Grouss Léift

D’Léift op den éischten, vläicht och zweete Bléck, déi mat de Joren ni hiert Feier verléiert, mee au contraire just nach méi staark gëtt. Och am richtege Liewe gëtt et se nach, vläicht deels mat manner Tam-Tam ronderëm, mee dofir ëmsou méi wäertvoll. Bezéiungen, déi bal e Liewe laang halen, sinn Daueraarbecht, och wann dat esou geschriwwe vläicht net immens romantesch kléngt. Et muss een sech druginn, deem aneren entgéintkommen a selwer och emol e Schratt zréckgoen, soss geet et net, dat wëssen och déi dräi Koppelen, déi eis am Interview d’Rezept fir hir Léift verroden hunn.

D’Myriam an de Roland sinn eng vun hinnen. D’Koppel kennt sech scho säit der 5ème, ma dass si iergendwann hiert 30-järegt Jubiläum feiere géifen, hätt deemools virun allem d’Myriam net geduet: “Ech war der deemools 13 a mäi Mann 14, dee Moment hunn ech awer Jonge vun der 3ème oder 2ème gekuckt, a net déi vun der 5ème!” Op der Uni zu Nanzeg hunn déi zwee sech erëmgesinn an no engem Joer gudder Frëndschaft, ass doraus méi ginn. Et war d’Vertrautheet an déi vill points communs, déi aus Kolleege Verléiftener gemaach hunn an déi d’Koppel bis haut glécklech si léisst. Dobäi bezeechnen sech d’Myriam an de Roland net als traditionell Romantiker, mee als Pragmatiker, déi Problemer gemeinsam léisen, amplaz hinnen aus de Féiss ze goen. “Et dierf een d’Bettdecken net nëmmen op eng Säit zéien, mee sech dat Ganzt deelen”, erkläert de Roland.

20 Joer laang war hien am Privatsecteur täteg a vill op der Aarbecht gefuerdert, wat gläichzäiteg bedeit huet, dass seng Fra oft huet missen astiechen. Sortien ënner Mädels, Treffe mat Frënn, all dëst ass dacks dem Roland sengem zäitintensiven Job zum Affer gefall, ma elo ass et ëmgekéiert. “Iergendwann ass de Moment komm, wou ech menger Fra wollt eppes zréckginn, dofir sinn ech vum privaten an den ëffentleche Secteur gewiesselt an elo kann si an hirem Job Gas ginn”, esou de Roland. Ma och privat huet d’Koppel oft missen astiechen, well mat engem onheelbar kranke Kand, war d’Liewen an der Famill net ëmmer einfach. “Dat war jorelaang eng immens Belaaschtung fir eis alleguer. Ech hunn nuechtelaang net geschlof a vill gekrasch, well mir ni wossten, wat den Dag géif bréngen”, erënnert sech d’Myriam.

 

 

U senger Bezéiung gezweiwelt huet d’Independante awer ni, am Géigendeel: “Ech wéisst net wat ech gemaach hätt, wann ech mäi Mann net gehat hätt. Mir hate scho vill schwéier Momenter, mee déi hunn eis nëmmen nach méi zesummegeschweesst.” Et wier een zesumme geräift an un den Challenge vum Liewe gewuess, ma dëst awer net ouni dass et heiansdo och geklaakt hätt. “Dat mécht eis als Koppel aus: mir sinn a ville Saachen extrem verschidden oder komplementar, an hunn alle béid en staarke Charakter. Mee dann heescht et e Konsens fannen, oder eben och mol einfach net d’accord sinn”, esou de Roland. Hie selwer gëtt zou, e bësse besserwësserech ze sinn, wärend d’Myriam och gären emol säi Kapp duerchsetzt. Ma et wier wichteg, Feeler kënnen anzegestoen an sech och dofir ze entschëllegen, well nëmmen esou weist een, dass deen aneren engem méi wichteg ass, wéi ëmmer Recht ze behalen.

Zwar ass d’Koppel net wéi am Billerbuch ganz a wäiss bestuet ginn, ma verschidde “kitscheg” Bräich sinn hinnen dann awer wichteg. “Heiansdo schreiwen ech mengem Mann e klengen Ziedelche mat engem Message drop an ech leeën och haut nach ëmmer vill Wäert drop, mech schéin ze maan fir hien, fir dass en houfreg ass, wa mir zesumme rausginn”, esou d’Myriam. Et misst een et spannend halen, op alle Niveauen, ma och ausdrécken, wann engem eppes gefält, präziséiert de Roland: “Sätz wéi: du bass mir wichteg, ech hunn dech léif, pass op wann s de fiers oder ech si stolz op dech, sinn immens wichteg. An natierlech de Kuss wann een aus dem Haus geet oder sengem Partner owes schéin Dreem ze wënschen, dat soll een och no 30 Joer nach maan.”

Laang Joren hätten hien an d’Myriam hiert Koppelliewen op d’Säit geluet fir kënne fir d’Famill do ze sinn an sech e Liewen opzebauen. Elo wou d’Kanner grouss sinn, hunn si nees méi Zäit, déi si zu zwee kënne genéissen. Mëttlerweil stinn nees reegelméisseg Weekender zu Knokke mat Schampes am Sand um Programm an einfach nees déi Saachen, déi si scho mat 20 gäre gemaach hunn. “Mir loossen eis zwar géigesäiteg eis Fräiheeten, hunn awer och e puer gemeinsam Hobbyen, wéi zum Beispill eis Passioun fir Autoen, speziell Oldtimer, a mir fuere Moto zesummen.” Et wier een awer net ëmmer automatesch e Binôme, well Ënnerstëtzung ee fir deen aneren an dem Partner seng Aarbecht Jo, ma alles mussen zesummen ze maachen – definitiv Nee.

 

 

Ma wat ass dann elo hiert Rezept dofir, dass d’Bezéiung esou laang hält. “Verschidde Valeure mussen einfach do sinn, wéi Respekt, Vertrauen an dass een sech op de Partner verloosse kann. Do kann ee keng Concessioune maachen”, esou de Roland. Eng Bezéiung wier kee Selbstleefer, mee eppes un deem ee konstant schaffe misst an dat et och derwäert wier, dran ze investéieren. “Et sinn déi kleng Saachen am Alldag, dass een net einfach an en train-train rutscht.” Kaffi un d’Bett bréngen, e Bouquet Blumme schenken, säi Partner mol iwwerraschen a virum allem eng gutt Kommunikatioun wiere bei him an dem Myriam d’A und O, fir dass et och no 30 Joer nach ëmmer méi wéi gutt funktionéiert.

Dëst wier zwar och no sou laanger Zäit nach ëmmer keng Garantie dofir, dass eng Bezéiung wierklech bis un d’Enn vum Liewen hält, ma alt emol e gudden Ufank. Virun allem géif een sech no all deene Joren einfach quasi in- an auswenneg kennen an et misst een deem aneren och net permanent Rechenschaft ofleeën, well dorops ass virun allem d’Myriam allergesch: “Eppes, wat ech bei der jonker Generatioun mierken an ongesond fannen, ass déi Kontroll de ganzen Zäit. Op Snapchat kann een zum Beispill gesinn, wou deen anere grad drun ass an dat wier en absolut No-Go fir mech, da wier ech ab durch die Hecke wann ee mech wéilt esou kontrolléieren.” Hatt an de Roland huelen d’Saache méi relax a laache vill zesummen, well gesuergt hunn si sech an hirem Liewe scho genuch an elo wëllen si einfach genéissen, dass si sech fonnt hunn.

E richtegt Rezept fir d’Léift hunn d’Marie-Thérèse an de Ferd net, ma wësse wéi et geet, maan si awer definitiv. No 53 Joer Bestietnis ass d’Koppel en agespillten Team, ënner anerem och, well bei hinnen net just de Stot zesumme gefouert gouf a gëtt. Wéi d’Marie-Thérèse 1968 an d’Famill vum Ferd abestuet gouf – well deemools huet dat nach esou geheescht –, ass déi jonk Madamm och direkt mat an de Schräinerbetrieb erageholl ginn. “Mir hunn déi Zäit vill zesumme geschafft a vu dass ech fir Comptabel geléiert hat, huet dat sech dunn gutt erginn an ech hunn déi ganz Bürosaarbecht vun der Schräinerei gemaach”, erënnert sech d’Marie-Thérèse. Kennegeléiert hat d’Koppel sech zwee Joer virdrun op der Baastenduerfer Kiermes – e Muss an de Jugendkreesser vun deemools. De Ferd war mat senger Clique vu Kolleegen sur place an d’Marie-Thérèse vu gemeinsame Bekannte matgeschleeft ginn.

 

 

“De Gebrauch war deemools, dass ee matenee gedanzt huet an zesummen e Stéck Ham iesse gaangen ass. Bei eis gouf et zwar keng Ham, mee dofir e gudde Jelli”, erënnert sech de Ferd. Ma mat den Elteren am Schlepptau war awer an de 60er nach net vill mat richtegem Flirten, esou dass de wierkleche Klick eréischt e Strapp méi spéit koum. “Iergendwann ass de Funken e bëssen iwwersprongen, dat war um Bal fir Ouschterméinden am Préizerdaul. Do hat ech der 20 an de Ferd war der 23 oder 24, well hien ass dräiandhalleft Joer méi al wéi ech”, verréit d’Marie-Thérèse. Vu dass deemools nach alles méi streng war, duerft een als Koppel awer net vill zesummen ënnerhuelen, wann een net bestuet war – vu gemeinsamen Ausflich guer net ze schwätzen. Ma och wéi de Rank dunn bis um Fanger dru war, war d’getrauten Zweisamkeit nach a weiter Ferne.

“Mir hunn am Ufank bei sengen Eltere gewunnt an hunn da Weekends zesumme Coursen an der Handwierkskammer gemaach, dat war oft Samschdes oder Sonndes a fir eis dann eng gutt Geleeënheet, e bësse rauszekommen”, esou d’Marie-Thérèse mat engem Schmunzelen. Hatt an de Fern hätten direkt gutt beienee gepasst an och villes zesummen ënnerholl, esou ass hie sengem Hobby vun de Modellbaufliigeren nogaangen an seng Fra huet bei Concourse fir de Catering gesuergt. “Et kënnt engem bal vir wéi wann dat schonn dräi Liewen hir wier”, mengt d’Marie-Thérèse. Kee Wonner, well 53 Joer sinn och schonn eng wierklech laang Zäit. Ma d’Koppel huet sech schonn ëmmer gutt verstanen an hat déi selwecht Iddien a virun allem den Opbau vum gemeinsame Betrib huet déi zwee zesummegeschweesst.

“Déi lescht Jore ware wierklech hefteg an ech denken, wann eis Koppel do net funktionéiert hätt, da wier de Betrib scho säit iwwer 10 Joer futti”, esou de Ferd. Déi alljärlech Foiren an Ausstellungen, Geschäftsreesen op Dubai, den Alldag vum Business – all dëst maachen hien an seng Fra och haut nach zesummen, och wa privat jiddereen seng eegen Hobbyen huet. “ Ech si vill am Turnveräin schwamme gaangen an du has däi Service Club, dat war jidderengem senges an och wichteg”, fënnt d’Marie-Thérèse. Haut wiere si bal nach méi frou matenee wéi fréier, och wann deen een oder deen anere mol e wichtegen Dag vergësst: “Den Hochzäitsdag ass heiansdo eriwwer gaangen, dass en e vergiess huet, heiansdo hu mir eppes ënnerholl oder en ass mat Blumme komm. Dat war awer ni e Problem well kee vun eis et tragesch geholl huet. Wann ech emol säi Gebuertsdag vergiess hunn, dann huet hien d’Kéier drop mäi vergiess an da ware mir nees quitt.”

 

 

 

A souguer wann d’Kanner ee mol gestresst hunn oder deen een deem aneren dann awer eng Kéier op de Kéis gaangen ass, da gouf kuerz gemotzt a “Klibber mech!” gesot an d’Gestreits war nees vergiess, well dëst konnt virun allem d’Marie-Thérèse ni – nach haut net. “Mir hunn ze vill zesummen erlieft an opgebaut, dat geheit een net einfach esou ewech.” Si wieren ebe frou mateneen a géife virun allem och een deem aneren seng Naupen toleréieren, well, esou d’Marie-Thérèse: “Et gi vill banal Saachen, déi et net derwäert sinn ze streiden, dofir hu mir eis vill ze vill gär.” 

Änlech geet et dem Christianne an dem Emile. Obwuel béid relativ autoritär a charakterstaark Persoune si mat ville Géigesätz, hält hir Léift elo offiziell scho 46 Joer. Ma schonn dräi Joer virdrun, also 1972 war et virun allem fir d’Christianne “Liebe auf den ersten Blick”, wéi hatt verréit: “Ech sinn eigentlech Belsch an deemools hat meng Frëndin Libeskommer an huet mech mat op Louvain erausgeschleeft. Wéi den Emile dunn do d’Trapen erofkoum, sot ech: Oh, dat do ass en!”

Mat senge blonden Hoer a bloen Ae war de schmocke Lëtzebuerger genee dem Christianne säi Goût, ma ëmgedréit huet déi flott Joffer awer och dem Student gutt gefall, esou den Emile: “Ech hunn him gelaacht, mee wéi et dunn ewechgekuckt huet, duecht et et wier nees eng vun deenen Tussen. Dunn sot ech zu mengem Kolleeg: Ech gi mir lo mol e Kuerf fänken. Mee wéi ech et froe gaange sinn, do ass et direkt matkomm.” Et sollt awer réischt fir d’Schouljoer drop am September sinn, dass den Emile an d’Christianne sech erëmgesinn hunn – des Kéier mat wierklechem Interessi op béide Säiten. Ma déi frësch Koppel hat direkt mat enger Rëtsch Hindernisser ze kämpfen, well Studenten an Zaldote waren zu Louvain net gär gesinn. “Si haten e schlechte Ruff bei eis, well deemools ass gesot ginn, dass si hiert Häerz mathuele wou se ginn”, erkläert d’Christianne.

Dobäi koum, dass säin Emile och nach sechs Méint méi jonk wéi hatt war an si hir Bezéiung sechs Méint geheim hale missten, ier se engem eppes dovun erzielt hunn. Ma d’Léift war onverkennbar an esou huet den Emile schnell Flamännesch geléiert an d’Koppel sech no ’75 bestuet. “Ech hunn déi Zäit an der Klinik geschafft an hie war Student, sou dass mir net vill Suen haten. Mir sollten eigentlech zesumme wunne goen, mee dat war weder vun der Uni, nach vun eisen Elteren erlaabt”, esou d’Christianne. No sechs Méint ass d’Koppel dunn op Lëtzebuerg geplënnert, wou si als éischt emol beim Emile sengen Eltere gehaust hunn. Et gouf vill Chaos an der Bezéiung, notamment well jiddereen säin eegene Kapp a seng eege Virstellungen hat. Ma wann et geklaakt huet, da war ee frou, wéi den Emile mat engem Laache verréit: “Villeroy&Boch, well da sinn d’Tellere geflunn!”

Bei de Sträitgespréicher hätt hien allerdéngs ëmmer de Kierzere gezunn, well – ewéi dat nun emol esou ass – hu Frae bekanntlecherweis ëmmer Recht a wëssen och, dëst duerchzesetzen. Och haut nach hëlt den Emile dat awer mat Humor, well Laache gehéiert zum Liewe vun der Koppel einfach dozou: “Vu dass d’Chris méi al ass wéi ech, ass hatt da sechs Méint de Chef, an dono si mir nees gläich.” Ma dëst war net vun Ufank un esou einfach, well wéi d’Koppel nees zréck op Lëtzebuerg geplënnert ass, war d’Christianne fir d’éischt emol komplett ofhängeg vum Emile. “Ech war jo friem hei an hu mech missen, oder wëllen upassen. Dono wollt ech dat awer net méi, ech si keng typesch Hausmütterche mee wollt ëmmer schaffen a fräi sinn.”

 

 

 

Jidderengem seng Fräiheet ze loossen empfanne béid och als eng vun den Haaptzutaten, wann eng Bezéiung laang soll halen. Wärend den Emile seng Passioun am Taekwondo an am Waasser fonnt huet, ass d’Christianne léiwer an de Line Dance gaangen. Verschiddenes hunn si dann awer och zesumme gemaach, well am Duo ware si nach ëmmer staark. “Eisen eelste Bouf ass autistesch an doduerch hate mir fréier vill Stress. Mee den Emile huet mech ëmmer an allem ënnerstëtzt, wat bei anere Koppele guer net esou selbstverständlech war”, esou d’Chris. Haut genéisst d’Koppel an der Pensioun dofir ëmsou méi hir roueg Stonnen zu zwee an hirer Roulotte an Holland, an erënnert sech un déi romantesch, an och oft witzeg Momenter aus hirer Bezéiung. “Mir sinn zimmlech Géigesätz, mee verschidde Saachen hu mir och zesumme gemeet, zum Beispill Wantersport. Bei der éischter Descente hätt d’Christianne sech awer dräimol bal scheede gelooss, an ech konnt em och net hëllefen, well dann hätt et mech mam Bengel erschlo”, esou den Emile.

Wann hien als jonke Sportler op Turnéiere gaangen ass, dann huet seng Fra hie begleet an ëmgedréit huet den Emile sech em d’Keess gekëmmert, wann da mol en Danz-Event war. “An déi Zäit wou mir jonk waren, da si mir duerch Dikrech spadséiere gaangen, wa jidderee scho geschlof huet. Dat war ëmmer schéin”, erënnert sech d’Christianne. Et dierft een sech an enger Bezéiung einfach ni langweilen, well dëst wier oft den Doud fir eng Partnerschaft. Ma hei huet d’Koppel awer definitiv kee Problem, wéi den Emile glécklech verréit: “Ech hat hatt eng Kéier gefrot, op et sech net géif langweilen an do sot hatt, bei mir wier et wéi op enger Achterbunn. Dat war dat déckste Kompliment.” Fir Action am Stot suergen entretemps och der Famill hir Kazen an och wann den Emile an d’Christianne allenzwee pensionéiert sinn, hunn si ëmmer vill ze dinn.

 

 

E puer Saache waren dann awer vun Ufank u kloer, a ginn och haut nach schéi brav agehalen. “Direkt wéi mir ugefaangen hunn ze freien, do sot hatt zu mir: Soulaang ech bei dir sinn, sinn ech the one and only”, esou den Emile. Ma d’Christianne hat nach e puer méi Konditiounen, ier hatt d’Relatioun mam Lëtzebuerger Student viru bal 50 Joer agaangen ass: “Ech sot him, zwou Saache wëll ech: dass de mir meng Fräiheet net hëls, an dass de mëss dass ech de Respekt ni virun dir verléieren.” Den Emile huet sech dru gehalen an d’Resultat dovu gesäit ee jo. Ma ee Geheimtipp wëll de Pensionär méi jonke Verléiften awer nach mat op de Wee ginn: “Wann eng Fra dech em Rot freet, da maach et nëmmen net, well et ass ëmmer falsch. A wann s de mat hir Schong kafe gees an si huet dräi Puer zur Auswiel, dann huel se allen dräi a bezuel hir se, well se geet soss souwisou hannert dengem Réck zréck se kafen. Do solls de de bon prince sinn, schliisslech huet ee jo nëmmen eng Fra.” An déi (hoffentlech) fir d’Liewen.

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply