Globe-Trotterin

D’Vakanz steet virun der Dier an déi meescht vun iech hunn hire Choix scho gemaach : Ob mam Partner, der Famill oder Frëndinnen, d’Vakanzenhaus mat Pool, Hotel matzen an der Stad oder éischter en Appartement um Mier. Mee wéi vill vun iech reesen eleng?

Der Organisation Mondiale du Tourisme no, ass d’Zuel vun de Fraen déi eleng reesen an de leschte Joren immens an d’Luucht gaangen: 2014 waren et 59 Millioune Fraen, ma 2017 ass dës Zuel souguer op 138 Millioune geklommen. Ganz positiv Zuelen déi weisen, dass Fraen ëmmer méi d’Aventure sichen an sech eleng op Entdeckungsrees maachen. Ma solo reesen ass natierlech mat Risiko verbonnen a vill Frae fäerten dass hiren Dram vum eleng ronderëm d’Welt reesen zum Albdram gëtt.

Vir genau dëse Problem ze léisen ass eng Idii entstanen : E Reseau wou alleng-reesend Frae bei aner Fraen iwwernuechte kënnen. D’Iddi vir “La Voyageuse” ze grënne koum vun enger franséischer Globe-trotterin, dem Christina Boixière, wat zanter Jore reegelméisseg eleng reest.

La Voyageuse setzt Fraen déi op der Sich no enger sécherer Schlofplaz sinn, mat Fraen déi dës gären ophuelen, a Verbindung. Alleguerten d’Profiller ginn iwwerpréift, sou dass weder fir de Gaascht nach vir den Host eng Gefor besteet.

D’Plattforme well sech net mat Airbnb vergläiche well de Prinzip wierklech am Echange tëscht de Frae leit, dat heescht dass wann een ee bei sech ophëlt, deen net op sech eleng gestallt ass vir d’Stad kennenzeléiere mee Zäit matenee verbréngt, diskutéiert an e puer Insider Tipps weidergëtt.

Der Fondatrice leit bei dëser Approche den Echange tëscht de Léit um Häerzen.

Vir d’Christina Boixière ass et wichteg eng Gemeinschaft vu Fraen ze grënnen, déi hir Experienze mateneen austausche kënnen. Hat ass nämlech iwwerzeegt dass, vir eng Kultur richteg kennenzeléieren, een Zäit an engem lokalen Ëmfeld soll verbréngen a sech mat den Awunner austausche soll.

Do wou La Voyageuse sech nach vu Plattformen ewéi Airbnb ënnerscheet ass, dass een net pro Nuecht bezuele muss, mee fir eng Souscriptioun vun 119 € am Joer. Dann kann ee bei alleguerten de Fraen déi sech als Host umellen, gratis opgeholl ginn.

D’Plattforme ass nach an der Ufanksphase an entwéckelt sech ëmmer méi. Den Ament sinn ongeféier 400 Fraen a Frankräich ugemellt déi eng Schlofplaz bei sech Doheem ubidden. De Site wäert deemnächst dann och op anere Sproochen ewéi Englesch oder Chinesesch disponibel sinn an d’Ziel ass et och an anere Länner Frae vir dëse Projet ze faszinéieren an ze iwwerrieden sech unzemellen. D’Plattforme soll de Fraen déi selwecht Chance ginn ewéi de Männer ronderëm d’Welt ze reesen ouni Angscht ze hunn.

 

Maida Halilovic


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply