, d’Mady seet nee, well et ëmmer iergendwann schif ausgeet. Eis gëtt schnell kloer, dass et wuel eng vun deene Saachen ass, wou et net déi eng Wourecht gëtt, ma jiddereen seng eegen Erfarunge mécht. Mir maache spontan eng Ëmfro, d’Mady bei sengen, ech bei mengen Insta-Follower a Kolleegen. D’Resultat ass gemëscht – anscheinend huet do effektiv jiddereen eppes anescht erlieft. Vu 66 Leit soen a menger Story 81 Prozent Jo a 19 Prozent Nee, dorënner ass de Gros bei de Ja-Sager weiblech, wärend beim Nee op eng Persoun de männleche Public iwwerweit.

Beim Mady senge Participanten ass et änlech: 70 Prozent sinn der Meenung, dass Männer a Frae kënnen eng réng frëndschaftlech Relatioun hunn, 30 Prozent hunn heizou éischter eng negativ Astellung. Béid Gruppe bannen hiren Avis awer u gewësse Konditiounen, ënner anerem dorun, wéi stabil een a sengem Privatliewe grad steet. “Ech fanne schonn, dass esou Frëndschafte méiglech sinn an och kënne funktionéieren, ouni dass méi entsteet. Dat hänkt awer a mengen Ae vill domat zesummen, wéi ee selwer grad am Liewe steet. Wann een an enger glécklecher Partnerschaft ass, da kënnen do nach esou vill Leit vum anere Geschlecht optauchen an zu Frënn ginn, ouni dass Hannergedanken entstinn. Ass een awer onglécklech oder eleng, ass de Prozentsaz och méi héisch, dass sech méi aus der Frëndschaft entwéckelt”, fënnt een.

 

 

Et misst ee quasi esou vertraut matenee si wéi Geschwëster, seet en aneren, ma virun allem am Ufank vum Kenneléiere wier de Risiko grouss, dass bei engem awer méi Interessi do ass, wéi initial geplangt war – virun allem beim männleche Part, seet ee vun de befrote Männer: “Déi zwou Parteie mussen sech bewosst sinn, dass eng Spannung dierf entstoen oder soll entstoen. Biologesch ass et och bewisen, dass Männer domadder tendenziell méi Schwieregkeeten hunn, Frëndlechkeet a Vertrauen ze differenzéiere mat ugezu sinn.” Nëmme wann een eng ganz enk Relatioun hätt an sech in- an auswenneg géif kennen, kéint dat mat der Frëndschaft ouni romantesch Gefiller och klappen. Oft misst awer och fir d’éischt emol een dës einfach iwwerbrécken, gëtt eng aner Participante ze bedenken: “Fir mech ass d’Äntwert op d’Fro kloer e Jo, mee aus menger Erfarung eraus ass dëst awer nëmme méiglech, wann ee vu béiden d’Gefiller fir deen aneren nees lass ass. Ech gleewen u Frëndschaft, mee nëmme wann et dee Moment vu Kloerheet an der Geschicht vu béide gouf.”

Mam Thema beschäftegt huet sech och d’Sexologin Laura Hendriks, well d’Bezéiungen tëscht Männer a Frae sinn d’Basis vun hirer Aarbecht. “Wat fir d’éischt emol wichteg ze verstoen ass, ass dass ee fir sech ze verléiwen, eng Bezéiung mat engem aneren opzebauen oder mat engem an d’Bett ze wëllen, e puer Haaptingrédients musse stëmmen an dat ass och de Grond, firwat et effektiv heiansdo ka schwiereg sinn, eng Frëndschaft ze hunn”, esou d’Sexologin. Fir dass sech eng Unzéiung entwéckelt, déi iwwer dat Frëndschaftlecht erausgeet, missten eng ganz Partie Facteure stëmmen, un éischter Stell déi emotional Intimitéit: “Eng aner Persoun muss wéi eng safe place si bei der een sech sécher fillt, sech a seng Bedürfnisser ausdrécke kann oder einfach soe kann, wat ee fillt, ouni dass een negativ Konsequenze muss fäerten. Et muss een sech verstane fillen an doduerch Loscht hunn, deem aneren no ze sinn, einfach well een do kann ee selwer sinn.”

 

 

Des Form vu Bewonnerung fir säi Géigeniwwer wier dobäi esouwuel d’Basis fir eng gutt Frëndschaft, ewéi och fir eng gesond Bezéiung, an der d’Gefiller natierlech géigesäiteg sinn an een awer net vun dem aneren ofhängeg ass. Dëst kéint awer dozou féieren, dass dat staarkt Gefill vu Verbonnenheet sech an e Wonsch no physescher Intimitéit wandelt – “an da bass de mam hallwe Fouss schonn an deem, wat s de brauchs fir an enger Bezéiung ze sinn”, esou d’Therapeutin. Et kéint also passéieren, dass Mann a Fra sech anenee verléiwen, ma dëst wier awer kloer net bei jidderengem de Fall, firwat? “Well déi emotional Intimitéit, déi s de brauchs fir och eng physesch Intimitéit opzebauen, just een Deel vun den Ingrédients ass”, erkläert d’Laura Hendriks.

Eng zweet a genee esou wichteg Zutat wier d’kierperlech Unzéiung: deen ee fënnt Persounen attraktiv, well se vill Muskelen hunn, en aneren huet gär Männer mat Baart, nach anerer stinn op Blondinnen, Südlänner, an an an. An schonn hei kristalliséiert sech eraus, wien “just” e gudde Kolleeg oder eng gutt Frëndin bleift, a bei wiem eventuell méi dran ass. “Et ka sinn, dass een sech enger Persoun zwar emotional immens no spiert, sech sexuell awer iwwerhaapt näischt virstelle kéint oder et zwar an déi eng Richtung de Fall ass, deen aneren ëmgedréit awer keng Unzéiung verspiert”, esou d’Sexologin. Hei géif dann och oft den uewe genannte Faktor vun der Dauer vun der Frëndschaft an d’Spill kommen: “Vläicht existéiert d’Relatioun tëscht zwou Persoune schonn immens laang, a si kennen sech nach aus dem Duerf, der Schoul oder der Strooss. Wann een als Kand mat engem gespillt huet, zesummen Dommheete gemaach huet a gesinn huet, wéi deen anere vun der Mamm vernannt gouf, dann ass et schwéier des Persoun iergendwann ze sexualiséieren. Et gesäit een se éischter wéi e Brudder oder eng Schwëster.”

Hei kéim dann och schonn déi drëtt Zutat an d’Spill: d’Aart a Weis vun der Seduktioun. Et kéint een nämlech eng aner Persoun physesch flott fannen, sech gutt verstoen an hir och wëllen no sinn, mee vläicht hätt des Persoun awer net déi Verféierungsaart, déi engem perséinlech gefält an déi een erotesch fënnt – well een ze vill Macho ass, ze tollpatscheg oder, ganz klischeehaft, einfach net männlech oder weiblech genuch fir de perséinleche Goût. “Statistesch gesinn ass d’Chance, dass all d’Ingrédients stëmmen eng op aacht, dat heescht oft fannen sech zwee Mënschen zwar emotional super, mee se consideréieren awer net méi a genee dat ass jo de sprangende Punkt”, seet d’Sexologin. Dass et hei bei Männer a Fraen Ënnerscheeder géif ginn, kommentéiert si mat gemëschten Argumenter, well: “Vun der emotionaler Intimitéit hir gëtt et de base keng Differenz – Männer kënnen des genau esou wäertschätze wéi Fraen. Par contre ass d’Reiefolleg vun den Ingrédients oft eng aner.”

 

 

Wärend Fraen ouni Problem Owender laang enk ugekuschelt kéinte mat hire männleche Kolleege Filmer kucken, ouni des ze erotiséieren, géif bei Männer a ville Fäll fir d’éischt d’Sexualiséierung kommen, iert een sech um Level vun der emotionaler Intimitéit engagéiert: “Wann e Mann sech bis esou investéiert, dann ass d’Erotiséierung oft scho laang do.” Dëst géif natierlech, nieft dem Alter, och vum Kader an deem een sech iwwerhaapt kenneléiert ofhänken. “Net jidderee léiert eng Persoun kennen a weess vu vir eran, wou et higeet”, seet d’Laura Hendriks. En Tinder-Date géif hei awer natierlech e ganz aneren Ausgangspunkt duerstellen, wéi wann een ee beim Sport oder am Konschtcours kenneléiert, wou déi mannst wierklech op Partnersich sinn, mee éischter einfach hirem Hobby wollten nogoen.

Ma och hei vermutte verschiddener vun den Ëmfro-Participanten, dass oft bei engem scho méi dohannert stécht, wéi dat Ufanks vläicht wierkt. Et wieren dacks verstoppte Gefiller am Spill, esou ee vun hinnen, well net all Frëndschaft wier effektiv just eng Frëndschaft, wéi et par contre bei gläichgeschlechtleche Kolleegen de Fall wier. “Ech hu selwer e puer Frëndinnen, mee ech ka soen, dass et net bei allen reng frëndschaftlech ass. Bei verschiddenen hunn ech och en Interessi fir méi”, gëtt hien zou. Éierlechkeet ass deemno fir déi eng dat, wat den Ënnerscheed mécht an d’Bestoe vun der Kollegialitéit garantéiert, fir anerer awer eppes, woumat sech spille léisst, fir vläicht ze verstoppen, wat ee wierklech empfënnt. Hei zitt d’Sexologin awer eng kloer Linn: “An deenen allermannste Fäll ass et wéi an de Filmer, dass ee mécht wéi wann ee Kolleege wier, mee amfong vun Ufank u méi wëll. Dat wier wierklech manipulativ, mee bei deene mannsten ass e béisen Hannergedanken dobäi, mee mir sinn nunmol einfach all nëmme Mënschen.”

D’Konsequenz vu sech gutt verstoen, sech flott fannen, säi Géigeniwwer a senger Aart attraktiv fannen an dëse Facteuren op Dauer exposéiert sinn, kéint nunmol zu méi féieren, mee fir engem dëst vu vir eran ze ënnerstellen, fënnt d’Therapeutin fragwürdeg. “Et ass wéi wann ee seet et brauch ee Mëllech, Zocker, Eeër, Miel a Schockela fir e Kuch ze baken. Wann s de alles hues, mee et gëtt kee Kuch, dann hues de warscheinlech net gutt gemooss, mee du fänks awer mol mat den Haaptingrédients un an et kéint e Kuch dobäi rauskommen, dees muss een sech einfach bewosst sinn.” Dëst kéint och bei gläichgeschlechtleche Frëndschafte geschéien, woubäi de Gros vun de Leit sech just vun engem Geschlecht ugezu fillt – ergo de Risiko bei Frëndschaften tëscht Mann a Fra méi héisch ass.

Wann et dann effektiv sollt geschéien, dass op eemol ee méi empfënnt, géif dat awer absolutt net de sécheren Doud vun der Frëndschaft bedeiten, et misst ee just wëssen, domat ëmzegoen. “Et ass wéi wann zwou Persounen zesumme sinn an een op eemol näischt méi fir deen aneren empfënnt, wat mécht een dann?” Fir d’éischt misst déi betraffe Persoun emol de Courage opbréngen, d’Thema unzeschwätzen, well als gutt Kolleege muss et och méiglech sinn, iwwer onangeneem Themen ze schwätzen, ouni dass deen aneren direkt fortleeft. “Dat ass jo quasi de Beweis dofir, op déi emotional Intimitéit tëscht deenen zwee funktionéiert”, esou d’Laura Hendriks. Et misst ee sengem Géigeniwwer oppen entgéinttrieden an deem d’Chance ginn, sech och auszedrécken – egal op dëst an déi selwecht Richtung geet, wéi et bei engem selwer de Fall ass, oder an eng aner.

 

 

Heibäi wier villes eng Saach vu Feigefill, ma och der néideger Distanz nom Gespréich: “Wann deen aneren net méi empfënnt, dann ass et gutt säin Häerz e bëssen ze schounen an sech eng Zäit manner ze gesinn, soss gëtt dat, wat dozou gefouert huet, dass ee vu béide méi empfënnt, jo weider ënnerhalen.” Et wier wéi bei enger Koppel, déi sech trennt, mee weider zesummen an de Restaurant geet a matenee schléift: wann sech näischt um Verhalen ännert, ännert sech och näischt un de Gefiller. Et misst een sech also déi gebrauchten Distanz erlaben an och d’Intensitéit vun der Bezéiung hannerfroen, spréch reduzéieren: “Et muss een sech Zäit ginn, de Brëll vun der Verléiftheet nees ofzedoen a sech dann nees lues a lues rëmgesinn, mee vläicht net méi virun der Tëlé matenee kuschelen, well béid grad kee Partner hunn a sech eleng fillen.”

Wann et de base eng wierklech Kollegialitéit a Frëndschaft gi wier, da kéint een och des Phase iwwerstoen an herno mat engem staarke Bond nees aus der “Kris” erauskommen, well eesäiteg Gefiller wiere fir keng vun de Parteien einfach: “Oft fillt sech och deen, dee net méi fir deen aneren empfënnt, vun deem senge Gefiller gestrooft, well e fäert, dass d’Frëndschaft lo am péril steet.” Dëst Empfannen äusseren och eng ganz Partie vun de Leit an der Ëmfro: vill schreiwen, dass si eigentlech ëmmer un d’Konzept vun der Frëndschaft tëscht Mann a Fra gegleeft hunn, ma iergendwann awer selwer am Fall waren, dass do op eemol en Hick dra war an doduerch Relatiounen an d’Bréch gaange sinn. “Ech hunn e puer esou Frëndschaften, ech hunn awer och d’Erfarung gemaach, dass och no 20 Joer just Frëndschaft op eemol Gefiller kënnen entstoen”, esou ee vun hinnen.

 

 

Och eng jonk Fra tëscht de Participanten huet hir Vue op d’Thema entretemps geännert: “Ech hätt eigentlech Jo gesot, mee d’Erfarung léisst mech esou lues zweiwelen. Ech denken et ass immens rar. Ech perséinlech kéint ganz kloer mat engem Mann befrënnt sinn, mee ëmgedréit ass dat leider oft net wouer. Bei mir ass dat eigentlech nach ni gutt ausgaangen.” Déi selwecht Vue deelt e männlechen Instagrammer: “Schwéier, do musse Saache kloer sinn am Virfeld. Ech hat dat och vun enger gudder Frëndin geduet an herno war do awer méi Interessi. Do muss een éierlech driwwer schwätzen, mee leider geet den Interessi un enger normaler Frëndschaft no esou eppes automatesch verluer, well een op eemol net d’Gefor wëll lafen, dass awer méi entsteet.” Männer a Frae wiere nunmol ënnerschiddlech an d’Kombi oft komplizéiert, an zwar a ville Beräicher.

Natierlech hätt een ni eng Garantie, dass e Kolleeg oder eng Frëndin net op eemol awer méi wëll, esou d’Sexologin, ma et dierft een awer kloer net all Hoffnung verléieren, esouguer wann et sollt zu der onangeneemer Situatioun kommen: “Mir sinn ebe Mënschen an hunn eis Gefiller net ëmmer ënner Kontroll, mee wann ee matenee schwätzt an zesumme Saachen adaptéiert, da kann een seng Frëndschaft och erhalen an zwar ouni, dass ee vu béiden drënner leit.” D’Konscht vun der Saach wier et, d’Substanz vun der Kollegialitéit ze iwwerpréiwen, deen aneren ze respektéieren a säi Courage ze valoriséieren, ouni sech géigesäiteg Reprochen ze maachen, well schlussendlech si Frëndschaften ënner alle Konditioune méiglech – an dat och tëscht Mann a Fra.

 

Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply